Konscht & Kultur

Coursen an der Italienescher Sprooch a Kultur

Verëffentlecht den 16 September 2025
CoursItalien2526

Mam Start vum Schouljoer 2025/26 ginn de Samschden, 27. September, nees d'Italieneschcourse fir Kanner un. D'Umellen ass vun elo u méiglech: Corsi di lingua – Modulo di iscrizione – Com.it.es di Lussemburgo – al servizio degli italiani

Déi vum Comites organiséiert Coursen an italienescher Sprooch a Kultur riichte sech nom Prinzip vun der Inklusioun un all d'Kanner vum Précoce, dem Primaire an dem Ufank vum Secondaire, vun 3 bis 14 Joer, a vun all Nationalitéit, onofhängech dovun, ob si schonn Italieneschkenntnësser hunn oder net.

D'Ufängercourse sinn ideal fir Kanner, déi d'Basis vun der italienescher Sprooch léieren a gläichzäiteg de Räichtum vun der italienescher Kultur an den Traditiounen entdecke wëllen.

Bei enger grousser Unzuel un Umeldunge hunn d'Kanner mat Wunnsëtz an der Gemeng Nidderaanwen Prioritéit.

Weider Informatiounen iwwert de Programm, d'Horairë vun de Coursen an d'Präiser fannt Dir um Site www.comites.lu.

Dokumenter fir Erofzelueden