Enercoop Syrdall
foto-enercoop_syrdall-header
enercoop

Am Mäerz 2019 hu 16 Grënnungsmember, Awunner aus de Gemengen Nidderaanwen, Conter, Sandweiler a Schëtter, de Grondstee fir eng interkommunal Energiegenosseschaft „EnerCoop Syrdall“ geluecht.

D’Ziler vun der Genosseschaft sinn ënner anerem:

  • d'Ëmsetzung an d'Entwécklung vu Projeten zur Hirstellung, Kaf a Verdeelung bzw. Verkaf vun erneierbaren Energien;
  • d'Fërdere vun engem rationellen a verantwortungsvollen Ëmgang mat Energie an der Ëffentlechkeet an
  • d'Fërderen a Bäidroe zur Energietransitioun an d'Bekämpfung vun der Energieaarmut

Die 4 éischt konkret Projeten am Beräich vun der Photovoltaik sinn a enger Zesummenaarbecht mat de Leeder vun deene 4 Gemengen an de Joren 2019 an 2020 vun deenen 138 Kooperationspartner duerchgefouert a finanzéiert ginn. An eiser Gemeng ass de 9. Dezember 2019 den Uschloss vun der Photovoltaikanlag um Dach vun der Schoul „Am Sand“ un d‘CREOS-Netz ofgeschloss ginn. Effektiv handelt et sech hei em Anlagen mat enger kombinéierter Leeschtung vu méi ewéi 250 kW.

Weider Projete kommen an deenen nächste Joeren no.

Adress:
EnerCoop Syrdall
c/o Administration communale de Sandweiler
18, rue Principale
L-5240 Sandweiler

President: Här Paul Polfer
Sekretär: Här François Kirps
Kontakt: enercoopsyrdall@pt.lu