Eltereforum
Elterforum_header

Eng aluedend Plaz fir Austausch, Informatiounen a Begleedung fir all Elteren

Elterforum_logo

Den Eltereforum ass:

  • Austausch: D'Elterefore fërderen den Austausch an d'Zesummentreffe vun den Elteren ënnerteneen a mat Fachleit. Si erliichteren eng vernetzt Aarbecht mat engem breede Spektrum u kompetente Partner, woubäi vill Wäert op eng modern a wëssenschaftlech fundéiert Approche vum Elteresinn geluecht gëtt.
  • Information: D'Eltereforen erliichteren den Zougang zu qualitativ héichwäertegen Informatiounen iwwer d'Elteresinn. Si sinn eng privilegiéiert Plaz, fir sech ze informéieren, an droen aktiv dozou bäi, déi ganz Gesellschaft fir d'Thema Elteresinn ze sensibiliséieren. Hir Missioun besteet och doranner, d'Elteren an d'Eltereroll ze valoriséieren.
  • Begleedung: D'Elterefore begleeden, orientéieren a stäerken d'Elteren an hirer Aufgab als Elteren. Si ënnerstëtze se jee no Besoin a stinn hinnen an allen Etappen am Liewe vun hirem Kand zur Säit. D'Elterefore begleeden d'Elteren ënner Berücksichtegung vun hirer Liewenssituatioun, vun hire Kompetenzen a Fäegkeeten.

D'Elterefore bidden zesumme mat hire Partner eng qualitativ héichwäerteg Offer a Form vun Elterentreffen, Coursen zum Thema Elteresinn, Aktivitéite fir Eltere mat Kanner, thematesch Soiréeën a Konferenzen.

Fir weider Informatiounen, besicht den Internetsite www.eltereforum.lu.