De Samschden, 20. September 2025, wäert an der Gemeng Nidderaanwen d’Eenzelzäitfuere vum Škoda Tour de Luxembourg stattfannen. Op dëser Säit fannt Dir all déi wichtig Informatiounen iwwert dëst grousst sportlecht Event.
Visiteure kënnen einfach a bequeem mat enger Navetten aus dem Parc d’Activité Syrdall bei d'Skoda Tour de Luxembourg kommen.
Eraklammen ass op alle Bushaltestellen an der Industriezone méiglech. Den Arrêt beim
Depart-/Arrivéeberäich vun der Etapp befënnt sech op Héischt vum Geschäfft Pianos Kelly.
D'Navette fiert duerchgehend vun 13:00 bis 21:00 Auer am Krees, fir eng flexibel An- an Ofrees zu all Moment ze garantéieren.
7 Auer:
Späre vun der N1 fir de Montage
Späre vun der Route de Trèves
Späre vun der Rue Laach (Départ)
12 Auer:
Komplett Späre vum Circuit
| Nidderaanwen & Ueweraanwen | Rue du Bois |
| Rue Belle-Vue | |
| N1 / route de Trèves | |
| Rue Laach | |
| Rue Michel-Lentz | |
| Rue Dicks | |
| Rue Renert | |
| Op de Wolleken | |
| Bei der Aarnescht | |
| Routstrach | |
| Rue Andethana (partie) | |
| Rue du Coin | |
| Am Sand | |
| Rue d'Ernster | |
| Rue Jean-Pierre Gloden | |
| Rue Schetzel | |
| Wakelter | |
| Rammeldang | An der Retsch |
| Rue Jos Schroeder | |
| Am Weidewee | |
| Am Aeppelwee | |
| Am Bounert | |
| Op Mooschelt | |
| Iernster | Rue Principale |
| Rue du Rham | |
| Am Beiebierg | |
| Rue Engelshaff | |
| Rue de Rodenbourg | |
| Rue de l'Ecole | |
| Rue du Gruenewald |
Am Kader un der Organisatioun vum Skoda Tour de Luxembourg (4. Etapp) ass mat Perturbatiounen am Busverkéier um Territoire vun der Gemeng Nidderaanwen ze rechnen. Fir weider Informatioune biede mir Iech, den Avis hei drënner ze consultéieren.
Mir wëllen och informéieren, dass de citybus Niederanven de Samschden, 20. September, net circuléiere wäert.
Zanter ville Jore leeën d’Organisateure vum Škoda Tour de Luxembourg e besonnesche Wäert op d'Sécherheet vun all de Participanten, virun allem vun de Coureuren.
Et ass strengstens verbueden, géint d’Fahrtrichtung ze fueren. D’Stroosse ginn ongeféier 10 Minutte virum Passage vum Tour a béid Richtunge gespaart, wat duerch den Auto „Roude Fändel” ugedeit gëtt. Nodeems de Schlussauto „Grénge Fändel” laanschtgefuer ass, ginn d’Stroossen nees fir de Verkéier fräiginn. Op verschiddene kritesche Plazen, wéi z. B. bei Offarten, ginn d’Zoufarten an déi aner Richtung méi fréi gespaart, fir all Risiko ze vermeiden. Fir datt d’Manifestatioun ouni Tëschefäll oflafe kann, biet d’Organisatioun all d'Verkéiersbenotzer ëm hire Versteesdemech an hir Mataarbecht. Et ass wichteg, d’Uweisunge vun der Police an de Streckeposte wärend der ganzer Course präzis ze beuechten.
Mir informéieren, dass de Citybus Niederanven den 20. September 2025, wéinst dem Škoda Tour de Luxembourg net duerch d’Gemeng fiert.
Dëst Joer gëtt et bei der Škoda Tour de Luxembourg eng besonnesch Kannertribün - Spuerkeess Kannertribün a bitt de jonke Vëlosportfans d'Méiglechkeet, d'Atmosphär vun der Course hautno ze erliewen!
D'Spuerkeess Kannertribün bitt de Kanner (6-12 Joer al) e sécheren a flotte Beräich mat beschtem Bléck op d'Zillinn. D'Zon gëtt mat verschiddenen Aktivitéite belieft, fir den Dag vun der Course och fir déi jéngste Spectateure flott ze gestalten. D'Participatioun ass gratis, d'Plaze sinn awer limitéiert.
- Etapp 4 - 20/09 - Nidderaanwen: route de Trèves von 15:00 - 18:15
Plang vun der Zon Départ/Arrivée