Actualités en continu

Soyez constamment à jour !

Zréckstellen
09.05.24_Europadag-1
Konscht & Kultur

Europadag

Haut um 9. Mee fänkt net nëmmen eis Hueschterter Kiermes un, mee mir zéien och den Europafändel erop, fir un d'Wichtegkeet vun engem fräien, oppenen a sécheren Europa ze erënneren - Mir wënschen Iech all e schéinen Europadag. Verëffentlecht den 2024-05-09
29.09.23_Drénkwaasserspender-09
Ëmwelt

D'Waasserspender sinn nees op

Gutt Noriichten! Eis Drénkwaasserspender sinn nees op. Op dräi verschidde Plazen an eiser Gemeng kënnt Dir hei frëscht Waasser direkt vum Krunn drénken oder fir an Äre Bidon zapen. Der Ëmwelt zu Léift, biede mir Iech net verschwenderesch mat dëser wäertvoller Ressource ëmzegoen. Scout's Home um SennengerbiergJugendhaus zu SennengParc de l'Europe zu Ueweraanwen Verëffentlecht den 2024-05-08