Museksschoul
De KI-Assistent vun der Gemeng

Stellt Är Fro op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch oder Englesch

UGDA_PorteOuverte_Niederanven-header

Léif Elteren, léif Schülerinnen a Schüler,

D'Museksschoul Nidderaanwen begréisst Kanner, Jugendlecher an Erwuessener an enger frëndlecher a familiärer Atmosphär. Beim Sangen oder beim Léiere vun engem Instrument kann jidderee seng musikalesch Talenter entdecken, sech weiderentwéckelen an d'Freed un der Musek erliewen. Musek ass eng universell Sprooch, déi eis zesummebréngt.

« La musique peut changer le monde car elle peut changer les gens. » (Bono Vox)

Responsable local
pour la Commune de Niederanven
Location et entretien
des instruments de musique
Secrétariat UGDA
Michelle BINGEN
T.: 34 11 34 - 40
E.: [email protected]
Roberta DARIO
T.: 34 11 34 - 35
E.: [email protected]
Caroline KIPP
T.: 22 05 58 28
E.: [email protected]

 

Fir den Ufank vun der musikalescher Ausbildung ze vereinfachen, bitt d'Museksschoul Nidderaanwen hire Schülerinnen a Schüler d'Méiglechkeet, verschidden Instrumenter auszeléinen. D'Locatioun kascht 100 Euro am Joer.

Déi follgend Instrumenter kënnen ausgeléint ginn:

  • Saxophon
  • Kleng Blechblosinstrumenter (z. B. Trompett, Kornett)
  • Grouss Blechblosinstrumenter
  • Posaun
  • Horn
  • Querflütt
  • Klarinett

Fir weider Informatiounen iwwert d’Locatioun vun den Instrumenter steet d'Madamm Roberta Dario Iech gär zur Verfügung.

Säit 2015 iwwerhëlt d'Gemeng Nidderaanwen de Rôle vun der commune coordinatrice vun der regionaler Struktur ,,Museksschoul Syrdall'' fir de konventionellen, mee och den administrative Volet an dëst an Zesummenaarbecht mat der Museksschoul UGDA. An dëser regionaler Struktur si mat der Gemeng Nidderaanwen, d'Gemenge Bous-Waldbriedemes, Conter, Fréiseng, Réimech, Sandweiler, Schëtter a Stadbriedemes zesummegeschloss.