E Bléck op déi aktuell Projeten an der Gemeng Nidderaanwen
Am Kader vun der ëffentlecher Informatiounsversammlung zum Projet ,,Am Pull'', déi de 7. Oktober 2026 stattfonnt huet, goufen déi wichtegst Elementer vum zukünftege Quartier presentéiert. D'Biergerinnen a Bierger haten dobäi d'Méiglechkeet, sech iwwer den aktuelle Stand vum Projet ze informéieren, Froen ze stellen an sech auszetauschen. D'Präsentatioun behandelt ënner anerem d'urbanistesch Konzipéierung, d'Logements abordables, d'Mobilitéit, d'Gréngflächen, d'Energiekonzept souwéi déi nächst Etappe vum Projet.
Am Kader vum Bau vum neie multifunktionellen Zentrum souwéi vum Rettungs- a Pompjeeszentrum zu Mënsbech gëtt en neien Zougangswee ugeluecht. Déi nei Strooss wäert ronn 224 Meter laang a 6,5 Meter breet sinn. Laanscht d'Gebai entsteet zousätzlech en neien Trottoir fir Foussgänger. Gläichzäiteg gëtt déi bestoend « rue Jacques Lamort » op 6,5 Meter erweidert, fir eng sécher Kräizung vu gréissere Gefierer – besonnesch vun Asazgefierer – ze garantéieren. Tëscht dem neien Zougangswee an dem Busarrêt « Jacques Lamort » gëtt ausserdeem en neien Trottoir ugeluecht, deen d'Sécherheet fir de Foussgänger verbessert.
Nieft de Stroossenaarbechte ginn och déi ënnerierdesch Infrastrukturen erneiert. Virgesi sinn nei Reewaasser- a Schmotzwaasserkanalisatiounen, eng nei Drénkwaasserleitung souwéi Upassungen un de Versuergungsnetzer. Donieft gëtt eng modern LED-Stroossebeliichtung installéiert.
De Projet soll eng performant a sécher Erschléissung vum zukünftege Rettungs- a Pompjeeszentrum assuréieren a gläichzäiteg d'Infrastruktur an d'Mobilitéit an dësem Beräich nohalteg verbesseren.
Am Kader vun der Weiderentwécklung vun der Infrastruktur am Schoulhaff gouf d’Konstruktioun vun engem Iwwerdaach weider konkretiséiert. De Projet, dee scho vun der Gemeng virgesi war, gouf a Kollaboratioun mat Niedz4Kidz an enger Klass aus dem Cycle 4.1 weider ausgeschafft. D’Schülerinnen an d'Schüler goufen aktiv an déi nach oppen Decisiounen agebonnen. Si hunn ënner anerem Ëmfroen an anere Klassen duerchgefouert an hir Iddien an enger Presentatioun festgehalen, déi si am Gemengerot virgestallt hunn.
Mëttlerweil steet de konkrete Plang fest: Den Iwwerdaach aus der Precoce, deem säi Gebai mëttlerweil ofgerappt gouf, gëtt am Schoulhaff nees opgebaut a kritt esou eng zweet Notzung. Domat gëtt eng ressourcëschounend a praktesch Léisung ëmgesat.
D’Ëmsetzung ass fir d'Summervakanz geplangt, esou datt déi concernéiert Schüler och am nächste Schouljoer nach dovu profitéiere kënnen.
Moderniséierung vun den Elektroinfrastrukturen ,,Am Sand'' - Phas 1
An der Gemengerotssëtzung vum 3. Dezember 2025 gouf de Projet fir den Amenagement vun engem Foussgängerwee An der Rëtsch zu Rameldang geneemegt. Duerch dësen Amenagement kënnen an Zukunft Foussgänger méi sécher tëscht der rue Principale an dem Beiebierg zirkuléieren.
Eis Gemeng huet hiren Accord de principe ginn, fir eng temporär Structure d’hébergement fir Persounen, déi international Protectioun ufroen (DPI), mat enger maximaler Kapazitéit vun 58 Better. Dëse Projet entsprécht net nëmmen dem Wëlle vun der Gemeng Nidderaanwen, Solidaritéit fir Mënschen ze weisen, déi op der Sich no Schutz sinn, an hinnen e würdegen a mënsch-lechen Accueil ze bidden, mee dréit och dozou bäi, eng méi gerecht Verdeelung vun den DPI-Strukturen am ganze Land ze fërderen, dëst fir solidaresch mat deene Gemengen ze sinn, déi schonns eng Struktur op hirem Territoire hunn.
Am Kader vun dësem Projet huet de 17. Mäerz 2026 en Informatiounsowend a Presenz vum Här Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, stattfonnt. Méi Informatiounen zum Projet fannt dir hei drënner.
Während der Sitzung vum Gemengerot den 26. Juni 2025 gouf de Projet fir d’Verleeë vun enger Reewaasserleitung am Beräich vum Gemengenhaus gestëmmt.
De Projet gesäit d’Verleeë vun enger neier Stahlbetonkanalisatioun iwwer eng Längt vun 310 Meter vir, déi bei der Rue d’Ernster ufänkt, iwwer d’Réckhaltebecken „PAP Schommeschwues“ bis bei den Iwwerlaf an d'Bach „Bouneschbaach“, déi hannert dem Gebai vun der Gemeng verleeft.
Dës nei Kanalisatioun erméiglecht d’Ofleede vum Reewaasser aus der Rue d’Ernster souwéi aus verschiddene méi neie Projeten an der Géigend (PAP Cité Wakelter, PAP Um Wakelter, PAP Op Pelgert) an och vum Reewaasser aus dem PAP Schommeschwues.
Zousätzlech sinn Upassungsaarbechten um Iwwerlaf virgesinn, fir dësen un déi nei Kanalisatioun unzeschléissen. Ausserdeem ass e Betonbauwierk geplangt, fir d’bestoend Mëschwaasserleitung hannert dem PAP Schommeschwues ze kräizen.
De Projet ëmfaasst och d’Restauratioun vun der Infrastruktur tëscht der Récksäit vum PAP Schommeschwues an dem Iwwerlaf.
D’Bauaarbechten gi parallel zum Baufortschrëtt vum PAP NQ Schommeschwues ugefaangen. De Start vun de Bauaarbechten ass fir Enn 2025 virgesinn.
Wärend senger Sëtzung vum 26. September 2025 huet de Gemengerot vun der Gemeng Nidderaanwen de Projet fir d’Renovatioun vum Kulturzentrum « Loisi » ugeholl. Dëse Projet ass geduecht fir den ëmmer méi grousse Besoine vun der Bevëlkerung am Beräich Kultur, Sport a Gesellegkeet gerecht ze ginn.
Fir weider Informatiounen, konsultéiert w.e.g. de Pressecommuniqué hei drënner.
An der Sëtzung vum 27. Juni 2025 huet de Gemengerot eestëmmeg de Bauprojet vun enger neier Crèche um Sennengerbierg gestëmmt. D',,Bëschcrèche'' soll beim Bësch, nieft dem Scout's Home, entstoen a wäert Plaz fir ronn 60 Kanner bidden. Am Kader vum Projet sinn och Dortoirë fir bis zu 30 Scoute virgesinn. De Start vum Projet ass fir 2026 geplangt. D'Fäerdegstellung vum Projet, sou wéi d'Mise en service vun der Crèche si fir 2029 virgesinn.
An der Gemengerotssëtzung vum 25. Oktober 2024 gouf iwwert de Projet vun engem méiglechen ,,Energiepark Niederanven'' diskutéiert.
Den 2. Juli 2025 gouf an Zesummenaarbecht mat Soler eng Informatiounsversammlung fir d'Awunner vun der Gemeng Nidderaanwen organiséiert. Weider Informatiounen iwwert de Projet, sou wéi d'Präsentatioun vun der Infoversammlung fannt Dir hei drënner.
An der Gemengerotssëtzung vum 21. Mäerz 2025 gouf de Projet vun der Realisatioun vun engem bed&bike am ale Waassertuerm um Sennengerbierg gestëmmt. De Projet ziilt op d'Renovatioun a Reaffektatioun vum eemolege Waassertuerm am Binnewee, dëst a Form vun enger touristescher Herberg am bed&bike Format.
An der Gemengerotssëtzung vum 21. Mäerz 2025 gouf de Projet vun de virbereedenden Aarbechte fir d'Renovatioun an d'Extensioun vum Cycle 1 vun der Schoul ,,Am Sand'' gestëmmt.
De Renovatiouns- an Erweiderungsprojet vun der Schoul „Am Sand“ an der Maison Relais huet als Zil, déi schoulesch Infrastrukturen un déi aktuell an zukünfteg Besoine vun der Gemeng Nidderaanwen unzepassen. Dobäi bleift d'architektonesch Identitéit vum bestoende Gebai, besonnesch seng Zillefassad, erhale. De Projet ëmfaasst d’Renovatioun vun den existente Strukturen souwéi de Bau vun engem neie moderne Schoulgebai, dat mat de bestoende Gebaier verbonnen ass. Dëst wäert all d’Kanner aus dem Cycle 1 an der Précoce ophuelen a ronderëm en geschützten Haff organiséiert sinn, deen als nei Spill- a Pausplaz fir déi jéngst Kanner dénge wäert. De Projet gesäit och eng Erweiderung vum bestoende Gebai mat neie Klassesäll, Technik- a Lagerraim vir, souwéi d'Schafe vun enger Schoulkantin, Administratiounsbüroen a Raimlechkeete fir d’Personal an Aktivitéitsräim fir d'Maison Relais.
De ganze Projet steet am Zeeche vun der Nohaltegkeet. Déi nei Gebaier an déi renovéiert Deeler striewe eng DGNB-Gold-Zertifizéierung un a entspriechen héijen Ufuerderungen am Beräich Ëmwelt, Energieeffizienz a Funktionalitéit. D'Diecher gi begréngt a mat Fotovoltaikanlage mat enger geschätzter Leeschtung vun 450 kWp equipéiert. Ausserdeem ginn effizient Belëftungssystemer mat Wärmeréckgewënnung installéiert. D'Konstruktioun kombinéiert Stolbeton a prefabrizéiert Holzelementer, fir eng héich Energieeffizienz an den Asaz vun nohaltege Baumaterialien ze garantéieren.
D'Aarbechte sinn am Juli 2025 mat Virbereedungsaarbechten ugelaf, dorënner d'Verleeë vu Versuergungsleitungen, d'Sécherung vum Chantier an de partiellen Ofbroch vun bestoende Strukturen. D'Fäerdegstellung an d'Inbetribnahm vum neie Schoulkomplex si fir Ouschteren 2029 virgesinn.
Um Senningerbierg gëtt en neien Waasserbaseng gebaut fir Versuergung vum Flughafen an deenen neie Projeten am Ëmfeld ze garantéieren. De Baseng huet e Volume vun 2400m3 a kritt e begréngten Daach fir sech an d'Landschaft anzepassen a méi nohalteg ze sinn. De Bau vum Basseng huet ugefaangen a soll gutt zwee Joer daueren.
An der Gemengerotssëtzung vum 29. Mäerz 2024 gouf de Projet vum Reamenagement vun der Rue des Romains an d'Baue vun enger Vëlospiste geneemegt. Bei dësem Projet gëtt iwwert eng Längt vu 475 Meter eng Vëlospiste gebaut an tëschent de Kräizunge Rue des Romains / Rue des Sapins a Rue des Romains / Rue des Pins d'Strooss an den Trottoir fir eng 30er-Zon ugepasst. Doriwwer eraus gëtt de Busarrêt an der Rue des Romains konform gesat an en Trottoir traversant an der Entrée zu der Rue des Pins amenagéiert.
Hei e puer aktuell Projeten, déi zur Sécherheet an d'Berouegung vum Trafic an der Gemeng bäidroen:
- Reamenagement vun der Rue du Château zu Senneng - Entrée an eng 30er Zon
- Zebrasträifen an der Rue de Munsbach zu Nidderaanwen
- Reamenagement vum Busarrêt ''Schetzel'' zu Ueweraanwen
- Amenagement vun engem Trottoir an der Rue Principale zu Hueschtert
En Vue vun der Neigestaltung vun der Duerfplaz zu Iernster, goufen den 18. Mee 2022 an den 19. Oktober 2022 wärend zwee Workshoppen zesumme mat de Bierger, Iddie fir en neien Duerfkär zu Iernster gesammelt. D'Resultater vun dëse Workshoppe goufen de Bierger elo den 8. Mäerz 2023 wärend engem Informatiounsowend presentéiert.
Wärend senger Sëtzung vum 26. September 2025 huet de Gemengerot vun der Gemeng Nidderaanwen gréng Luucht gi fir de Reamenagement vum Duerfkär zu Iernster, kombinéiert mat der Aféierung vun enger Vitesslimitt vun 30 km/h an der Rue Principale (CR132) am Duerfzentrum an der Sécherung vun den Duerfentréen.
Wärend dem Gemengerot vum 24. Februar 2023 gouf de Projet vun der Renovatioun an dem Ausbau vum Stade Jos Becker gestëmmt. Beim Projet ass eng Transformatioun vum bestoende Gebai an eng Extensioun geplangt, mam Zil d'Raimlechkeeten an Zukunft besser notzen ze kënnen a méi Fläch zur Verfügung ze hunn. Wat den Ausbau vum Stade betrëfft, sinn hei virun Allem d'Vestiairen an d'Tribün betraff, déi renovéiert an ausgebaut ginn.
Technesch gesinn, gëtt d'Gebai moderniséiert fir op den aktuelle Stand ze kommen. D'Gasheizung gëtt duerch eng Loftwärmepompel ersat, déi am südlechen Deel vum Spillfeld positionéiert gëtt. Eng moderniséiert Lëftungsanlag gëtt an engem Technikraum iwwert der Pressekabinn placéiert. Eng nei Reewaasserzëttär wäert fir d'Bewässerung déngen. Op den Diecher ass eng Photovoltaikanlag virgesinn.
En neien a wichtege Projet ass den 9. Dezember 2022 am Gemengerot gestëmmt ginn. Riets ass vun engem Centre medical beim ale Policegebai zu Ueweraanwen. Hei wäerte sech viraussiichtlech ab Enn 2027 an der Rue Andethana eng Rei Dokteren, souwuel Generalisten ewéi och Spezialisten nidderloosse kënnen.
Wärend dem Gemengerot vum 1. Abrëll 2022 gouf de Projet vum Haff Peter an der Rue Laach gestëmmt. Nieft der Realisatioun vu Seniorewunnengen a bezuelbarem Wunnraum, soll hei och Café littéraire an e Gemeinschaftszentrum am Agang vum neie Quartier entstoen, wou Kënschtler, Start-ups a lokal Veräiner (Club50Plus & Club Senior) ënnerbruecht kënne ginn.