Parc de l'Europe
De KI-Assistent vun der Gemeng

Stellt Är Fro op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch oder Englesch

Z7M_2927
plan_parc_de_l_europe

Den 22. Juni 2011 ass de Parc de l’Europe a Präsenz vun der Groussherzoglecher Koppel ageweit ginn. Den Numm gouf gewielt als Symbol vun der europäescher Koexistenz hei an der Gemeng Nidderaanwen, wou d’Halschent vun den Awunner Net-Lëtzebuergescher sinn.

Am Parc de l’Europe fannt befënnt sech och eng flott Fotoausstellung. De Projet „Nidderaanwen bedeit fir mech …“ ass eng Zesummenaarbecht tëscht dem Fotoclub Gemeng Nidderaanwen an der Gemeng. Am Kader dovu goufen ënnerschiddlech Leit aus der Gemeng fotograféiert, déi op en Opruff reagéiert haten. Dir kënnt elo am Park hannert der Gemeng noliesen, wat Nidderaanwen fir si bedeit!

Säit Juli 2022 hutt Dir d'Méiglechkeet, méi iwwert d'Beem gewuer ze ginn, déi am Parc de l'Europe stinn. Scannt einfach de QR-Code, deen Iech op déi entspriechend Säit féiert. Hei fannt Dir all d'Beem, déi sech am Park befannen:

Zidderpëppel

Taschentuchbaum

Drauwekiischt

Summerlann

Europäische Lärche

Dänn

Esch

Pëppel

Maasselter

Moor-Bierk

Alenter

Bannweid

Wantereech

Ulm

Vullekiischtebam

Platan

Franséische Pällem

Routbich

Wanterlann

Séisskäscht

Käschtebam

Nëssert

Vogelkirsche

Krätschenholz

Arlesbaam

Fatzeg Dänn

Aaschtert

Pampuljen

Hobich

Bierk

Schwaarzkifer

Blumen-Esche

Judasbam

Eechefrächen

Kappweed

Serbesch Dänn

Sequoia Bam