Am Abrëll 2026 huet d’Gemeng Nidderaanwen am Kader vun hirer Campagne „Zesumme produzéieren“ eng grouss Aktioun lancéiert. Mat Hëllef vun Informatiounskaarten goufen all déi Stéit an der Gemeng schrëftlech kontaktéiert, deenen hiert Haus fir d’Installatioun vun enger Photovoltaikanlag a Fro kënnt.
Am Ganze goufen esou ronn 1 450 Stéit iwwer eng méiglech Installatioun informéiert, där hir Leeschtung individuell un d’Dachfläch vum jeweilege Wunnhaus ugepasst ass.
Zousätzlech goufen d’Stéit op eng Informatiounsversammlung agelueden, bei där de Projet an d’Virfinanzéierung am Detail erkläert ginn. Entreprisë stinn direkt op der Plaz fir eng perséinlech Berodung zur Verfügung.
Huelt och Dir un dëser Informatiounsversammlung den 5. Mee 2026 ëm 19 Auer am Centre polyvalent „A Schommesch“ deel an informéiert Iech elo.
Zesumme produzéieren - ech maache mat!
Hei drënner fannt Dir d’Informatiounskaarten an de véier Sproochen, déi virdru schonn op Franséisch an Englesch un d’Stéit verschéckt goufen.
Dir sidd prett a wëllt Äre Projet fir d’Installatioun vun enger Photovoltaikanlag starten? Den éischte Schratt ass d’Ufroe vun enger Baugeneemegung bei der Gemeng. Hei drënner fannt Dir de Formulaire fir dëst ze maachen.
De Solarisator ass e prakteschen Tool, mat deem Dir Är Energiesituatioun simuléiere kënnt, fir déi ideal Gréisst vun Ärer Photovolatikanlag an Ärer Solarbatterie ze bestëmmen. Mat dëser Simulatioun kënnt Dir:
- déi potentiell Aspuerung bei Äre Stroumkäschte berechnen;
- Äre Grad un Eegeversuergung bewäerten.
Doriwwer eraus berücksichtegt de Solarisator besonnesch Energiebesoinen, wéi z.B. eng Luedstatioun fir en E-Auto oder eng Wäermepompel.
Test de Solarisator elo op der Internetsäit vun der Klima-Agence: https://www.klima-agence.lu/de...
1) Prefinanzement vun de Photovoltaikanlagen
Duerch d’Prefinanzement vun de Subventioune bei PV-Anlage gëtt de „Klimabonus“ vum Installateur direkt vun der Schlussrechnung ofgezunn. Dofir musst Dir en Installateur auswielen, deen am Regester vun den Installateuren agedroen ass, déi fir d'Prozedur vum Prefinanzement zougelooss sinn.
D’Subventiounsufro am Kader vum Prefinanzement gëtt vum Installateur am Numm vum Beneficiaire agereecht (an net vum Beneficiaire selwer)
- Demande fir e Prefinanzement vun enger Photovoltaikanlag
- Register vun den Installateuren, déi fir d'Prozedur vun engem Prefinanzement bei PV-Anlagen zougelooss sinn
2) Gemengesubsiden
Fir technesch Installatiounen, déi d'Notzung vun erneierbaren Energiequelle valoriséieren, entsprécht déi finanziell Gemengenhëllef fir Photovoltaikanlagen (<30 kWp) 50 % vun der finanzieller Hëllef (inklusive Bonus), déi vum Staat accordéiert gëtt.
- Adaptation du règlement concernant l'octroi d'une subvention communale pour installations d'utilisation rationelle de l'énergie et de mise en valeur des énergies renouvelables
- Ufro fir e Gemengesubsid fir d'Installatioun vun enger rationaler Notzung vun der Energie an fir d’Valoriséierung vun erneierbaren Energiequellen
- Alles iwwert de Prefinanzement op der Internetsäit vun der Klima-Agence: https://www.klima-agence.lu/fr...
- Praktesch Fiche vun der Klima-Agence mat Informatiounen iwwert d’Installatioun vu PV-Anlagen: https://www.klima-agence.lu/si...
- Guide vun der Klima-Agence fir d’Virfinanzéierung vun enger PV-Anlag: https://www.klima-agence.lu/si...
Copyright Foto: Klima-Agence
Solarkataster
Sidd dir un der Installatioun vun enger privater Solaranlag bei iech doheem um Daach interesséiert, wësst awer net op d'Ausriichtung vun ärem Daach dofir gëeegent ass? Da sicht ënnert um www.geoportail.lu no Ärem Haus.
Unhand vun dëser Legend kennt Dir novollzéien, ob Äert Haus gutt oder net gutt gëeegent ass.
Fir weiter Informatiounen, liest Iech eise Guide iwwert de Solarkadaster vum Geoportail duerch.