Europäesch Mobilitéitswoch
Header-EuropäeschMobilitéitswoch

Zesumme mat der Ëmweltkommissioun vun der Gemeng Nidderaanwen, freeë mir eis, Iech op d'Aktivitéiten a Manifestatiounen am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch anzelueden, déi dëst Joer tëschent dem 16. an dem 22. September 2025 stattfënnt.

Programm vun der Mobilitéitswoch 2025

18.09.25 - Biergerinformatiounsowend ,,Parking résidentiel''

Biergerinfoowend-ParkingResidentiel

De Schäfferot vun der Gemeng Nidderaanwen, zesumme mam Bureau d’études Schroeder & Associés, lueden d’Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng Nidderaanwen op en Informatiounsowend iwwert de Parking résidentiel an, mat follgendem Programm:

  • Begréissung duerch de Buergermeeschter Fréd Ternes
  • Aféierung an de Sujet vum Parking résidentiel
  • Workshops mat de Participanten
  • Receptioun an Austausch

Aschreiwung bis de 15. September 2025 iwwert eisen online Formulaire!

Presentatioun op Lëtzebuergesch mat simultaner Iwwersetzung op Franséisch an Englesch.
Présentation en luxembourgeois avec traduction simultanée en français et anglais.
Präsentation in luxemburgischer Sprache mit Simultanübersetzung ins Französische und Englische.
Presentation in Luxembourgish with simultaneous translation into French and English.

19.09.25 - Mëtscheverdeelung fir d'Awunner, déi den ëffentlechen Transport huelen an d'Kanner, déi mam Pedibus an d'Schoul ginn

20.09.25 - Škoda Tour de Luxembourg

20.09.-Skoda-TDL

Eenzelzäitfueren iwwer 26,2 km vum Škoda Tour de Luxembourg.
All d’Infoe fannt Dir hei.

21.09.25 - Mobilitéitsdag beim Centre Sportif ,,Am Sand''

Mobilitéitswoch

Huelt um Mobilitéitsdag an eiser Gemeng deel:

  • 09:45 Auer: Gruppefoto
  • 10:00 Auer: 5 guidéiert Randonnéeë fir Foussgänger, Rollstullfuerer / Rollator a Vëlosfuerer fir all Alter
  • 12:00 Auer: Patt an e Maufel offréiert vun der Ëmweltkommissioun

De ganze Programm vun der Mobilitéitswoch op ee Bléck:

2024

Informatiounscampagne iwwert d'Mobilitéitsoffer an der Gemeng

Sicht op HOPLR no Noperen, déi Äre Wee op d’Aarbecht oder an d’Schoul deelen, a bilt mat hinnen eng Fuergemeinschaft.

Mam Covoiturage hutt Dir Gesellschaft, spuert Käschten a schützt eis Ëmwelt.

EMW-Carpooling

Gitt mam Vëlo op d‘Schaff ! De Vëloswee Lëtzebuerg-Iechternach ass déi ideal Streck fir séier a sécher vun der Gemeng Nidderaanwen bis an d‘Stad ze fueren.

Meit de Stau, huelt de Vëlo!

Dir schafft um Kierchbierg? Firwat net de Vëlo huelen, fir op de Büro ze goen? D‘CO2‑Emissioune fir e Mëttelklassauto sinn 250 g CO2 pro km am Stadverkéier. Fir eng Faart hin a zréck vu 15 km ginn also méi wéi 3,75 kg CO2 ausgestouss. An de Stousszäiten ass de Vëlo grad bal esou séier wéi den Auto a guer keng Treibhausgasen gi produzéiert !

De Vëloswee Lëtzebuerg-Iechternach geet duerch d‘Gemeng Nidderaanwen a féiert laanscht all Uertschafte vun der Gemeng: Iernster, Hueschtert, Nidderaanwen, Ueweraanwen, Rammeldang, Senneng oder Sennengerbierg ! Hien ass perfekt fir de Vëlo a verbënnt d‘Gemeng mat de Vëlosweeër vun der Stad op eng sécher Manéier.

Wousst Dir et? De Vëloswee Lëtzebuerg-Nidderaanwen féiert gréisstendeels iwwert déi al Streck, déi d‘Gare vu Lëtzebuerg mat der Gare vun Iechternach verbonnen huet. Ënnerwee ass ee laanscht Eich, Dummeldeng, Senneng, Hueschtert an Iernster gefuer éier ee Richtung Nordoste laanscht de pittoreske Mëllerdall bis op Iechternach gaangen ass. D‘Lëtzebuerger haten hiren Zichelchen esou gär, dass si him souguer e léiwe Spëtznumm ginn hunn: de ,,Charly''.

Hutt Dir nach kee Vëlo? Probéiert Vel‘OH, d’Vëlosnetz vun der Stad, un deem sech d‘Gemeng Nidderaanwen ugeschloss huet. Fënnef Locatiounsplaze stinn zu Ärer Verfügung:

  • Rue d'Ernster, Ueweraanwen
  • Charly's Gare, Hueschtert
  • Waassertuerm, Sennengerbierg
  • Complex ,,Am Sand'', Nidderaanwen
  • Rue Laach, Nidderaanwen

Sidd Dir net sécher, op de Vëlo fir Iech gemaach ass? Lount ee Vél‘OH ouni Abonnement fir een Dag aus.

D‘Pente mécht Iech Angscht? All Vëloen si mat engem elektreschen Hëllefsmotor equipéiert, den automatesch uspréngt, wann Dir e braucht. Vergiesst Ären Helm net, hien ass net an der Locatioun mat abegraff!

Profitipp:
D‘App Mobilitéit.lu kann esouguer Är Vëlosstreck plangen. D‘App integréiert all Lëtzebuerger Vëlosweeër an der Berechnung vun der optimaler Streck a gëtt Iech eng zouverlässeg Schätzung vun der Zäit, déi der braucht fir d‘Streck ze fueren. Zousätzlech kënnt Dir d‘Vëlosstreck einfach mat der Streck vum ëffentlechen Transport vergläichen!

D'App berécksiichtegt de Verkéier an Echtzäit. Hei sinn e puer Beispiller fir Vëlosstrecken, déi d‘App ginn huet:

  • Charly‘s Gare, Hueschtert – rue Weicker, Lëtzebuerg, 8,5 km, 40 Minutten
  • Europäesche Parlament – rue Laach, Nidderaanwen, 9,7 km, 41 Minutten
  • Charly‘s Statioun, Sennengerbierg – Hôpital du Kirchberg, 4,9 km, 16 Minutten
EMW-velOH!

D’Flott vum Ruffbus besteet aus 2 elektresche Busser (jee 8 Plazen), woubäi an de Spëtzestonnen nach een drëtte Bus dobäi kënnt. Dëse Bus ass fir d’ Awunner vun der Gemeng Nidderaanwen a Schëtter gratis. De geraimege Bus huet genuch Plaz fir Vëloen, Rollstill a Kannerkutschen.

Wéi den Numm et seet, ass et méiglech de Bus op Demande ze bestellen.

D'Telefonsnummer ass den: 28108-39

Mat dëser Nummer kann een de Bus fréistens 7 Deeg am Viraus a spéitstens 30 Minutte virun deem gewënschten Depart reservéieren.

 

Um Telefon musse follgend Informatioune matgedeelt ginn:

  • Är Adress vum Depart
  • Äert Zil
  • d'Unzuel vu Passagéier
  • wa méiglech de Retour

 

De Ruffbus kann ee wärend follgenden Horaire reservéieren:

  • Méindes bis donneschdes: 8:00 bis 22:00 Auer
  • Freides bis samschdes: 8:00 bis 1:00 Auer

 

Follgend Ziler kënne mam Ruffbus ugefuer ginn:

  • Ganzen Territoire vun de Gemengen Nidderaanwen (inkl. Flughafen) a Schëtter
  • Kierchbierg: Klinik HRS a Rehazentrum
  • Betzder: Gare
  • Conter: Kierchplaz an Cipa St. Zithe
  • Sandweiler: Kierch a Sportzon

Mir bieden ëm Äre Versteesdemech, dass de Ruffbus net als Ersatz fir en Taxisservice zielt. De Ruffbus soll als zousätzlech Alternativ zu den ëffentleche Buslinnen zielen. Dowéinst kann et och mol de Fall sinn, Dir net aleng am Bus setzt an den Depart oder d’Arrivée ëm puer Minutte variéiere kann.

EMW-RuffbusSyrdall

De FLEX-Carsharing vun CFL Mobility ass an der Gemeng Nidderaanwen mat insgesamt 2 Autoen, an op 2 verschiddene Statiounen, disponibel. Eng all-inclusive Offer, déi net nëmmen dat ganzt Joer iwwer 24/7 disponibel ass, mee duerch hiert Prinzip vum Deelen och eng effizient an nohalteg Mobilitéitsléisung ass. Ob fir Akafen ze goen, een am Viraus geplangten Ausfluch oder fir d’Frënn oder d’Famill op de Flughafe sichenzefuere wann een (weideren) Auto gebraucht gëtt.

Wat kascht de Carsharing?

D’Fuerkäschte variéiere jee no Abo. An de Präisser si schonn all d’Käschten (Bensinn, Versécherung, Revisioun, Entretien a Service) mat dran. D’Offer geet onverbindlech mat deem bëllegsten Abo, dem ,,Basic''-Abo vun 0€ am Mount lass. Als Bonus kritt am Moment all neie Client zousätzlech 10€ fir ze Fuere geschenkt, fir de FLEX och direkt kënnen auszeprobéieren!

Déi 2 Statiounen zu Nidderaanwen befanne sech:

  • am Zentrum (rue Laach)
  • um Sennengerbierg, Charly’s Statioun (rue du Golf)

Wéi kënnt Dir de Flex-Carsharing notzen? Ganz einfach:

Registréiert Iech mat Ärem valabele Permis an Ärer Kreditkaart direkt iwwert d’FLEX-Carsharing Smartphone-App (Downloadlink: Android | Apple iOS) oder iwwer www.flex.lu. Sou bal de Führerschäi validéiert ass, reservéiert Iech dee gewënschten Auto an Ärer Ëmgéigend oder vun deene méi ewéi 60 weidere Statiounen zu Lëtzebuerg. Dir kënnt den Auto iwwerall zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun fueren. De Retour vum Auto ass ëmmer op där Statioun, vu wou Dir och gestart sidd.

Um Site vu FLEX fannt Dir weider nëtzlech Infrmatiounen iwwert de Carsharing Service, d’Tariffer, sou wéi d’Offer vun den Autoen a ganz Lëtzebuerg. Bei Froen oder Hëllef kënnt Dir d’FLEX-Team via support@flex.lu oder per Telefon um (+352) 2883 3882 kontaktéieren.

Sharing is caring!

EMW-Flex

Vëlo fueren a Präisser gewannen? Dat ass elo méiglech mat GoGo VELO, der neier Vëloscampagne vu Klima-Bündnis a ProVelo. Einfach umellen, pedalléieren a gewannen! Méi Infoen op www.gogovelo.lu.

EMW-GoGoVelo