Computercoursen
De KI-Assistent vun der Gemeng

Stellt Är Fro op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch oder Englesch

foto-cours-du-soir-header

Dir wëllt Äre Computerkenntnesser verbesseren? Egal ob et ass fir den Internetführerschäin ze maachen, d'Programmer Microsoft Word an/oder Excel kennenzeléieren oder sech mat sengem Handy vertrautzemaachen - entdeckt hei eis verschidde Computercoursen!

Hei fannt Dir d'Computercoursen, déi vum 19. Oktober bis 2. Dezember 2026

AuerzäitMéindenDënschdenMëttwoch
09:30 - 11:30MS Word initiationInternetführerschäinInternetführerschäin
14:00 - 16:00MS Excel initiationMS Windows 11iPhone / iOS

Aschreiwung
Aschreiwen fir d'Computercourse kann een sech vum 5. Oktober bis de 16. Oktober 2026 all Dag tëschent 09:00 Auer an 16:30 Auer
per Telefon: 621 223 522
oder E-mail: [email protected]

Responsabel fir d'Coursen
M. Fernand EHMANN

Centre de Formation
128, route de Trèves
L-6960 Senningen

All d'Course ginn op Lëtzebuergesch ofgehalen

CoursUnzuel vun de StonnenPräiss
Internetführerschäin 2/212x2 Stonnen75€
Microsoft Windows6x2 Stonnen75€
Aféierung an déi digital Fotographie6x2 Stonnen75€
Microsoft Word avancé6x2 Stonnen75€
Microsoft Excel avancé6x2 Stonnen75€
Workshop Apple iPhone / iOS4x2 Stonnen45€

Permanence bei Froe ronderëm Äre Computer, Handy oder Tablet!

Dir hutt Problemer mat Ärem Computer, Handy oder Tablet, déi Dir einfach net geléist kritt? 
Zweemol an der Woch bitt den Här Fernand Ehmann eng Permanence fir all Är Froen un!

  • donneschdes vun 10h00 bis 14h00
  • freides vun 10h00 bis 14h00

D'Spriechstonn ass nëmme méiglech mat engem Rendez-vous, deen am Virfeld iwwert den 621 223 522 fixéiert gouf!