Nopeschfest
foto-nopeschfest-header

Nopeschfest

Nopeschfest 2026

Organiséiert äert Nopeschfest tëscht dem 22. Mee an dem 13. September 2026 a profitéiert vun enger Béiergarnitur a gratis Invitatiounskäertecher! D’Nopeschfest ass déi Geleeënheet fir är Nopere besser kennenzeléieren, ee Gedrénks an eppes ze Iessen ze deelen an eng geselleg Zäit ze verbréngen.

Vergiesst och net am Virfeld eng offiziell Demande ze maachen, wann Dir Äert Nopeschfest op enger ëffentlecher Plaz, wéi zB. enger Spillplaz wëllt organiséieren (michelle.bingen@niederanven.lu). Hei gëllt d’Prinzip “first come, first served”.

Fir méi Infoen iwwert d’Konditiounen an d’Reservatioun, kontaktéiert eis per Mail oder Telefon.

2026025622_Nopeschfest 2026_ann_A5_BAT_PRINT

Firwat e Nopeschfest?
Seng Noperen ze invitéieren verbessert de sozialen Zesummenhalt, d’Gesellegkeet an d’Solidaritéit am Quartier oder am Duerf. Dat ass de Sënn an Zweck vum Europäesche Fest vun den Noperen. Maacht den éischte Schratt a stellt Iech bei den Nopere vir, déi Dir nach net kennt.

Wien organiséiert d’Nopeschfest?
Dir, andeems Dir Är Noperen invitéiert.

Wou soll d’Nopeschfest stattfannen?
Am Haff oder an der Entrée, am Gaart oder an engem Appartement, op enger ëffentlecher Plaz, an engem Park, …

Wéi soll d’Nopeschfest organiséiert ginn?
Huelt Iech bei der Gemeng Är Invitatiounskaarten of. Lued d’Affichen an d'Flyeren erof op nopeschfest.lu. Hänkt Plakater op a verdeelt d‘Invitatiounen mam Datum, der Auerzäit an der Plaz un Är Noperen. Eenegt Iech op eng Form fir d’Fest: en einfachen Aperitif, en Zallotebuffet, e Grillfest, .... Jidderee kann hëllefen an eppes fir ze iessen oder ze drénke matbréngen.

Concours – Nopeschfest 2026

Am Kader vum Nopeschfest 2026 invitéiert d'Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewen d'Awunner vun der Gemeng, un engem Concours deelzehuelen, andeem s Dir eng Gruppefoto vun Ärem Nopeschfest eraschéckt a ee flotte Präis gewanne kënnt.

Wéi kann een matmaachen? Schéckt eng Gruppenfoto souwéi eng kuerz Beschreiwung vun den Aktivitéiten op Ärem Fest bis spéitstens den 13. September 2026 un zesummeliewen@niederanven.lu.

BINGEN-Michelle (1)
Michelle Bingen Coordinatrice culturelle & du vivre ensemble

T. 34 11 34 - 40

E. michelle.bingen@niederanven.lu