Bëschverwaltung
Foto-Centreforestier-header

D'Bëschverwaltung befënnt sech um Sennengerbierg a gehéiert zum Bezierk Osten. D'Verwaltung ass Deel vun der Administration de la Nature et des Forêts. Zu sengen Aufgabe gehéieren:

  • d'Bëschgestioun an den Entretien vun de Bëscher vun de Membergemengen
  • d'Iwwerwaachung vun den Aarbechte vu Privatleit an de Bëscher
  • d'Iwwerwaachung vum Anhale vun de gesetzleche Bestëmmunge fir den Erhalt vun der Natur- a Planzewelt, souwéi der Juegd
  • den Entretien vun de Bëschweeër, markéierte Pied sou wéi den Amenagement, d'Restauratioun an d'Gestioun vu Biotopen

Pit Lacour

Préposé vum Triage

Joé Bredemus


Gaetano Micucci


Nadia Schlottert


Entdeckt d'Bëschverwaltung an eisem Video!

Brennholzbestellung

Foto-Brennholz

All Joer hutt Dir ab dem 15. Januar d'Méiglechkeet Är Commande fir Brennholz ze maachen andeem s Dir deen dofir bereet gestallte Formulaire ausfëllt.

Hei e puer Informatiounen iwwert d'Brennholzbestellung:

  • Déi maximal verfügbar Steren u Brennholz fir eis Gemeng ginn e puer Deeg virun der Online-Schaltung vum Bestellformulaire bekannt gemaach
  • All Stot ka max. 2 Stere bestellen
  • Bei der Bestellung huet den Demandeur d'Méiglechkeet, den Datum fir d'Liwwerung vum Brennholz auszewielen
  • De Formulaire wäert just esou laang online si wei och Brennholz zur Verfügung steet. Mir recommandéieren Iech dowéinst Är Bestellung schnellstméiglech no der Online-Schaltung vum Formulaire ze maachen.