Ofgeschlosse Gemengeprojeten

Haut op vun 08.00 - 14.00 Auer (ouni Ënnerbriechung)

De KI-Assistent vun der Gemeng

Stellt Är Fro op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch oder Englesch

Projets-Niederanven-Header

E Bléck op déi ofgeschlosse Projeten an der Gemeng Nidderaanwen

Dat neit Gebai fir d'Gemengeservicer ass fäerdeg. Hei schaffen elo de Gäertner-, de Waasser- a Stroossendéngscht zesummen op enger Plaz.

Am Gebai sinn 2 grouss Garage mat enger Héischt vu 6, respektiv 4,5 m, fir d'Gemengegefierer, déi néideg Lagerplaze fir Material, an d'Atelier fir d'Servicer virgesinn. Am mëttelsten Trakt befanne sech d'Openthaltsräim, d'Büroen, d'Sanitäranlagen, sou wéi d'Vestiaire fir d'Aarbechter. Déi ganz Technik ass hei och ënnerbruecht.

Am Bausseberäich si Parkplaze fir d'Mataarbechter, sou wéi Boxe fir Material ze stockéieren a Containeren ofzestellen, virgesinn. 

Um Gebai ugebaut ass och e Waasserbaseng mat engem Volume vun 1000 m3.

An der Sëtzung vum Gemengerot vum 14. November 2025 ass de Projet vun der Konversioun vum Grasterrain vum Stade Jos Becker zu engem syntheeteschen Terrain gestëmmt ginn. Nodeem s analyséiert gouf, wéi eng Zort Terrain am Stade Jos Becker am sënnvollsten ass, ass d’Wiel op ee syntheeteschen Terrain gefall. Dëst erméiglecht eng aachtmol sou héich Notzungszäit. Soumat kënnen an Zukunft niewent de Matcher vun de Senioren och Jugendmatcher an eng Villzuel un Trainingen ofgehale ginn. Fir den Afloss op d’Ëmwelt geréng ze halen, huet d’Gemeng Nidderaanwen sech fir een onverfëllte syntheeteschen Terrain entscheet.

De 16. August 2026 gouf deen éischte Match vum FC US Hostert op deem neien Terrain gespillt.

Synthetesche Fussballsterrain-1

An der Gemengerotssëtzung vum 17. Januar 2025 gouf de Projet vun der Mise en conformité vun dem Busarrêt “Charly’s Station” an der Rue du Golf um Sennengerbierg geneemegt.

Duerch d’Mise en conformité kënne Persoune mat ageschränkter Mobilitéit vun elo u besser de Bus op dëser Plaz notzen.

Projet-arrêt_de_bus_charly's_station-1

An der Gemengerotssëtzung vum 17. Januar 2025 gouf de Projet vun der Securisatioun vum Zebrasträifen op der Route de Trèves um Sennengerbierg geneemegt. Beim Zebrasträifen handelt et sech ëm dee bei der Kräizung vun der N1 mat der Rue du bois an der Rue de Neuhausgen.

Den Zebrasträifen ass elo mat enger rouder Luucht geséchert.

Photo-Logements-Sociaux-RueDuScheid
Photo-Hall-Tennis-Senningerberg

De Projet vum Ausbau vum Tennis um Sennengerbierg ass lancéiert. Geplangt ass d'Hal ze sanéieren, de Sanitärblock ofzerappen a virun d'Hal en Ubau op 2 Stäck ze bauen. En Highlight vum Projet ass d'Erriichte vun engem Nahwärmenetz mat Holzhackschnitzel fir d'Gebaier vun der Gemeng am Ëmfeld vun der Tennishal ze hëtzen. 

An der Gemengerotssëtzung vum 27. September 2024 gouf de Projet ,,Tiny House'' gestëmmt. De Projet befënnt sech zu Rammeldang: en innovatiivt Tiny House, dat mat Hëllef vun der 3D-Drucktechnologie gebaut gëtt. En eenzegaartegt Tiny House, mat enger Fläch vu 47m2 an dat eenzegt vu senger Zort, das zu Lëtzebuerg gebaut wäert ginn!

Fir weider Informatiounen iwwert de Projet, kuckt Iech d'Presentatioun hei drënner un.

05.OUTSIDE_Front_Final_resized_2
Plan-CR132-Mesures-Apaisement

An der Gemengerotssitzung vum 22. Oktober 2021 gouf de Projet iwwer Berouegungsmoossnamen vun der Kräizung ,,rue Andethana” a ,,rue du coin” geneemegt. An dësem Projet gouf iwwer eng Längt vun 80 Meter ee Plateau an der ,,rue Andethana” aménagéiert. De Plateau soll vun elo un dozou déngen, den Trafic op dësem Deel ofzebremsen an ze berouegen. Des Weideren gouf op der gesamter Streck den Trottoir ugepasst. Doduerch entsteet ee Chemin mixte fir Foussgänger an Vëlosfuerer als Verbindung vun dem Campus ,,Am Sand” mam Gemengenhaus.

Foto-Kannerwee

An der Gemengerotssëtzung vum 25. Juni 2021 gouf den Erliefniswee “Maarkollef” geneemegt. Dëse Wee huet eng Gesamtlängt vun 3,0 km an verleeft am ,,Groußebësch” tëschent Nidderaanwen an Rued Syr. Dëse Wee ass als innovative Léierpad fir Schoulkanner an hir Famill virgesinn. D’Zil ass et, dass d’Kanner bei de Statiounen duerch Matmaachen vun verschiddenen Aktiounen, de Bësch entdecken a kenneléieren. Umdem Wee sinn 13 Statioune geplangt, wou de Maarkollef entweder d’Besicher zum Matmaachen motivéiert oder mat zousätzlechen Informatiounen Wësse vermëttelt. Bei de Statiounen “Buchensuche” an ,,Eichenblick” stellt den Maarkollef verschidden Aarte vu Beem aus dem Bësch vir a fuerdert d’Kanner op, dës am Bësch ze sichen. Des Weidere motivéiert de Maarkollef d’Besicher dozou bei der Statioun ,,Waldkunst” kreativ ze agéieren. Zousätzlech léiert ee bei dëser Statioun Wëssenswäertes iwwert d'Tarnverhaale vun de verschiddenen Déieren. De ,,Sinnespfad” déngt dozou, de Bësch duerch Taaschten, Kucken an Héieren bewosst wouer ze huelen. Op de weidere Statiounen, wéi ,,Wasser”, ,,Bodengeheimnisse”, ,,Aufgaben des Waldes” a ,,Wertvolles Holz”, erkläert de Maarkollef, déi zum Deel verstoppte Schätz vun engem Bësch. Niewent der Parkméiglechkeet fir Autoe beim Fligermonument, wäert den Accès per Vëlo opgrond vum neie Vëloswee tëschent Nidderaanwen an Rued Syr assuréiert sinn.

De 5. Mee 2024 gouf den Erliefneswee ,,Maarkollef'', dee vun elo un ënnert dem Numm Kannerwee Groussebësch leeft, ageweit. Méi Informatiounen iwwert de Kannerwee Groussebësch fannt Dir och op eiser Säit iwwert d'Wanderweeër.

 

Plan-Rue-Routscheed

An der Gemengerotssitzung vum 21. Mee 2021 gouf de Projet iwwer d’Renovatioun vun der ,,rue Routscheed” geneemegt. An dësem Projet gëtt een Trottoir tëschent dem Verbindungswee zur Rue Laach an der Schoul aménagéiert. Den Trottoir féiert als Trottoir traversant iwwer d’Zoufaarte vum Parking beim CIPA. Dat ass eng Moossnam fir d’Automobilisten drop opmierksam ze maachen, dass si an dëser Zone oppassen a lues fuere mussen. Soumat kann e séchere Schoulwee op dëser Deelstéck garantéiert ginn. Des Weideren gëtt de Busarrêt virun der Schoul sou ugepasst, dass d’Schoulkanner ideal op de Bus goen kënnen.

Photo-Entrée-Zone30
Photo-Verkeiersgaart-2

De Verkéiersgaart ass den 13. Mee 2023 am Kader vun der Nuit du Sport ageweit ginn. E gëtt de Kanner d'Méiglechkeet op eng sécher a spilleresch Aart a Weis d'Notzung vum Vëlo am ëffentleche Stroosseraum léieren. De Verkéiersgaart ka vun der Schoul, der Maison Relais, mee awer och privat genotzt ginn.

Photo-CentraleDeCogeneration

De 27. Abrëll 2023 gouf d'Biomass-Cogeneratiounsanlag um Komplex ,,Am Sand'' ageweit. Duerch d'Ëmstellung vum Wärmenetz vun Erdgas op Holzpellets gëtt um Komplex ,,Am Sand'' den CO2-Ausstouss vun der Gemeng an Zukunft am Joer ëm 1.370 Tonne reduzéiert.

Photo-Liewenstuerm_1

Am Mäerz 2023 gouf um Campus ,,Am Sand'' e Liewenstuerm ageweit, deen e Symbol fir den Erhalt vun der Aartevillfall soll sinn an an Zukunft e Liewensraum fir Insekten, Reptilien, Villercher a kleng Mamendéieren bidde soll. Sou sinn d'Etagë vum Tuerm mat verschiddene Materialie befëllt a ronderëm den Tuerm eng einheimesch Kraidermëschung geséit ginn. Zousätzlech si Beem a Straicher geplanzt ginn, déi duerch hir Bléie besonnesch bestäuberfrëndlech sinn. E flotte Projet vun eiser Ëmweltkommissioun an Zesummenaarbecht mam SIAS, dem Fierschter an eisem Gaardendéngscht.

Photo-Terrain-Football

No knapp 2 Méint Aarbechtszäit ass deen neien Tapiis vum syntheeteschen Terrain de 4. Juli 2022 offiziell vun der FLF ofgeholl ginn. 

Photo-Morgue-Hostert

Déi nei Morgue vum Kierfecht zu Hueschtert ass fäerdeg. Knapp 2 Joer nom Start vun de Bauaarbechte gouf se offiziell ageweit. Niewent der Morgue goufen zousäzlech Toilettë fir de Public gebaut. 

Photo-AireDeJeux-Hostert_2

E klenge Bléck op déi nei Spillplaz zu Hueschtert.

Photo-PassagesPietons-ArretsDeBus

An de leschte Jore sinn e Groussdeel vun de Foussgängeriwwergäng, zur Erhéijung vun der Sécherheet, mat neie Luuchten ausgerëscht ginn. Des Weidere si Busarrête fir Persoune mat ageschränkter Beweegung gerecht gemaach ginn.

Photo-ParkingEcologique

Den ekologesche Parking zu Iernster ass de Beweis, dass Parkraumschaaffung an Ëmwelt net ëmmer contraire zuenee musse stoen.

Photo-Terrains-Tennis
Photo-Renovation-HallSportif_Collage
Photo-Renovation-CoursRecreation
Photo-Cuisine-CIPA