Recette
De KI-Assistent vun der Gemeng

Stellt Är Fro op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch oder Englesch

Foto-Reglements-Header

De Service Recette huet als Haaptaufgab de Suivi an d'Gestioun vun de Gemengekonten . Sie këmmeren sech em d'Akasséiere vu Clientsrechnungen an d'Bezuele vun alle kommunalen Ausgaben. D’Missioun vum Service souwéi d’Aufgaben an d’Responsabilitéite vun der Gemengereceveuse/ dem Gemengereceveur sinn am Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988 definéiert. 

Gemengerechnunge kënne follgendermoossen zougestallt ginn: 
– per Bréif (Pabeierrechnung)
– per E-Mail / elektronesch Rechnung
– iwwer MyGuichet.lu

Am Sënn vun eisem Engagement fir d’Ëmwelt an d’Moderniséierung vun eise Servicer encouragéiere mir Iech, wa méiglech, op Pabeierrechnungen ze verzichten an op elektronesch Rechnungen zréckzegräifen.
D’Renonciatioun vu Pabeierrechnunge kann iwwer eisen Online-Formulaire gemaach ginn.

Säit Ufank Februar 2026 kënnt Dir Är Gemengerechnungen iwwer MyGuichet.lu zougestallt kréien. Wann Dir dës Optioun aktivéiert, gëtt all aner Zoustellungsart, déi Dir virdrun hat, opgehuewen. Dir kënnt Är Zoustëmmung awer zu all Moment zréckzéien, wann Dir Är Rechnungen nees op dem urspréngleche Wee wëllt kréien.
Méi Informatiounen zu der Demarche fannt Dir op MyGuichet.lu.

Gemengerechnungen kënnen op verschidde Manéiere bezuelt ginn:
– per Iwwerweisung oder Virement;
– iwwer Payconiq, andeems Dir de QR-Code scannt. Dank der Payconiq-App musst Dir weder Referenzen, nach Montant oder Beneficiaire aginn – einfach de QR-Code scannen an d’Bezuelung ass ofgeschloss;
– iwwer eng SEPA-Domiciliatioun. Duerch e ,,Mandat de domiciliation SEPA’’ gëtt Äre Bankkonto automatesch fir de Montant vun de Rechnungen debitéiert.

 

Am Kader vum geännerte Gesetz vum 16.05.2019 iwwert d’elektronescht Ausstellen an Iwwermëttele vun ëffentlechen Opträg an Konzessiounsverträg, si Rechnungen an elektronescher Form iwwert Peppol oder via Myguichet.lu ze schécken.

TVA Identifikatiounsnummer: LU10357669
PEPPOL ID: 9938:lu10357669

Bei allgemenge Froen zu Rechnunge went Iech w.e.g. un den zoustännege Service ënnert [email protected] oder per Telefon um 34 11 34-1.
Wann Dir Froen hutt bezüglech de Paiementer vu Rechnungen, da went Iech w.e.g. u [email protected] oder per Telefon um 34 11 34 – 90 oder 96.

D'Grondsteier gëtt vun der Steierverwaltung (Administration des Contributions Directes) definéiert an un d’Gemenge weidergeleet fir d’Rechnungen ze konfiguréieren. Bei Changementer, went Iech w.e.g. direkt un d’Steierverwaltung fir dës duerchzeginn.
De Proprietäre op den 1 Januar vum Joer kritt dat ganzt Joer verrechent.

Déi fir d’Steierjoer 2026 geltend Multiplicateure vun der Grondsteier goufe wéi follegt festgeluecht:

Impôt foncier A (établissements agricoles)
300 %
Impôt foncier B/1 (établissements commerciaux et industriels)
1.000 %
Impôt foncier B/2 (usages mixtes)300 %
Impôt foncier B/3 (autres usages) 300 %
Impôt foncier B/4 (maisons unifamiliales et maisons de rapport) 200 %
Impôt foncier B/5 (immeubles non bâtis autres que B6) 300 %
Impôt foncier B/6 (terrains à bâtir à des fins d'habitation) 1.500 %

 

D’Taxe fir Waasser, Kanal a Poubellë ginn 3-mol d'Joer verrechent.
Profitéiert dovu fir är Rechnunge mat Payconiq ze bezuelen. Dir braucht weder de Montant nach de Beneficiaire anzeginn: scannt ganz einfach de QR-Code fir är Rechnung ze bezuelen!

Dir plënnert geschwënn? Vergiesst net, d'Gemeng ze kontaktéieren, fir den Decompte vun Ärer Waasser- an Offallrechnung ze maachen, esou wéi Ären Hond an/oder Är Poubellen ofzemellen. Dofir kennt Dir och de follgende Formulaire ausfëllen:
Fiche de renseignement - Déménagement (FR)
Informationsblatt - Umzug
(DE)

De Service fir Nohalteg Entwécklung ass zoustänneg fir all Changementer oder Bestellunge betreffend de Poubellen.

Bankkonte vun der Gemeng

Bank Kont BIC
BGL BNP Paribas
IBAN LU25 0030 1586 5291 0000 BGLLLULL
Banque et Caisse de l'Epargne de l'Etat IBAN LU07 0019 1001 1996 4000 BCEELULL
Banque Internationale à Luxembourg IBAN LU78 0021 1351 4440 0000 BILLLULL
Banque Raiffeisen IBAN LU61 0090 0000 0229 7513 CCRALULL
CCP - Compte Chèque Postal IBAN LU21 1111 0069 6275 0000 CCPLLULL

SCHLEIMER-Ted

Ted Schleimer

Receveur & Préposé vum Service

MANGEN-Marie-Paule

Marie-Paule May-Mangen

Gestioun vu Fournisseurs-Rechnungen, Repas sur roues, Hondssteier & Téléalarm

VOLZ-Sarah

Sarah Volz

Rechnungen u Clienten (Waasser an Offäll & Grondsteier)

WINTERSTEIN-Axelle (1)

Axelle Winterstein

Apprentie