All Mëttwoch presentéiere mir Iech op eisem Internetsite, mee och op eiser Facebook Säit, e Bäitrag iwwert e Klima- an/oder Ëmweltthema.
Mir wënsche vill Freed beim Liesen an Entdecken!
2025
Dir hutt Iech als Virsaz fir d'neit Joer geholl, méi wanderen ze goen? Da passt op, wann Dir Iech elo an der Wanterzäit e komunale Wanderwee zu Nidderaanwen eraussicht. Zesumme mat der Ekipp vum Fierschter ginn nämlech aktuell déi al Weeër ofgebaut. Dës Weeër ginn duerch ee komplett Netz u Wanderweeër ersat, déi op déi schéinste Plaze vun eiser Gemeng féieren an dës och matenee verbannen. Dat ganzt Netz ass zesumme mam Office Régional du Tourisme Guttland, dem Syndicat d’initiative de la commune de Niederanven, dem Fierschter an dem Gemengepersonal vun Nidderaanwen ausgeschafft ginn.
Viru Kuerzem hat Dir en an Ärer Boîte, ma elo ass de Ressourcëkalenner och online disponibel. An engem fonkelneien Design fannt Dir fir dat ganzt Joer 2025 op ee Coup déi eenzel Offallasammlunge mat zousäzlechen Infos ronderëm déi verschidde Poubellen, sou wéi d'Offallzenteren!
2024
Kennt Dir de Präis vum Freedefeier? D'Lëscht ass ganz laang an dowéinst wëlle mir op dëser Plaz nach eng Kéier drun erënneren, dass et um Territoire vun der Gemeng verbueden ass Freedefeier, Knupperten a Wicken lassgoen ze loossen.
Kuckt Iech d'Infografik vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg un!
Nohalteg Feierdeeg? Mat eisen Tipps guer net emol esou schwéier:
- selwergemaachte Kichelcher loosse sech och gutt an engem Glas verschenken
- wéisou net Är Kaddoen an Zeitungspabeier apacken?
- de Virdeel vu selwergemaachter Deko: Dir kënnt Äre perséinlechen Touch erabréngen an d'nächst Joer ass se och nach gutt
- wann Dir frou mat natierlecher Deko sidd, probéiert dach emol gedréchent Blummen
- wéisou net Är Chrëschtwënsch dëst Joer per E-mail verschecken?
Kuckt Iech eise Video op Youtube un!
De 4. Dezember huet de Kleeschen Tiitercher un d'Kanner aus der Gemeng verdeelt. Der Gemeng an dem Kleeschen war et wichteg, dass d’Produiten an der Tiitche vum fairen Handel kommen!
Réckbléck op eng Woch gefëllt mat ville verschiddenen Naturaktionen:
- Mëttwoch 27.11.: Planzaktioun am Bësch mat J.P. Morgan, zesumme mat eisem lokale Fierschter
- Donneschden 28.11.: Verdeelung vu Bieresträicher un d'Awunner
- Freiden 29.11.: Pflanze vun Hecken a Sträicher zesumme mat de Schüler an der Maarkollef asbl bei der Musekschoul
- Samschden 30.11.: Installatioun vun Nistkästen ronderëm de Chalet vun de Scouten um Sennengerbierg mat Membere vum NaturTeam
24 Kanner aus der Gemeng, déi 2023 op d’Welt komm sinn, kruten den 23. November 2024 12 Beem gesat. Et woeren dat Quetschen-, Mirabellen- Prommebeem. Bei dëse Beem handelt et sech ëm al, regional Zorten, déi beschtens un déi lokal Gegebenheeten ugepasst sinn. Geplanzt ass ginn op engem potentiell ganz wäertvollen Terrain, no beim Naturschutzgebitt ,,Aarnescht''.
No der Planzaktioun konnte sech Grouss a Kleng mat Gegrilltem, Kuch an Taart stäerken. De Fierschter a seng Ekipp woere fir de Catering zoustänneg an hunn all Kand als Erënnerung un dësen Dag e Schneidbriedchen aus einheimeschen Holz mat dem agravéierten Numm vum Kand geschenkt.
Dës Aktioun gouf zesumme vum Naturteam vun der Gemeng, dem SIAS an der ANF organiséiert.
Méi Fotoe fannt Dir an eiser Mediathéik!
100 Beem am Joer an der Gemeng planzen, dat ass d'Zil, dat sech de Schäfferot gesat huet. Fir 2024 hu mir dëst Zil erreecht, an deene leschte Wochen huet eise Gäertnerdéngscht nämlech weider fläisseg Beem duerch déi ganz Gemeng geplanzt. Dëst Zil soll natierlech och an deenen nächste Jore realiséiert ginn. Wann Dir also Plazen an der Gemeng kennt, wou nach Beem bäikomme kéinten, da loosst eis et wëssen!
De Projet ,,Boost Lokal - Lëtzebuerg'' huet als Zil de lokale Commerce ze promovéieren. Zesumme mam CELL gëtt aktuell un engem neie Grupp an der Regioun Zentrum-Oste geschafft. Wëllt Dir gären Är Iddie mat an dëse Grupp afléisse loossen, da kommt den 21. November op de Startevent am Ôpen zu Jonglënster.
Mam Hierscht ginn d'Deeg nees méi naass. Ma dëst sinn awer och déi beschten Deeg, fir d'Reewaasser opzefänken a clever ze notzen. An der Infografik vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg kritt Dir déi verschidde Léisungen erkläert, fir d'Reewaasser bei Iech doheem ze sammelen an och nees weiderzeverwäerten. Kuckt Iech hei drënner eise PDF mat der Infografik an deene verschiddene Sproochen un.
Haut wëlle mir op d'Verschmotzung duerch Zigarettestëmp opmierksam maachen. Hätt Dir geduercht, dass zu Lëtzebuerg méi wéi 100 Millioune Stëmp um Buedem leien? Maacht de richtege Geste, gehäit Äre Stomp an den Äschebecher!
Quell: Facebook Campagne vun der Administration de la gestion de l'eau vum 11. Oktober 2024
Virun hirem Waassertour huet eist NaturTeam eng anonym Ëmfro lancéiert, fir den Drénkwaasserverbrauch vun den Awunner*Innen aus der Gemeng besser kënnen ze ermëttelen. Kuckt Iech hei d'Resultater un!
Dir wëllt Äert Haus dämmen, Är al Chaudière lassginn oder Ären eegene Stroum produzéieren? Plangt Dir, en Elektroauto ze kafen oder eng Luedstatioun doheem ze installéieren?
- Rendez-vous op aides.klima-agence.lu fir de Montant vun de Bäihëllefen ze simuléieren, vun deenen Dir profitéiere kënnt
- Dir kritt hei eng komplett Iwwersiicht iwwert d'Subventiounen: vum Staat, vun der Gemeng a vun den Energiefournisseuren
- De Simulator liwwert Iech zolidd Informatiounen, fir déi éischt Discussioune mat ärem Handwierker unzefänken
Onofhängeg a gratis Berodung: klima-agence.lu • 8002 11 90
D'NaturTeam, an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Nidderaanwen, invitéiert op en interessanten Tour ronderëm d'Waasser.
Wéini?
De Samschdeg, 12. Oktober 2024 vun 9:00 bis 14:00 Auer beim Centre de Loisirs ,,Am Sand'' vu wou aus de Bus geholl gëtt.
Um Programm:
- Besichtegung vun de Quelle ,,Waasserwee” op Hueschtert: mat Erklärunge vum Herr Laurent Kettmann, Préposé vum Waasserdéngscht vun der Gemeng Nidderaanven, iwwert d'Drénkwaasser. Wou kënnt d'Waasser hir? Wéi kënnt et an de Krunn? Hei kritt Dir op der Plaz vun der Mme Fabienne Boes, Waasserbeoptragte vum SIAS, eng Degustatioun vu verschiddene Waasserzorten an eng fachmännesch Erklärung heizou
- Visitt vum Waassertuerm um Sennengbierg
- Visitt vun der Kläranlag zu Iwwersiren, wärend där d’Mme Danièle Mousel, Ingénieur-Directeur vum SIDEST, doriwwer schwätzt, wéi eist Waasser erëm propper gemaach gëtt
- Rendez-vous virun der Gemeng, wou Dir mam Herr Stephan Müllenborn, Responsabele vun der „Flusspartnerschaft Syr“, d’Propretéit vun der Bouneschbaach test, dëst mat Hëllef vun der App „WaterLinx“
- géint 13:00 Auer: Anti-Gaspi Mëttegiessen am Centre de Loisirs ,,Loisi'' a gläichzäiteg signéiert d'Autorin Martine Konijnenberg hiert Kanner-Buch ,,Waasser kënnt dach aus dem Krunn, oder net?''
- Avis aux amateurs: nom Mëttegiesse kënnt Dir nach déi interessant Ausstellung ,,Eau circulaire'' vun der Administration de la gestion de l'eau am Centre de Loisirs ,,Am Sand'' besichen (op vum 12.10. bis den 21.10.2024)
Aschreiwung bis den Donneschden, 10. Oktober 2024 um 12:00 Auer, via christiane.bour@niederanven.lu!
D‘KlimaTeam Nidderaanwen sicht motivéiert Persounen, déi an der Gemeng wunnen, schaffen oder an engem Veräin engagéiert sinn. D'Team ass aktuell ee klenge produktive Grupp a sicht nach no Verstäerkung fir zukünfteg Aktiounen ëmsetzen ze kënnen. Wann Dir interesséiert sidd, un der nohalteger Entwécklung vun der Gemeng matzewierken, da mellt Iech bei eis:
- per E-mail via kevin.becker@niederanven.lu
- andeem s Dir eise Formulaire iwwert d'Biergerbedeelegung ausfëllt
Mobilitéitswoch an der Gemeng Nidderaanwen - Mir kucken zréck op e flotte Programm: Mëtscheverdeelung fir d'Pedibuskanner a fir d'Leit, déi de Bus huelen, de Mobilitéitsdag leschte Samschden, an eis Infocampagne op de soziale Medien iwwert d'Mobilitéitsoffer an der Gemeng!
Als eng vun 18 Gemenge sinn mir am Klimapakt mat der Goldzertifikatioun ausgezeechent ginn. Fannt hei e flotte Video mat Erklärungen zu verschiddenen Aktiounen, déi mir um Wee fir Gold ausgeschafft hunn.
Zesumme mat der Ëmweltkommissioun organiséiere mir och dëst Joer nees e puer flott Aktiounen am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch. Dorënner ee Biergerworkshop iwwert en zirkuläre Gemengebus, an natierlech eisen traditionelle Mobilitéitsdag.
Fir méi Informatiounen, kuckt Iech eise Flyer iwwert d'Europäesch Mobilitéitswoch un!
Hutt Dir schonn e gielt Band un engem Bam gesinn? Bei den Uebstbeem, déi mat esou engem Band gekennzeechent sinn, dierft Dir d'Äppel, Quidden, Kiischten, Mirabellen, Bieren, Quetschen oder och Drauwe plécken. Zerwéiert Iech an hëlleft mat ze evitéieren, dass all Joer kiloweis Uebst an de Gäert an op ëffentleche Plaze fault! Fannt hei drënner d'Standuerter an d'Uebstzorten, déi et an der Gemeng ginn.
Scho gewosst? De Stat ënnerstëtz net nëmme Privatpersounen bei der Installatioun vu Photovoltaik-Anlagen, mee och Societéite bei der Installatioun vu méi groussen Anlagen.
Dofir leeft aktuell nach bis den 31. Oktober 2024 en Appel d'Offre fir Photovoltaik-Groussanlagen, bei deenen de Staat ee maximale Budget vun 23 Milliounen Euro zur Verfügung stellt.
Méi Informatioune fannt Dir op guichet.public.lu.
D'Virdeeler vum Eegeverbrauch
Eng Fotovoltaikanlag generéiert Stroum, deen Dir entweder direkt verbrauchen oder géint eng Bezuelung an d'Netz speise kënnt. D'Notze vum eegene Stroum fir elektresch Geräter un d'Goen ze kréien, fir eng Wärmepompel oder fir Är Elektroautoe ka rentabel sinn, virun Allem, wann de Stroumpräis vun Ärem Stroumfournisseur méi héich ass, wéi de Revenu aus dem Verkaf vun Ärem an d'Netz gespeiste Solarstroum.
Doriwwer eraus kann den Asaz vun engem Batteriespäicher eng Plus-value fir den Eegeverbrauch duerstellen, andeem iwwerschëssege Solarstroum an der Nuecht genotzt ka ginn. Opgrond vum Ressourcenopwand, deen net ze vernoléissegen ass, an den héije Käschten, proposéiere mir allerdéngs e virsiichtegt Dimensionéiere vun der Batterie.
Eng weider interessant Optioun ass de kollektiven Eegeverbrauch. Dir kënnt de generéierte Stroum mat Ären Noperen deelen an esou d'Rentabilitéit vun Ärer Solaranlag erhéijen.
Méi iwwert den Eegeverbrauch: klima-agence.lu/pv
D'gratis Tools vun der Klima-Agence
Fir d'Machbarkeet an d'Rentabilitéit vun Ärem Projet ze bewäerten, kënnt Dir den nationale Solarkataster notzen, deen ënner energie.geoportail.lu ze fannen ass. Dësen Tool identifizéiert d'Standuerter mat der héchster Sonnenastralung a bitt eng Funktioun fir den Eegeverbauch, déi et dem Notzer erméiglecht, säi Verbrauch ze schätzen an déi optimal Investitioun ze bestëmmen.
Ënner aides.klima-agence.lu kënnt Dir mat nëmmen e puer Klicks de Montant vun de Bäihëllefe vum Staat, de Gemengen an den Energiefournisseure simuléieren.
Onofhängeg a gratis Berodung vun der klima-agence.lu • 8002 11 90
Mat de wuessenden Erausfuerderunge vum Klimawandel gëtt e verantwortungsvollen Ëmgang mat de Waasserressourcen essenziell. An der neister Infografik vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg gitt Dir op véier Sprooche gewuer, wéi Dir d'Reewaasser clever notze kënnt.
Scho gesinn? Bei all eise Baache fannt Dir aktuell eng Beschëlderung, déi Iech den Numm, de Verlaf, hir Längt a weider Informatiounen dozou ginn. Dës Aktioun huet d'Flusspartnerschaft Syr mat hire Membergemengen op Initiativ un eiser Ëmweltkommissioun ausgeschafft.
Wosst Dir, dass et zu Lëtzebuerg méi ewéi 300 Zorte vun Harespele ginn an nëmmen 2 Zorten e potentielle Konflikt fir de Mënsch duerstellen? Harespele sinn nëtzlech Déieren a spillen eng grondleeënd Roll am Gläichgewiicht vun der Natur. Wéi erkennt een eng Harespel, wéi soll ee se schützen a wéi lieft een am Beschte mat hinnen zesummen? All dat gitt Dir am Guide vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg gewuer.
Maacht Dir dëst Joer och beim Vëlosummer mat? Vum 27. Juli bis de 25. August 2024 ginn Iech 14 verschidden Touren duerch Lëtzebuerg proposéiert fir eist Ländche mam Vëlo ze entdecken. Een dovunner ass de Sir-Uelzechtdall-Tour, deen och duerch eis Gemeng geet. Probéiert en aus!
Wosst Dir, dass aus Äre gesammelte Rostoffer bei Minett-Kompost en héichwäertege Qualitéitskompost an erneierbar a klimafrëndlech Energie entstinn? Dëst ass awer nëmme méiglech, wann Dir am Virfeld Är organesch Offäll an Är Biopoubelle geheit an dobäi Plastikstoffer evitéiert. Infoen an Tipps, wéi Dir organesch Offäll richteg trennt, fannt Dir dës Woch an Ärer Boîte an hei drënner!
Baséierend op d'Analys vun eisen Aktivitéite vun 2022 an 2023, krute mir de Méinden, 8. Juli, eise Zertifikat als Fairtrade-Gemeng fir d'Joer 2024 an 2025 erneiert. Mir sinn houfreg eng Fairtrade-Gemeng ze sinn a mat eisen Efforten de fairen Handel ze ënnerstëtzen an eise Bierger.Inne méi no ze bréngen!
De Freiden, 28. Juni, hate mir déi grouss Éier, deen zweeten nationalen NaturPakt-Dag zu Nidderaanwen ze hosten. Gestart gouf moies mat 4 thematesche Visitten, wärend deenen engersäits Aktioune fir de Schutz vun der Biodiversitéit am urbane Raum, anerersäits d'Naturschutzgebidder Aarnescht a Mensder Brill besicht goufen.
Am Nomëtteg sinn no engem kuerzen Austausch vu Best-practice-Aktiounen nach d'Zertifikatioune fir d'Joer 2024 verdeelt ginn. Och mir hu vum Här Minister Serge Wilmes d'Bronze-Zertifikatioun mat iwwer 50% erhalen an hunn domat an engem Joer eng Verbesserung vun iwwer 10% erreecht.
Copyright Fotoen: Klima-Agence
Wat eng super Leeschtung!
Mir kruten d'Zuele vum Reschtoffall vum SIDOR an d'Statistike verzeechne ganz kloer eng kontinuéierlech Baisse vum Offall dee pro Awunner pro Joer an der groer Poubelle lant. Loosse mer all esou weiderfueren an eisen Offall richteg triéieren!
Ëmmer nees e flotte Rendez-vous fir seng handwierklech Fäegkeeten op d'Prouf ze stellen a futtisse Géigestänn en neit Liewen ze schenken. Um Repair Café de leschte Samschde konnte vu 34 Objeten 19 reparéiert a 7 deelweis gefléckt ginn.
De Freiden, 7. Juni, hu mir als Gemeng am Kader vum KlimaPakt 2.0 eist Zertifikat iwwerreecht kritt. Mir hunn iwwer 80% vun de Mesüren ëmgesat a gehéiere lo zu enge vu 17 Gemenge mat enger Gold-Zertifizéierung. Zousätzlech hu mir nach d’thematesch Zertifizéierung an der Kreeslafwirtschaft erhalen. Soumat si mir réischt déi zweet Gemeng, déi dës Kombinatioun vu Goldzertifizéierung an der Zertifizéierung zur Kreeslafwirtschaft iwwerreecht kritt huet. E grousse Merci un all d'Leit, déi doru bedeelegt waren!
© Fotoen: Klima-Agence
Als eng vun insgesamt véier Gemengen hu mir d'Éier dës Woch als Lëtzebuergesch Delegatioun un der Woche der Umwelt deelzehuelen, déi am Gaart vum Schlass Bellevue zu Berlin stattfënnt. Hei erwaarden eis en interessante Fachprogramm, konstruktiv Diskussiounen, sou wéi eng grouss Ausstellung mat ronn 190 Exposanten aus de Beräicher Wirtschaft, Technik, Forschung a Wëssenschaft.
Krut Dir scho mat, dass et zënter Kuerzem 2 Hondswisen an eiser Gemeng ginn? Wann net, dann ass haut de perfekten Dag fir dës mat Ärem treie Begleeder entdecken ze goen:
- Parc de l'Europe, Ueweraanwen
- Gromscheed II, Sennengerbierg
Endlech ass et nees esou wäit! De Samschden, 15. Juni 2024, ass nees vun 9h00 bis 13h00 Repair Café an eiser Gemeng. Wann Dir Géigestänn hutt, déi gefléckt solle ginn, oder Dir beim Flécken hëllefe wëllt, da kommt laanscht!
De Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit (MECB) organiséiert dëst Joer, a Kollaboratioun mat senge Partner-Organisatiounen, déi drëtt Editioun vun de „B&B Action Weeks“, den Aktiounswoche ronderëm bestëbsend Insekten. Dës Aktiounswoche schreiwen sech an den Enn 2021 vun der Regierung verëffentlechten nationalen Aktiounsplang fir bestëbsend Insekten an, a bidden eng optimal Geleeënheet, bei Excursiounen a Workshops déi faszinéierend Welt vun de bestëbsenden Insekten ze entdecken. Doriwwer eraus gëtt ee gewuer, wéi mer eis Bestëbser schützen a fërdere kennen.
Dëst Joer fannen d'B&B Action Weeks fir eis Bestëbser vum 17. Mee bis 9. Juni 2024 statt. De ganze Programm fannt Dir hei: www.bbweeks.lu
Als zertifiéiert Fairtrade-Gemeng maache mir och dëst Joer nees bei de Fairtrade-Woche mat!
Sou kënnt Dir nach bis de 15. Mee op d'Gemeng eis Ausstellung besichekommen an Iech natierlech och um Jus a Schockela zerwéieren, dee mir fir Iech prett gestallt hunn.
Doriwwer eraus hat eis Ëmweltkommissioun en Infostand wärend der leschter Editioun vum Maart a wäert och fir d'Hueschterter Kiermes vum 9. bis 12. Mee mat engem Stand vertruede sinn.
Huelt deel um 2. regionale Klima- a Biodiversitéitsdag, organiséiert vum Ëmwelt- an Naturschutzsyndikat SIAS den 12. Mee 2024 am Ressourcenzenter Minsbech. Erlieft Atelieren, eng interaktiv Kannervirstellung, Stänn a Live Virträg iwwer Klima- a Biodiversitéitsschutz, Energie, Ressourcen, Landwirtschaft an Naturschutz. Entdeckt nei Weeër fir mat klenge Schrëtt grouss Saache z'erreechen. Jiddereen ass wëllkomm, ganz onofhängeg vum Alter!
- Iessen a Gedrénks de ganzen Dag
- kommt op eng ëmweltfrëndlech Manéier - ze Fouss, mam Vëlo, Zuch oder Bus (Shuttle Bus vu Minsbech Gare)
Wat eng flott Aktioun!
De leschten Donneschden huet eng Ekipp vun J.P. Morgan hiren Teamdag an d'Natur verluecht an hir eege Grouss Botz organiséiert. Eise Responsabel fir Energie, Ëmwelt an nohalteg Entwécklung huet der Ekipp gehollef dës Aktioun op d'Been ze stellen, en Tour definéiert, a se mat deem néidege Material fir Dreck opzerafen ausgestatt.
Dir sidd e Betrib an der Gemeng Nidderaanwen a wëllt iech och fir d'Ëmwelt um Territoire vun der Gemeng asetzen? Da kontaktéiert eis a loosst eis zesummen är perséinlech Ëmweltaktioun mat ärer Ekipp organiséieren.
Wéi wier et wa Wärmepompelen Iech... eng effizient an ëmweltfrëndlech Léisung fir d'Hëtze vun Ärer Wunneng bidde géingen?
An enger Zäit, an där de Fokus op nohaltege Léisunge läit, gewanne Wärmepompelen ëmmer méi u Bedeitung. Dës bewäert Technologie bitt net nëmmen eng effizient Méiglechkeet fir d'Hëtze vu Gebaier, ma ass och eng villverspriechend Alternativ, fir d'Ëmweltauswierkungen ze miniméieren.
Well Wärmepompelen notzen déi an der Ëmwelt verfügbar Wärmeenergie, sief et an der Loft oder am Buedem, fir d'Hëtzt ze generéieren. Fir dës Effizienz ze miessen, gëtt de COP (Coefficient of Performance) erugezunn, deen d'Verhältnis tëschent der generéiert Hëtzt (kWh) an deem dofir benéidegtem Stroum (kWh) ausdréckt. Am Vergläich zu fossilen Heizsystemer bidden d'Wärmepompelen opgrond vun hirer Energieeffizienz en erhiefleche Virdeel.
Virurteeler géigeniwwer Wärmepompelen:
Et ginn ëmmer nach vill Mythen iwwer Wärmepompelen, wéi z.B. ,,Wärmepompele kënnen net an ale Gebaier agesat ginn''. Mee och an ale Gebaier ass d'Wärmepompel eng Optioun, och ënner Benotzung vun Heizkierper, déi schonn do waren. Just d'Effizienz ass an der Reegel e bësse méi geréng wéi an neie Gebaier mat Foussbuedemheizung.
Dir plangt eng Wärmepompel an Ärem Haus ze installéieren? D'Klima-Agence stellt Iech eng Check-Lëscht iwwer Wärmepompelen a Wunngebaier zur Verfügung, fir dass Dir beim Abau vun esou enger Anlag den Iwwerbléck behalt. An dëser Lëscht, déi vun den Experte vun der Klima-Agence erstallt gouf, fannt Dir Elementer, déi Dir bei der Installatioun an dem Betrib vun esou Systemer consideréiere musst: d'Astellungsméiglechkeeten vun Ärer Anlag, déi néideg Geneemegungen, d'Kontrollen, déi duerchzeféiere sinn an déi verschidden Typpe vu Wärmepompelen. D'Dokument bitt e kuerze Glossar an erkläert Fachbegrëffer, iwwer déi Dir als Laie fale kéint. Notzt och d'Berodung vun der Klima-Agence, falls Dir weider Froe sollt hunn.
Hei fannt Dir d'Checklëscht: bit.ly/3vMTlSJ
Onofhängeg & gratis Berodung klima-agence.lu • 8002 11 90
Fréijoerszäit ass Gaardenzäit! Passend zu der aktueller Saison gëtt eis d'Ëmweltberodung Lëtzebuerg asbl e puer Iddie mat op de Wee, wéi mir aus eise Gäert méi Liewensqualitéit fir d'Flora, d'Fauna an och eis selwer schëpfe kënnen.
Wëllt dir léiere wéi ee selwer ee Staudebeet uleet? Passend zum Start vun der Gaardesaison organiséiert d’Biologesch Station SIAS den 13. Abrëll de Workshop ,,Wéi leeën ech en naturnot Staudebeet un ?''. Zesumme mam Tom Dall’Armellina vun der Biologescher Statioun SIAS leeën d’Participanten ee Staudebeet un. Dir léiert dobäi alles iwwer déi verschidde Staudezorten, d’Planzen, den ideale Standuert an iwwer d’Fleeg vun engem Staudebeet. Natierlech gi mir och dorop an, wéi d’Biodiversitéit, virun allem d’Päiperleken, Bommelen a Béien, vun sou Staudebeeter profitéieren.
13. Abrëll ab 9.00 bis 12.00 Auer zu Schëtter
Mellt Iech wgl. un ënner t.dallarmellina@sias.lu oder 34 94 10 32.
De Weekend vum 22., 23. a 24. Mäerz waren eng ronn 40 Leit, verdeelt an de 7 Uertschaften, ënnerwee fir Knascht opzerafen. Bei Abrëllswieder mat Sonn, Knëppelsteng an deels Schnéi sinn d’BiergerInnen ënnert der Leedung vu Memberen aus der Ëmweltkommissioun an dem NaturTeam a klenge Gruppen duerch déi verschidden Uertschaften gaangen. Insgesamt wäerten eng ronn 75 kg Knascht gesammelt gi sinn!
Kennt Dir se schonn? natur&ëmwelt huet d'Flossséischmuewel zum Vull vum Joer ernannt!
Méi Infos fannt Dir op www.naturemwelt.lu.
Mam Fréijoersufank ass et och nees Zäit fir eng Fréijoersbotz - an zwar an der Gemeng!
Schléisst och Dir Iech eiser Ëmweltkommissioun an dem NaturTeam un an huelt de Samschden, 23. Mäerz, un der Grousser Botz deel. Umelle kënnt Dir Iech iwwert eisen online Formulaire oder via christiane.bour@niederanven.lu.
Kennt Dir schonn den online-Agenda ,,Naturaktivitéiten an eiser Regioun'' vum SIAS? Wann Dir Loscht hutt eleng, oder als Famill zesumme mat Äre Kanner, méi Zäit an der Natur ze verbréngen, da gitt bis op an den Agenda luussen an entdeckt déi vill flott Naturaktivitéiten zesumme mat de Partner vum SIAS.
Wanderfrënn opgepasst! Perfekt virum Fréijoersufank ass den Auto-Pédestre an eiser Gemeng komplett demontéiert an nei opgestallt ginn. Säin Depart befënnt sech elo beim neie Waassertuerm um Sennengerbierg a gëtt vun elo un AP Senningerberg genannt. D'Auto-Pédestren erkennt Dir un deenen neie wäisse Schëlder mat der bloer Raut.
Méi Infos iwwert den AP Senningerberg fannt Dir um Site vu Visit Guttland.
Futti? An den Dreckseemer domat! Ëmmer erëm ertappe mir eis, wéi mer déi verschiddenst Géigestänn vill ze schnell ewechgeheien, wa se dach villäicht awer nach reparéiert kéinte ginn. Mat der Serie ,,fixit! Flécken. Léinen. Notzen'', déi am Kader vum Projet ,,Rethink'' entstanen ass, gëtt eis de Mouvement Ecologique reegelméisseg Tipps an Infos fir en nohaltege Konsum mat op de Wee.
Rendez-vous op www.meco.lu.
Ass Iech ,,Vertragsnaturschutz'' e Begrëff? Dëst ass eng bewäerte
Method vum SIAS a Kooperatioun mat de Bauere fir den Naturschutz an
d'Biodiversitéit am Oppeland ze garantéieren.
Informatiounen heizou kritt Dir dës Woch vum SIAS:
Eng bewäerte Method vum Naturschutz am Oppeland ass de Vertragsnaturschutz duerch Biodiversitéitsverträg:
- Dës Verträg gi mat de Bewiertschafter vu wirtschaftlech exploitéierte Gréngland- an Akerflächen ofgeschloss, déi sech dozou bereet erklären, iwwer een Zäitraum vu fënnef Joer eng grouss Unzuel u méiglechen Naturschutzmoossnamen duerchzeféieren
- Als Entlounung fir méiglech Aboussen, déi esou eng Extensivéierung vun der Bewirtschaftung mat sech bréngt, erhalen d’Bewiertschafter eng Ausgläichs-Prime
- Am Joer 2024 lafen insgesamt 998 Biodiversitéitsverträg, déi 143 Baueren a Wënzer an de leschte fënnef Joer mat der Biologescher Statioun SIAS ofgeschloss hunn. Aleng 2024 lafen 324 nei Kontrakter un, wat déi héich Bereetschaft vun de Baueren, Naturschutzziler ze erreechen, ënnersträicht
- Sou stinn am SIAS-Gebitt 1571 ha Gréngland ënner Vertragsnaturschutz, et ginn 126 ha Bontbroochen op de Felder ugeluecht, iwwer 400 Kubikmeter Dréchemauere restauréiert an iwwer 650 Kubikmeter Doutholzhecken ugeluecht
- Insgesamt erhalen d’Baueren am SIAS-Gebitt knapp 2 Milliounen Euro pro Joer un Entschiedegungen vir hir wäertvoll Aarbecht
Am Kader vum Weltdag vun de Fiichtgebidder fënnt de Samschden, 10. Februar um 9h00 eng flott Visite guidée duerch d'Naturschutzgebitt ,,Schlammwiss - Brill'' statt. Sidd mat dobäi an entdeckt och Dir dëse wäertvolle Liewensraum fir Déieren, Insekten a Villercher!
Méi Infos op www.naturemwelt.lu.
De Méinden, 29. Januar 2024, hunn d'Schäfferéit vun de Gemengen Nidderaanwen a Schëtter, a Präsenz vum Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, dem Här Serge Wilmes, an dem Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus, dem Här Lex Delles déi éischte Kéier op d'Receptioun mat den Entreprisen aus deenen zwou Gemengen agelueden. Eng ronn 120 Leit, dorënner Geschäftsfraen a -männer vu 56 verschiddenen Entreprisen, hunn de Wee an de Loisi fonnt, fir sech ënnertee kennenzeléieren an auszetauschen. Am Fokus stoung d'Presentatioun vun der Klima-Agence iwwert d'Moossname fir d'Energietransitioun fir Betriber, ier den Owend mat engem flotten Networking mat de Geschäftsleit, de Membere vun de Schäffen- a Gemengereit vun Nidderaanwen a Schëtter, sou wéi mat de Ministeren ofgeschloss gouf.
Sidd de Weekend vum 27., 28. an 29. Januar 2024 bei der gréisster ornithologescher Matmaachaktioun zu Lëtzebuerg dobäi an huelt och Dir un der Wantervullenzielung deel. Dës Aktioun erlabt natur & ëmwelt d'Bestänn vun den heefege Vullenaarten zu Lëtzebuerg anzeschätzen a Populatiounstrends iwwert d'Jore festzestellen.
Méi Infos fannt Dir um Site vun natur & ëmwelt.
Eng Konferenz, déi et net ze verpasse gëllt! Den Donneschden, 1. Februar, invitéiert de SIAS ganz häerzlech op de Virtrag vum Sven Plöger, iwwert d'Thema ,,Zieht euch warm an, es wird heiß''. Sidd live mat dobäi, wann eis de Meteorolog an Televisiounspresentateur an enger humorvoller, mee zugläich och eeschter Aart a Weis méi iwwert de Klimawandel zielt.
Dräi nei Vel'OH-Statioune si säit Kuerzem an der Gemeng prett fir genotzt ze ginn! Soumat ass eis Gemeng mat 5 Statiounen am Ganzen elo nach besser vernetzt, wat d'Notzung vum Vel'OH nach méi attraktiv mécht.
- Senningerberg, Château d'eau
- Hostert, Place Charly
- Oberanven, Rue d'Ernster
- Niederanven, Routscheed
- Niederanven, Rue Laach
Méi Informatioune fannt Dir op www.myveloh.lu.
Schonn héieren? D'Erhéijung vum staatleche Subsid fir ënner anerem
Photovoltaik a Wärmepompelen ass bis den 30. Juni 2024 verlängert ginn.
Profitéiert elo nach vum staatlechen a vum neie kommunale Subsid vu 50%
fir d’Notzung vun Installatiounen, déi d’erneierbar Energië fërderen!
Méi Informatioune fannt Dir an eiser Rubrik iwwer d'Subventiounen a Subsiden.