Mobil Jugendaarbecht
Photo-mobil_jugendaarbecht-header
Jugendhaus-Niederanven_On-Tour

Moien! Mäin Numm ass Thierry an ech si Jugendaarbechter am Jugendhaus Nidderaanwen. Niewent dem Alldag an de Projeten am Jugendhaus sinn ech och an der ganzer Gemeng ënnerwee, dëst am Kader vun der mobiller Jugendaarbecht.

Dat bedeit, dass ech net just am Jugendhaus sinn, mais d'Aarbecht aus dem Jugendhaus no baussen transportéieren. Sou datt ech och fir déi Jonk, déi net an d’Jugendhaus kommen, do sinn. Jee no Plaz an Zäit kann ech Aktivitéiten an och verschidden Aktiounen ubidden. Ech sinn zu all Moment uspriechbar a kann Informatiounen iwwert d'Jugendhaus a seng Projete matginn, souwéi och Uspriechpartner bei seriösen, privaten oder schoulesche Froen sinn. Et ass zu all Moment méiglech e Rendez-vous am Jugendhaus auszemaachen fir verschidden Demarchen unzegoen.

Meng Roll als mobillen Jugendaarbechter ass déi vum Gaascht an der Liewenswelt vun de Jonken. Dee bei Themen, déi déi Jonk betreffen, vermëttelen an zesummen mat der Gemeng, dem Jugendhaus oder anere Servicer no Léisungen an Iddie siche kann. Meng Aufgab besteet net dodran, Kanner a Jonker vun hire Plazen ze verdreiwen oder se ze iwwerwaachen. Wann dir mech dobausse gesidd, meeschtens mat engem Pullover oder engem T-Shirt vun Elisabeth Jeunesse oder dem Jugendhaus Nidderaanwen, schwëtzt mech roueg un.


Op eisem Site www.elisabethjeunesse.lu erkennt een d'Plazen an d'Aktivitéiten wou ech ënnerwee sinn um Numm “On Tour”.


Bis geschwënn!

Kontakt:
Thierry Mathieu
T.: 621 571 080
E.: thierry.mathieu@elisabeth.lu