Semaines du Bien-Être Mental — Woche vun der Mentaler Gesondheet

Semaines du Bien-Être Mental
Mise en lumière

Woche vun der Mentaler Gesondheet

Save the date · 05.–26.10.2026

D'Woche vun der Mentaler Gesondheet ginn 2026 nach méi grouss! Vum 5. bis 26. Oktober 2026 proposéieren d'Gemenge Betzder, Jonglënster an Nidderaanwen zesumme mam CNAPA an der Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale dräi Woche laang Konferenzen, Workshops, Formatiounen, Aktivitéiten an Diskussionsronne ronderëm d'Thema vun der Mentaler Gesondheet an der Lutte géint d'Stigmatiséierung.

Mir lueden Iech häerzlech an, un eisem interessante Programm deelzehuelen!

Programm 2026

Entdeckt eis Aktivitéite vum 5. bis 26. Oktober 2026

05, 12, 19 & 26.10.26 | 18.00 - 21.00 Auer Santé-Mentale

Éischt-Hëllefs-Cours fir Mental Gesondheet - op Lëtzebuergesch

D'Aschreiwunge si limitéiert op maximal 20 Persounen. D'Awunner vun de Gemenge Betzder, Jonglënster an Nidderaanwen hu Virrang.

Formateur: Sacha Bachim, Psycholog (CNAPA)
Plaz: Centre Polyvalent « A Schommesch » (18, rue d'Ernster L-6977 Oberanven)
Delai fir sech anzeschreiwen: 25.09.2026
Aschreiwung: 34 11 34-35 | [email protected]

06 & 08.10.26 | 09.00 - 16.00 Auer Santé-Mentale

Éischt-Hëllefs-Cours fir Mental Gesondheet - op Franséisch

D'Aschreiwunge si limitéiert op maximal 20 Persounen. D'Awunner vun de Gemenge Betzder, Jonglënster an Nidderaanwen hu Virrang.

Formateur: Sacha Bachim, Psycholog (CNAPA)
Plaz: Al Kierch, Ruedt-Sir (10, rue d'Olingen L-6914 Roodt-sur-Syre)
Delai fir sech anzeschreiwen: 25.09.2026
Aschreiwung: 28 13 73-224 | [email protected]

06.10.26 | 19.00 - 21.00 Auer 09_02_Menopause

Konferenz ,,Wann d'Pubertéit op d'Menopause trëfft'' mat Table-ronde

An Zesummenaarbecht mat: Lëtz Menopause asbl & KHD - Kanner Helpdesk

Plaz: Centre Polyvalent « A Schommesch » (18, rue d'Ernster L-6977 Oberanven)
Delai fir sech anzeschreiwen: 28.09.2026
Aschreiwung
: 34 11 34-35 | [email protected]

07.10.26 | 10.00 - 12.00 Auer Header-Depressions

Workshop ,,Depressioun verstoen''

Depressioun verstoen: Hikucken amplaz ewechkucken
Mam Maxime Hansen (ZithaUnit)
D'Aschreiwunge si limitéiert op maximal 15 Persounen. D'Awunner vun de Gemenge Betzder, Jonglënster an Nidderaanwen hu Virrang.

Plaz: Centre culturel Mensdorf (Place Martin Blum L-6933 Mensdorf)
Delai fir sech anzeschreiwen: 28.09.2026
Aschreiwung: 28 13 73-224 | [email protected]

07. & 14.10.26 | 09.00 - 16.00 Auer Santé-Mentale

Éischt-Hëllefs-Cours fir Mental Gesondheet - op Englesch

D'Aschreiwunge si limitéiert op maximal 20 Persounen. D'Awunner vun de Gemenge Betzder, Jonglënster an Nidderaanwen hu Virrang.

Formateur: Anouk Hinger, Psychologin (CNAPA)
Plaz: Centre Polyvalent « A Schommesch » (18, rue d'Ernster L-6977 Oberanven)
Delai fir sech anzeschreiwen: 25.09.2026
Aschreiwung: 34 11 34-35 | [email protected]

10.10.26 | 20.00 Auer AFMH_Site_1024x768px

Artists for Mental Health – Kommentéiert Concerten - 5. Anniversaire

Mat follgende Kënschtler(innen): Eva Marija, Maz Univerze, Nicool, Ninon, Lata Gouveia, Josh Island, Daniel Balthasar, Pink-Knife, Blame Emeraude & Krick

Gedrénks a Foodtruck op der Plaz!

Open doors: 19.00 Auer
Plaz: Centre Polyvalent « A Schommesch » (18, rue d'Ernster L-6977 Oberanven)

13 & 15.10.26 | 09.00 - 16.00 Auer Santé-Mentale

Éischt-Hëllefs-Cours fir Mental Gesondheet fir Jugendlecher - op Lëtzebuergesch

D'Aschreiwunge si limitéiert op maximal 20 Persounen. D'Awunner vun de Gemenge Betzder, Jonglënster an Nidderaanwen hu Virrang.

Formateur: Sacha Bachim, Psycholog (CNAPA)
Plaz: Al Kierch, Rued-Sir (10, rue d'Olingen L-6914 Roodt-sur-Syre)
Delai fir sech anzeschreiwen
: 05.10.2026
Aschreiwung: 28 13 73-224 | [email protected]

13.10.26 | 14.30 - 16.00 Auer More-than-1-Story

Intergenerationnell Aktivitéit mam Kaartespill ,,Mir sinn all méi ewéi just eng Geschicht...''

An Zesummenaarbecht mat: Nieds4Seniors, Residenz Gréngewald Niederanven & Maison Relais Niederanven

Plaz: Residenz Gréngewald (8, Routscheed L-6939 Niederanven)
Delai fir sech anzeschreiwen: 05.10.2026
Aschreiwung
: 34 11 34-35 | [email protected]

13.10.26 | 18.30 - 20.30 Auer Workshop-Aquarelle

Aquarell-Workshop

Kënschtlerin: Agnieszka Strzebinczyk

D'Aschreiwunge si limitéiert op maximal 15 Persounen. D'Awunner vun de Gemenge Betzder, Jonglënster an Nidderaanwen hu Virrang.

Plaz: Kulturhaus Niederanven (145, route de Trèves, L-6944 Niederanven)
Delai fir sech anzeschreiwen: 05.10.2026
Aschreiwung
: 34 11 34-35 | [email protected]

14.10.26 | 19.00 Auer Filmowend-Les Intouchables

Projektioun vum Film ,,Les Intouchables'' mat Table-ronde

Organisatioun: Gesondheet- a Sozialkommissioun vun der Gemeng Jonglënster
Alkoholfräie Patt a Schnittercher offréiert vun der Gemeng Jonglënster.

Plaz: Lënster Lycée (2, rue Victor Ferrant, L-6122 Junglinster)
Filmprojektioun: 19.15 Auer
Audioversioun: VO FR English subtitles (Iwwersetzungen: LU-FR-EN)

16.10.26 | 18.00 Auer More-than-1-Story

Intergenerationelle Spillowend mam Kaartespill ,,Mir sinn all méi ewéi just eng Geschicht...''

Plaz: Centre culturel Mensdorf (Place Martin Blum L-6933 Mensdorf)
Delai fir sech anzeschreiwen: 05.10.2026
Aschreiwung: 28 13 73-224 | [email protected]

17.10.26 | 10.00 - 14.00 Auer Balade-canine

Muppe-Spadséiergang mat engem Coach

mat uschléissendem Photo-Shooting mat MRS Nature Photography an engem BBQ organiséiert am Chalet « Groussebësch » zu Nidderaanwen
D'Aschreiwunge si limitéiert op maximal 30 Persounen. D'Awunner vun de Gemenge Betzder, Jonglënster an Nidderaanwen hu Virrang.

Plaz: Groussebësch Niederanven (tëschent Nidderaanwen a Rued-Sir)
Delai fir sech anzeschreiwen: 09.10.2026
Aschreiwung
: 28 13 73-224 | [email protected]

17.10.26 | 18.00 Auer Header-Staark-Ënner-Drock

Table-ronde ,,Staark ënner Drock – Mental Gesondheet am Sport''

Projektioun vum Film ,,Strong'' mat Table-ronde

An Zesummenaarbecht mat: Jugendhaus Niederanven, Sportteam Nidderaanwen & EVOLVE360 Sarl
Dësen Event riicht sech souwuel u Jonker wéi och Elteren, Traineren a soss jidderee deen sech mat dësem Sujet befaasst.

Plaz: Centre Polyvalent « A Schommesch » (18, rue d'Ernster L-6977 Oberanven)
Delai fir sech anzeschreiwen: 09.10.2026
Aschreiwung
: 34 11 34-48 | [email protected] ; 34 11 34-35 | [email protected]

18.10.26 | 09.00 - 12.00 Auer Balade-Groussebësch

Spadséiergang an Austausch (4-6 km)

An Zesummenaarbecht mat: Natur, Beweegung an Entwécklung Sàrl

D'Aschreiwunge si limitéiert op maximal 15 Persounen. D'Awunner vun de Gemenge Betzder, Jonglënster an Nidderaanwen hu Virrang.

Plaz: Groussebësch Niederanven (tëschent Nidderaanwen a Rued-Sir)
Delai fir sech anzeschreiwen: 09.10.2026
Aschreiwung
: 28 13 73-224 | [email protected]

Heefeg gestallte Froen

Alles wat dir wësse musst ier dir iech aschreift

Aus organisatoreschen Grënn musst dir iech fir déi meeschten Aktivitéiten am Virfeld umellen.

Dëst si kommentéiert Concerten, organiséiert am Kader vun de Woche vun der Mentaler Gesondheet, an Zesummenaarbecht mat der ASBL „Artists for Mental Health“. Dëst Event bréngt d'Kënschtler an de Public fir en Owend zesummen, dee ganz am Zeeche vu Reflexioun, Kreativitéit a Mënschlechkeet steet. All Artist kritt eng „Carte blanche“, fir d’Thema vun der mentaler Gesondheet op seng ganz perséinlech Aart a Weis unzegoen – iwwer Geschichten, Songtexter oder perséinlech Erfarungen.

D’Zil ass et, e Raum fir éierlechen Austausch ze schafen an ze weisen, wéi eng wichteg Roll Musek beim Ausdrécke vun Emotiounen a beim emotionale Wuelbefanne spille kann. Eng eenzegaarteg Approche, fir dës Themen iwwert de Wee vun der Kultur unzeschwätzen!

Dëst Joer feiere mir déi 5. Editioun vun dësem aussergewéinlechen Event, dat all Joer renomméiert Kënschtler op Nidderaanwen zitt!

D’Coursë riichte sech un all Persoun, déi léiere wëll, d’Unzeeche vun enger mentaler Stéierung ze erkennen an eng éischt Ënnerstëtzung unzebidden. Et gi verschidde Coursen op verschidde Sproochen ugebueden, déi sech iwwer méi Deeg zéien. Zousätzlech gëtt och e Cours speziell fir Jugendlecher ugebueden.

D’Prioritéit gëtt den Awunner aus de Gemenge Betzder, Jonglënster an Nidderaanwen accordéiert.

An Zesummenaarbecht mat

Gemeng Betzder

Gemeng Jonglënster

Gemeng Nidderaanwen

CNAPA

Ligue de la Santé Mentale