D'Gemeng Nidderaanwen setzt sech säit Jore fir d'Fërdere vun der Lëtzebuerger Sprooch an, besonnesch op hire Kommunikatiounsplattformen.
Op dëser Säit wëlle mir Iech eis Aktivitéiten a Partnerschafte fir d'Fërdere vun der Lëtzebuerger Sprooch virstellen, sou wéi verschidden Tools an nei Funktiounen, déi Iech beim Léieren oder Verbessere vun Äre Lëtzebuergesche Kenntnesser hëllefe kënnen.
Aktivitéiten a Projete vun der Gemeng
De Méinden, 31. Mäerz 2025, hu mir a Presenz vum Kulturminister, Eric Thill, dem Direkter vum Zentrum fir d'Lëtzebuerger Sprooch'' (ZLS), Alexandre Ecker, dem Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Pierre Reding, an dem Vertrieder vum Syvicol, Jacques Bauer, als éischt Gemeng am Land mam ZLS eng Konventioun ënnerschriwwen, fir d'Visibilitéit an de Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch an de Gemengen ze stäerken.
De Samschden, 10. Januar 2026, huet Actioun Lëtzebuergesch hiren Neijoerschpatt bei eis op der Gemeng ofgehalen.
An dësem Kader hate mir déi grouss Freed als Gemeng d'sëlwer Plaquette Dicks-Rodange-Lentz fir d'Joer 2026 entgéintzehuelen, dëst fir eis Beméiunge fir d'Lëtzebuerger Sprooch op eise Kommunikatiounsplattformen ze fërderen.
Outile fir Lëtzebuergesch ze léieren oder sech ze verbesseren
D'Lëtzebuerger Orthografie
D'Dokument Lëtzebuerger Orthografie kann als PDF erofgeluede ginn.
Si reegelt offiziell d’Schreifweis vun der Lëtzebuerger Sprooch fir déi Beräicher, fir déi de Lëtzebuerger Staat zoustänneg ass (Administratiounen, Schoulen). Doduerch dréit se zum Vereenheetleche vun der Schreifweis bäi an hëlleft all deenen, déi sech un der offizieller Orthografie wëllen orientéieren oder se wëlle léieren.
Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD)
De Lëtzebuerger Online Dictionnaire ass e méisproochegt Wierderbuch, an deem lëtzebuergesch Wierder op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch iwwersat an duerch Beispiller op Lëtzebuergesch illustréiert sinn. Donieft fannt Dir och Verb- an Adjektivtabelle wéi och en Audio-Button, fir d'Aussprooch kënnen ze lauschteren.
Sproochmaschinn.lu - Sproocherkennung a Sproochsynthes op Lëtzebuergesch
Et handelt sech ëm déi éischt Web-Applikatioun, déi zwou wichteg Funktioune vun der moderner digitaler Sproochveraarbechtung fir d'Lëtzebuerger Sprooch accessibel mécht: Nieft enger verbesserter Sproocherkennung fir déi automatesch Transkriptioun vu geschwatener Sprooch bitt d'Plattform och eng fuschnei Funktioun fir déi sougenannte Sproochsynthees. Dës erméiglecht et, geschriwwen Texter a geschwate Sprooch ëmzewandelen.
Liicht Sprooch Lëtzebuergesch
Säit Juni 2026 gëtt et eng Broschür iwwer d’Liicht Sprooch Lëtzebuergesch, déi den ZLS an enker Zesummenaarbecht mat engagéierten Experten an Expertinnen ausgeschafft huet. An dëser Broschür fannt Dir d’Reegelen, déi musse respektéiert ginn, fir dass en Text de Krittäre vun der Liichter Sprooch entsprécht an esou vu méiglechst ville Lieserinnen a Lieser ka verstane ginn.