Niedz4Kidz
De KI-Assistent vun der Gemeng

Stellt Är Fro op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch oder Englesch

Niedz4Kidz_Header

Fir a mat de Kanner, dat ass de Motto vum Niedz4Kidz!

Logo-Niederanven-Niedz4Kidz

Niedz4Kidz oder och N4K ass e BiergerTeam aus Awunner*Innen aus der Gemeng, mam Zil d’Gemeng Nidderaanwen aus den Ae vun de Kanner ze gesinn, mee virun Allem hinnen d’Méiglechkeet ze ginn, eis Gemeng aktiv matzegestalten.


KLENSCH-Manuela (1)

Manuela Klensch-Melchior

RH, Kommunikatioun & Niedz4Kidz

STEYER-Jil

Jil Steyer

Kommunikatioun, RH, Jumelage & Niedz4Kidz

BiergerTeam Niedz4Kidz

Gruppefoto N4K 2025

Mat vill Elan a gudden Iddien huet sech d'BiergerTeam Niedz4Kidz den Dënschden, 9. Januar 2024 déi éischte Kéier getraff, fir sech ëm d'Besoine vun eise jéngsten Awunner an der Gemeng ze këmmeren.

Dir wëllt och Deel vum Niedz4Kidz-BiergerTeam ginn an Iech fir d'Wuel vun de Kanner an eiser Gemeng asetzen? Da fëllt wgl. den online Formulaire iwwert d'Biergerbedeelegung aus. Mir freeën eis, Iech an eisem Team begréissen ze kënnen!

 

Entdeckt hei dei flott Projete vun Niedz4Kidz

Zënter dem Start vun eisem Projet am Oktober 2024 schaffe mir zesumme mat Niedz4Kidz drun, de Kanner eng Stëmm ze ginn an si aktiv an d’Gestaltung vun eiser Gemeng anzebannen. An de verschiddenen Workshops mat de Klasse vum Cycle 4.1 sinn eng Rei Iddien a Projete entstanden. Elo ass et Zäit, e Bléck dorop ze geheien, wat zënterhier aus dëse Virschléi ginn ass a wéi et mat de verschiddenen Themen weidergaangen ass.

Wéi alles ugefaangen huet

Nodeems mir am grousse Grupp mat alle Klasse vum Cycle 4.1 schonn eng Partie Iddie gesammelt haten, huet sech d’Ekipp vun Niedz4Kidz mat véier motivéierte Schüler – dem Kim, dem Hendrik, dem Emil an dem Casper – zesummegesat, fir dës Virschléi ze konkretiséieren.
Eraus koume véier wichteg Themen, déi deene Jonken immens um Häerz louchen:

  • Verkéierssécherheet
  • de Schoulcampus „Am Sand“
  • d'Spillplazen an eiser Gemeng
  • de Projet vun engem Kanner-Café/Kiosk

An esou ass et domadder weidergaang ...

Verkéierssécherheet

D’Verkéierssécherheet ass e Sujet, deen eis all um Häerz läit. Och eis jéngst Bewunner hu sech vill Gedanke gemaach, wéi een d'Situatioun op verschiddene Stroosse verbessere kéint.
Hir Iddie sinn dunn och an de Projet „Séchere Schoulwee“ mat eragefloss, bei deem d'Schoulweeër analyséiert an déi geféierlechst Plaze méi genee ënnert d’Lupp geholl goufen.
Mëttlerweil goufen op ville Plazen d’Marquagen um Buedem erneiert, nei Pottoen a Schëlder installéiert, sougenannt „Berliner Kissen“ fir méi niddreg Vitessen ugeluecht an zousätzlech Stroosseluuchte bei Zebrasträife gesat. Dëst hëlleft, datt d’Foussgänger a virun allem och d'Schülerinnen a Schüler besser gesi ginn.
Dëst sinn nëmmen e puer Beispiller; vill aner Upassunge stinn an de kommende Méint a Joren nach un.

De Schoulcampus „Am Sand“

Den Zentrum „Am Sand“ ass fir vill vun eis e feste Bestanddeel vum Alldag: hei schaffe mir, ginn an d'Schoul, maachen Akeef oder verbréngen eis Fräizäit. Fir dëse wichtege Punkt un déi aktuell an zukünfteg Besoinen unzepassen, gouf 2024 eng ëmfaassend Partizipatiounsprozedur gestart – den éischte Schrëtt fir eng nohalteg Opwäertung vum Zentrum.
Och d'Schülerinnen a Schüler hu matgemaach. Ënnert der Leedung vun zwou Léierinnen hunn d’Kanner zesumme mam Jugendhaus Niederanven, youth4planet an Niedz4Kidz Iddien entwéckelt, fir d’Gestaltung vum Site ronderëm d'Sportshal an d'Schoul nei ze denken. Iwwer Atelieren, Ëmfroen, Interviewen an e Storytelling-Film hu si konkret Virschléi gemaach, fir hiert Ëmfeld méi frëndlech, nohalteg an un d’Besoine vun de Kanner unzepassen.
Fir dëse Projet am Kader vum „Masterplang Am Sand“ goufen d'Schüler aus de Klassen C3.2 bis C4.2 souguer mam LdE-Engagementspräis ausgezeechent – eng super Unerkennung fir hiert beispillhaft Engagement.

Spillplazen

De Cycle 4.1 vum Joer 2024/25 hat vill flott Iddien a Verbesserungsvirschléi fir eis Spillplazen. Doduerch konnten am leschte Joer eng Rei Reparaturen duerchgefouert ginn: Golnetzer goufen erneiert, Schaukelen ausgetosch an Trampolinne reparéiert.
Zesumme mat de véier Schüler gouf och e ganz konkrete Projet lancéiert: d’Erneierung vun der Spillplaz „Um Trenker“.
Bei engem éischten Atelier op der Plaz selwer hu 25 Kanner zesumme festgehalen, wat hinnen bei enger neier Spillplaz wichteg ass. Si hunn och decidéiert, datt déi nei Spillplaz e speziellt Thema kréie soll: „Zoo“, als Erënnerung un de fréiere „Sennenger Zoo“.
Ganz rezent huet sech Niedz4Kidz nach eng Kéier mat engem Deel vun dëse Kanner getraff, fir déi éischt Propose vun neie Spillgeräter ze kucken an ze diskutéieren, wat wouhi passt. Den nächste Schrëtt ass elo d’Ëmsetzung – d’Aarbechte sollen am Laf vum Joer ufänken.

Summerkiosk

E weidere wichtege Schrëtt a Richtung Kanner-Café huet d’Jugendhaus dëse Summer mat sengem Summerkiosk gemaach.
Nom Motto „Aktivitéiten am Rhythmus vum Summer“ hu si beim Skatepark wärend der grousser Vakanz e flotte Programm ugebueden: Volleyball, Pétanque, Graffiti an nach vill méi hu fir Beweegung, Kreativitéit an Zesummenhalt gesuergt.
Mee och méi gemittlech Momenter, wéi Gesellschaftsspiller bei engem Softdrink oder enger Glace, waren dobäi. Jidderee war wëllkomm – esou hunn och Bewunner aus dem CIPA heiansdo de Wee dohinner fonnt.
De Summerkiosk war e grousse Succès, an dowéinst ass sécher: dës flott Fräizäitaktivitéit fir jonk an al war net fir d’Lescht.

 Mam Zil fir och déi Jéngst an eiser Gemeng a konkret Projete mat anzebannen, huet d'Ekipp vun Niedz4Kidz am Oktober zwee Workshops mat Kanner aus dem Cycle 4.1 organiséiert. Wärend et am éischte Workshop drëms gaangen ass, d'Konzept vun N4K an hir realiséiert Projete virzestellen, konnten sech d'Schoulkanner fir den 2. Workshop selwer aschreiwen. Eng ronn 20 motivéiert Schüler hunn dunn a verschidden Atelieren hir Iddie festgehalen. An engem Atelier ass de Fokus och op den Zentrum ,,Am Sand'' geluecht ginn, fir och d'Kanner an de Partizipatiounsprojet vum Masterplang ,,Am Sand'' mat anzebannen. 

Am November huet sech d'Ekipp vun N4K du mat véier motivéierte Schüler aus der Grondschoul zesummegesat fir déi ganz gesammelt Virschléi ze konkretiséieren. An engem éischte Schrëtt hunn si aus de ville flotten Iddien déi eraus gesicht, déi fir si perséinlech am wichtegsten an och besonnesch dringend sinn. Si hunn sech dofir entscheet, de Fokus op 4 Themaen ze leeën : Verkéierssécherheet, de Schoulcampus “Am Sand”, Spillplazen an de Projet vun engem Kanner-Café/Kiosk.
Zu all Thema goufen Iddien, Wënsch an och konkret Problemer op Karteikäertercher notéiert an zesummen hu mir iwwerluecht, wei een des Themen an engem Gemengerot virstelle kéint. Dunn gouf zesummen un der Presentatioun vun hire Projeten am Gemengerot geschafft: Figuren aus Kartong, déi eis vum Zentrum fir politesch Bildung zur Verfügung gestallt gi sinn, goufe bemoolt, beschriwwen a mat Fotoen dekoréiert.

Den 13. Dezember war et dunn endlech esou wäit! Liicht opgereegt, awer mat vollster Iwwerzeegung konnten déi véier de Politiker am Gemengerot, an iwwert de Livestream souguer och de Léit dobausse weisen, wat si, als Jéngst an eiser Gesellschaft esou beschäftegt. Natierlech goufen et no der Presentatioun och nach e puer Froen, déi awer all séier konnte gekläert ginn.
Ofschléissend gouf et vun deenen Erwuessenen nach vill Luef fir hire Courage an hiert Engagement, e kloren JO fir hir Iddien an den Tipp, ëmmer un de Projeten drun ze bleiwen! 

Zesumme mat der Kanner aus der Schoul ''Am Sand'' si genau zur Zäit fir d'Rentrée 2023/2024 déi nei Pedibus-Maskottercher entworf ginn. Den Abbes, d'Betty, de Chrëscht an d'Dolly begleeden d'Schülerinnen a Schüler elo op hirem Wee fir an d'Schoul.

Pedibus23
Kannerkaart_Niederanven_mockup-1

Frësch an den Drock an ab an d’Klassen domat! De Mëttwoch, 20. September 2023, huet de Schäfferot d’Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4.2 aus der Schoul Am Sand besicht fir hinnen - als éischt Kanner aus der Gemeng - eng Kannerkaart auszedeelen.

Et war d’Iddi vun de Kanner, fir vun hirer Gemeng eng Kannerkaart mat hire Liblingsplaze maachen ze loossen. D’Ekipp vum BiergerTeam ,,Niedz4Kidz’’ huet dës Iddi opgeholl a sech a Verbindung mat der Graphiksagence HUMAN MADE gesat, fir dëse flotte Projet an d’Liewen ze ruffen.

D’Kanner waren och bei der Realisatioun vun der Kaart mat involvéiert. Et ass eng Kaart vun de Kanner fir d’Kanner aus der Gemeng Nidderaanwen. Am Juli hu mir e Workshop mat de Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4.1 (Schouljoer 2022/2023) vun der Schoul ,,Am Sand’’ organiséiert, wärend deem d’Kanner direkt zesumme mat der Agence kucke konnten, wéi een d’Kaart nach besser gestalte kann. Si hunn eis gesot, wat hir Liblingsplaze sinn a wat nach op der Kaart feelt. Dës Virschléi goufen dunn zréckbehalen an d’Kaart konnt finaliséiert ginn.

D’Kannerkaart ass net moossstabgetrei, mee de Komplex ,,Am Sand’’ mat der Schoul, der Maison Relais, der Schwemm, dem CIPA Gréngewald asw. stécht duerch seng Gréisst eraus an ass de Mëttelpunkt vun der Kaart. Do ronderëm verleeft de Rescht vun der Gemeng mat den Dierfer Nidderaanwen, Ueweraanwen, Senningerbierg, Senneng, Iernster, Hueschtert, Rammeldang, Waldhaff a Stafelter. D’Kaart ass selbsterklärend an huet dowéinst och nëmme wéineg Text an och keng Legend. Sou verstinn och déi Klengsten, wat op der Kaart duergestalt ass.

De Bedeelegten um Projet war et wichteg, eng Kannerkaart ze realiséieren, déi fir all Alter ass an duerch hiren Design och duerchaus fir déi Erwuessen uspriechend ass. De Verso vun der Kaart ass en Text a véier Sproochen, an deem de Projet vun der Kannerkaart erkläert an Niedz4Kidz virgestallt gëtt.

Déi éischt Oplag gouf 2.500 mol gedréckt. Nieft dem Cycle 4.2 kréien och déi aner Kanner aus der Schoul ,,Am Sand’’ en Exemplaire vun der Kaart. Doriwwer eraus ginn d’Kaarten an der Maison Relais an am Jugendhaus ausgedeelt. Melle sech nei Familljen op der Gemeng un, kréien och si eng Kaart mat heem. Dës Weidere wäert d’Kaart och op enger Alu-DIBOND Plack an der Schoul, an der Maison Relais, am Centre de loisirs ,,Loisi’’ an am Skaterpark opgehange ginn.

Och wann d’Kannerkaart op Pabeier gedréckt gouf, ass se net statesch. Als Gemeng war et eis wichteg, dass d’Kaart lieft. Niewent den Elementer vun der Kaart, déi d’Agence eis zur Verfügung stellt, ënner anerem fir de Social Media an den Internetsite, hunn d’Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng awer och d’Méiglechkeet hir Iddien a Virschléi per E-mail via [email protected] eranzeschécken, fir esou d’Kaart reegelméisseg updaten ze kënnen.

 

D'Kanner aus der Maison Relais hunn een Deel vun de gesponserten Häerzer aus der Aktioun "Sidd och Dir mat Häerz dobäi" op de grousse Bam am Rond-Point "Am Sand" opgehaangen.
Gidd och Dir Sponsor vun engem Häerz: mat engem klengen Don an Télévie-Spuerbéchs gitt Dir Sponsor vun engem Häerz. Häerzer fannt Dir an der Maison Relais oder an der Receptioun vun der Gemeng.

Télévie-Bam-AmSand-1

De 25. Februar haten Niedz4kidz, Jugendhaus a Maison Relais op hir éischt N4K Kanner- a Jugendversammlung fir Jonker tëschent 8 an 20 Joer invitéiert.
Bei engem gemittleche Wantergrillen konnten déi Jonk hir Iddien a Gedanke matdeele wat an der Gemeng fir si nach gemaach sollt ginn.
Et huet e ganz flotten Austausch statt fonnt a weidere Versammlunge steet Näischt méi am Wee.

An der "Woch vum Bam" goufen d‘Proposë vum Lex a Ben Reuter a Jesper Koob aus dem “Niedz4kidz goes green” Concours ëmgesat.
3 Klasse vum Cycle 3.2 hunn bei der Syrdall Schwëmm an op verschidde Spillplazen aus der Gemeng Kiribeem geplanzt.
Dës Bamzort ka Blieder vun 30cm Längt an 20cm Breet kréien. Et gëtt sech erwaart, dass déi Beem an Zukunft de Kanner
op der Spillplaz wärend de waarme Summerdeeg vill Schied spenden. Dës Weidere filteren d’ Kiribeem bis zu 5 mol méi CO2 wéi aner Bamzorte vum selwechten Alter.

De Lex, Ben a Jesper hunn de selwechten Dag och nach nieft der Syrdallschwëmm 1 Kiribam gesat a Präsens vu Membere vun Niedz4kidz.

Foto-Niedz4KidzGoesGreen-1

D’Gewënner vum Niedz4Picz Fotoconcours mam Thema „Meng Lieblingsplaz an der Gemeng“ stinn fest:

  • Dem Julie seng Lieblingsplaz ass beim Findel ze fannen, eng flott Plaz fir vill Fliigeren ze gesinn.
  • Dem Yannick seng Lieblingsplaz ass d’Aarnescht déi hien vun sengem Zëmmer aus gesäit.
Niedz4Pics-Concours-1