Kulturhaus Niederanven
Foto-KHN-header

Theater, Konscht, Musek, Danz, Literatur, Film, ...

Logo-KHN

Kultur bitt eng Welt voller Iwwerraschungen an nei Iddien, fërdert d'Kreativitéit an d'Fantasie, erwäscht ongeaant schëpferesch Talenter an eis, léist eis Neies entdecken, respektiv Ales zréckentdecken. Konscht a Kultur iwwerschneide Grenzen a lueden an zur Reflexioun, zum Gedankenaustausch an zu engem Matenee vun de Kulturen.
Kultur fërdert awer och tëschemënschlech Relatiounen, andeem si Mënsche vun ënnerschiddlechen Interessen, Nationalitéiten, Alter asw. zesummebréngt a si op en Dialog invitéiert.
Dëser Erausfuerderung stellt sech d'Kulturhaus Niederanven gär, mam Zil, e (multi-)kulturellen Uert vun der Renconter ze ginn.

D'Kulturhaus Niederanven riicht sech mat engem qualitative faarwege Programm an an Zesummenaarbecht mat professionelle Kënschler a Kulturschafenden, mat den ëffentlechen Institutiounen am Land, mat de Schoulen, de Maison-relaisen, de Jugendhaiser an anere sozialen an associativen Organisatiounen u Musek- a Konschtamateuren, un Theater- a Literaturfrënn, un Danz- a Filmbegeeschterter, kuerz u jiddereen, dee sech begeeschteren a verzaubere loosse wëll.

Am Kulturhaus Niederanven soll awer net nëmme Konscht a Kultur gewise ginn, mee hei kënnen Interesséierter vun allen Alterstranchë sech aktiv bedeelegen, u Workshops a Projeten hir eege kënschtleresch Kreativitéit entdecken a weiderentwéckelen.
D'Distanz tëschent Kënschtler an Net-Kënschtler soll Plaz maache fir e bilateralen a fruchtbaren Dialog an Austausch, fir esou aus dem Kulturhaus Niederanven en oppend Haus vun der Kultur an der Freed ze schafen.

 

D'Kulturhaus Niederanven läit agebett an engem 75 Ar grousse Park a besteet aus zwee matenee verbonne Gebaier, dem eemolege Privathaus vun der Famill Thorn an dem Neibau. Dëst Privathaus ass ëm 1850 vum deemolege Gemengesekretär Mathias Schmit gebaut ginn. An den nächsten 100 Joer wiesselt et heefeg säi Besëtzer, aus aus- an ëmgebaut ginn an ëm e puer Ar vergréissert ginn.

Den 29. Juli 1957 ass d'Haus un de Georges Thorn a seng Fra Adrienne Prud'homme verkaf ginn.
1998 hunn d'Nokomme vun der Famill Thorn der Gemeng Nidderaanwen hiert Haus fir de Verkaf ugebueden an dëst mam Wonsch, dass et fir ëffentlech Zwecker genotzt soll ginn.
Den 8. Mee 1998 beschléisst de Gemengerot dëst Haus dem Zweck vun der Konscht a Kultur ze verschreiwen.
Vun 1999 bis 2002 ass d'Haus dem Familljeministère fir Flüchtlingsfamillen aus dem Kosovo als Wunnméiglechkeet gestallt ginn.
Am Joer 2001 ass de Projet ausgeschriwwe ginn an den Architektebüro Nico Steinmetz an Arnaud de Meyer gewannen den éischte Präiss.
De 14. Oktober 2004 huet de Bau ugefangen an den 29. Juni 2007 konnt d'Kulturhaus Niederanven der Ëffentlechkeet offiziell virgestallt ginn.

Adress:
145, route de Trèves
L-6940 Niederanven
T. (+352) 26 34 73 1
F. (+352) 36 34 73 23
info@khn.lu
www.khn.lu