Biergerbedeelegung
Foto-ParticipationCitoyenne-header

Eis Gemeng zesumme virubréngen!

Eis Gemeng Nidderaanwen zesumme virubréngen ass eise Leitmotiv fir déi nächst 6 Joer. Mir sinn der Meenung datt nach ganz vill Potential an eiser Gemeng stécht, wa jidderee sech e bësse mat senge Kompetenzen abréngt.

Wëllt Dir matmaachen? Wärend der gesamter Legislaturperiod kënnt Dir Iech zu all Zäit fir an eis Teams a Gremie mellen. Fëllt heifir einfach eise Formulaire iwwer d'Biergerbedeelegung aus!

Biergerbedeelegung Broschür

Léiert méi iwwert d'Missiounen an Aktivitéite vun de BiergerTeams a Gremien

BiergerTeams

D'SportTeam soll, op där enger Säit, seng Iddien a Proposë bei der Organisatioun vu Sportsevenementer abréngen a gläichzäiteg seng Servicer als Benevollen ubidden. Op där anerer Säit ass d'SportTeam do fir d'Integratioun an d'Inklusioun a fërdert déi kierperlech Aktivitéit vun all de Mënschen, ob mat oder ouni Lizenz.

D'Douzelage-Team huet sech als Zil gesat, d'Aktivitéite vum Douzelage, dem Jumelage-Reseau tëschent 28 Stied, déi jeeweils an engem anere Land an der EU leien, an eiser Gemeng ze fërderen.

Coordinateur: Uli Fielitz
Sekretärin: Laura Gaul (Service RH & Communication)
Responsabel Schäffin vum Ressort: Josselijn de Vries

D'KlimaTeam huet als Zil, d'Energietransitioun ze fërderen an duerch Sensibilisatiounsaarbecht eist Klima an d'Ëmwelt ze protegéieren an dëst am Respekt vum Moossnamekatalog vum KlimaPakt 2.0.


Sekretär: Kevin Becker (Techneschen Déngscht)
Responsabel Schäffin vum Ressort: Josselijn de Vries

D'NaturTeam huet sech d'Zil gesat, Projeten am Beräich Naturschutz a Biodiversitéit auszeschaffen an ëmzesetzen.

Sekretärin: Christiane Bour (Sekretariat)
Responsabel Schäffin vum Ressort: Josselijn de Vries

Gremien

Zil vun Niedz4Kidz ass et net nëmmen d'Liewen an der Gemeng Nidderaanwen aus den Ae vun de Kanner ze gesinn, mee virum Allem si dës aktiv matgestalten ze loossen.

Sekretär(in): Manuela Klensch-Melchior (RH & Kommunikatioun)
Responsabel vum Ressort: Fréd Ternes

Zil vun dëser Plattform ass e reegelméissegen Austausch tëschent der Schoul, der Maison Relais, den Elteren an der Gemeng.

Sekretär(in): Michèle Lentz (Sekretariat Schoul ,,Am Sand'')
Responsabel vum Ressort: Fréd Ternes

Zil vun dëser Plattform ass e reegelméissegen Austausch tëschent dem Bedreiwer vum Jugendhaus, interesséierte Bierger an der Gemeng.

Sekretär(in): Vertrieder(in) vun Elisabeth Jeunesse
Responsabel vum Ressort: Fréd Ternes

D’Ziel vun Nied2Move ass et, Veräiner an aner Partner an hirer Aarbecht ze ënnerstëtzen an hinnen d’Méiglechkeet ze ginn, sech weider ze entwéckelen, eng aktiv Gesellschaft ze fërderen an de Sport als Mëttel zur Integratioun an Aglidderung ze notzen, ouni dobäi awer eng Konkurrenz fir d’Sportveräiner oder aner Partner ze sinn. Nied2Move setzt sech zesummen aus Vertrieder vun de Veräiner, der Maison Relais, der Schoul, dem Jugendhaus, der Syrdall Schwemm an dem Sportkoordinator.

Sekretär: Christophe Junker (Sekretariat)
Responsabele Schäffe vum Ressort: Jacques Bauer

Zil vun Nieds4Seniors ass et, de Senioren d'Méiglechkeet ze ginn, aktiv e gemeinsaamt Gemengeliewe kënne matzegestalten an esou hire Besoine gerecht ze ginn.

Sekretär(in): Roberta Dario (Sekretariat)
Responsabel vum Ressort: Fréd Ternes