Nieds4Seniors
Foto-Nieds4Seniors-header
NIDDERAANVEN_LOGO_SENIORS_L_RGB

Gremium Nieds4Seniors

08.03.26 Mëttesdesch fir Senioren 011

Zil vum Projet Nieds4Seniors ass et de Senioren d’Méiglechkeet ze ginn, aktiv a gemeinsaamt Gemengeliewen kënne matzegestalten an esou hire Besoine gerechtzegin a virun Allem dat intergenerationnellt an inklusiivt Zesummeliewen an eiser Gemeng ze fërderen.

v.l.n.r.: Anne-Marie Berchem (Club 50 Plus), Sonja Ostermann (Foyer du Jour Niederanven), Rose Scharfe, Olivier Grüneisen (Club Aktiv Plus « Club Syrdall »), Fréd Ternes (Buergermeeschter), Roberta Dario (Coordinatrice Seniors), Patrick Reding (CIPA), Denise Künsch-Engel (Club 50 Plus), Marion van Alphen, Hikde van Beusekom-Braeckman.
Nieds4Seniors-Guide

Entdeckt den neie Guide fir Senioren, dee vun der Ekipp Nieds4Seniors ausgeschafft gouf. Dëse Guide soll Senioren am Alldag begleeden an hinne praktesch Informatioune liwweren, fir dass si sech am Alldag zurecht fannen. 

Dir sidd Senior? Dir hutt Loscht, d'Jugend ze ënnerstëtzen? Da schléisst Iech dem intergenerationnellen Nohëllefservice vum Mouvement pour l'Égalité des Chances, dem Super Seniors, un!

Deel vum Super Senior-Team ze sinn huet vill Virdeeler:  

  • Dir bleift mat der Jugend a Kontakt
  • Dir engagéiert Iech an enger sozialer a wäertgeschätzter Tätegkeet
  • Dir ëmpfannt Freed an Zefriddenheet, wann d'Schüler Fortschrëtter maachen
  • Dir knëppt sozial Kontakter
  • Dir fleegt Är Kenntnësser a gitt Wësse weider
  • Dir gitt an der Gesellschaft gebraucht

Eise Begleetservice Super Seniors ass:

  • schoulesch Ënnerstëtzung fir Kanner a Primärschoulen
  • flexibel Organisatioun vun Nohëllefstonnen
  • Treffe bei hinnen doheem
  • Austausch a Gesellegkeet tëschent de Senioren
  • Remboursement vun den Deplacementsfraisen
  • Professionell Betreiung vun Aktivitéiten durch d'MEC asbl 

D'Associatioun sicht Seniorinnen a Senioren, déi: 

  • Freed hunn, hiert Wësse weiderzeginn
  • hir Kenntnësser am Franséischen an/oder Däitschen an/oder an der Mathe weider wëlle ginn
  • no enger benevoller Aktivitéit sichen
  • an engem innovative Projet, deen de schouleschen Erfolleg fërdert, Deel wëlle sinn

Interessiert? Da kontaktéiert d'Associatioun via info@mecasbl.lu oder ënner den Telefonsnummeren 26 72 00 35 / 621 669 212.
Méi Informatiounen: www.mecasbl.lu/super-senior

Eemol am Joer organiséiert d'Ekipp vun Nieds4Seniors e Mëttesdësch fir Senioren. E flotten Dag fir eis Senioren, fir sech géigesäiteg auszetauschen, an och méi Informatiounen iwwert eng ganz Rei Institutiounen a Veräiner gewuer ze ginn.

D'Ekipp Nieds4Seniors organiséiert reegelméisseg Bingo-Nomëtteger. Dëst ass eng intergenerationell Aktivitéit, bei där jidderee wëllkomm ass !

De 5. Februar a 5. Mäerz 2026 huet d'Team vun Nieds4Seniors en intergenerationelle Lehmworkshop organiséiert. D'Participanten hunn am CIPA ,,Gréngewald'' Niederanven Tounfigure geformt an duerno bemoolt.

De 17. Januar 2026 huet d'Team Nieds4Seniors e Filmnomëtteg am Centre polyvalent ,,A Schommesch'' organiséiert.