Pampers Prime
Pampers Prime

Subsid fir kleng Kanner

Pampers Prime (1)

D’Gemeng Nidderaanwen ënnerstëtzt Familljen, déi um Terrain vun der Gemeng wunnen a kleng Kanner hunn, mat enger finanzieller Hëllef fir d’Käschte vun der Notzung an der Entsuergung vu Wëndelen ze reduzéieren.

Laut dem Gemengereglement iwwert de Subsid „Pampers Prime“ kritt all Famill 60 € pro Semester fir all Kand ënner 3 Joer.

Fir dëse Subsid unzefroen, biede mir Iech, dësen Online-Formulaire auszefëllen.

 

Informatioun:

De Subsid „Pampers Prime“ kann och, wéi am Artikel 2 vum Reglement festgehalen,  Persounen accordéiert ginn, déi reegelméisseg an a méi grousse Quantitéiten Hygiène-Artikele brauchen. An dësem Fall ass et néideg, e Certificat médical virzeleeën.

 

 

Fir méi Informatiounen oder bei Froen, kontaktéiert:


GRIES-Lena

Lena Gries

Veräiner, Sozialhëllefen, Subsiden, abordabele Wunnraum, Gemengebäihëllefen & Manifestatiounen