Iessen op Rieder
foto-repas-sur-roues-header
Foto-SERVIOR_RSR_voiture

Dir hutt gären ofwiesslungsräich, frësch preparéiert an equilibréiert Menuen, ouni selwer ze kachen? Als Client stellt Dir Ären Dagesmenü no Äre Wënsch a mat Hëllef vun engem Wocheplang zesummen. All Dag hutt Dir d’Wiel tëschent 2 Menüen, déi aus Zopp, Zalot, Haaptplat an Dessert bestinn. Selbstverständlech offréiert SERVIOR och Alternative fir Diabetiker esou wéi eng Fleesch- oder Salz fräi Ernärung un.

Grouss Flexibilitéit:

Dir bestëmmt, wei oft dir de Service an Usproch huelt: All Dag, verschidde Wochendeeg oder nëmmen fir eng bestëmmten Zäit. 7 Deeg an der Woch an och op Feierdeeg kënnt dir vum Service “Iessen op Rieder” profitéieren.

Vun dësem Service kënne profitéieren:

  • all Persounen ab 65 Joer
  • eeler oder krank Persounen, déi hir Moolzecht net selwer kënnen zoubereeden

De Präis pro Menü ass 13,00.- € .

D’Rechnunge gi vun der Gemeng ausgestallt, déi iwweregens och den éischte Kontakt fir eventuell nei Clienten ass.

Méi Informatiounen an Aschreiwung:


Marie-Paule May-Mangen

Gemengeblat, Repas sur roues, Owescoursen, Nuit-blanchen & Téléalarm

Iwwer Servior

Logo SERVIOR

SERVIOR gouf 1999 gegrënnt an ass eng ëffentlech lëtzebuergesch Ariichtung mat engem Potenzial vu ronn 1.650 Better an 15 Altersheemer uechtert Land.
Mat méi ewéi 1.850 qualifizéierte Mataarbechter ass de Grupp de Lëtzebuerger Spëtze Reider am Beräich vun der Ënnerbréngung. Doriwwer eraus proposéiert SERVIOR verschidde Leeschtunge fir Senioren, déi nach doheem wunnen. De Service “Iessen op Rieder” ass eng vun dësen Déngschtleeschtungen.
Dank dem SERVIOR sengem Service “Iessen op Rieder” ass et méiglech, frësch preparéiert an equilibréiert Moolzechten ze genéissen, ouni selwer ze kachen oder akafen ze goen. Mëttlerweil schafft SERVIOR mat mei wei 50 Gemengen zesummen. Am Joer 2022 goufe mei wei 1100 Seniore mat mei wei 236.000 Moolzechten beliwwert. Eng gutt Portioun Liewensqualitéit, déi 365 Deeg am Joer bei Iech heem geliwwert gëtt!