Zesummen eisen Duerfkär gestalten
Den Zentrum ,,Am Sand’’ ass fir vill vun eis fest am Alldag integréiert. Hei schaffe mir, ginn hei an d’Schoul, maachen eis Akeef oder gestalten eis Fräizäit. Et ass dowéinst ëmsou méi wichteg, den Zentrum ,,Am Sand’’ un déi aktuell, an déi an Zukunft optriedend Erausfuerderungen unzepassen.
Fir eise Gemengenzentrum ze moderniséieren an zukunftssécher ze gestalten, hu mir dowéinst 2024 eng ëmfaassend Partizipatiounsprozedur lancéiert, dëst als éischte Schrëtt fir eng nohalteg Opwäertung vum Zentrum ,,Am Sand’’. Zesumme mat Iech wëlle mir eng Visioun 2050 fir den Zentrum ,,Am Sand’’ entwéckelen. Aus dësem Grond hu mir Iech eng Villzuel u Partizipatiounsformater fir d'Revalorisatioun vum Zentrum ,,Am Sand'' proposéiert gehat.
Hei drënner fannt Dir den Evaluatiounsbericht vun der Partizipatiounsprozedur op däitsch (déi franséisch an englesch Versioun vum Bericht wäerten deemnächst och disponibel sinn)!
Entdeckt déi verschidden Etappe vum Projet Masterplang ,,Am Sand''
13.07.2026 - Pressëkonferenz a Virstellung vun de Resultater vum Concours d'idées ,,Am Sand''
Den 13. Juli 2026 huet d'Pressekonferenz iwwert de Concours d'idées „Am Sand“ stattfonnt.
Den éischte Präis gouf vun der Jury eestëmmeg un de Grupp Dewey Müller Partnerschaft mbB (Luxemburg/Köln) a LILL + SPARLA Landschaftsarchitekten Partnerschaft mbB (Köln) verginn. Besonnesch iwwerzeegt hunn déi kloer raimlech Struktur, attraktiv Fräiraim, d'Fërderung vum Fouss- a Vëlosverkéier an déi laangfristeg Entwécklungsfäegkeet vum Konzept.
D'Resultater vum Concours déngen elo als Grondlag fir d'Ausschaffe vun engem Masterplang an déi etappeweis Weiderentwécklung vum Zentrum „Am Sand“ zu engem nohaltegen, klimaresilienten an attraktive Gemengenzentrum.
Déi fënnef agereecht Konzepter kënne vum 14. Juli bis de 14. September 2026 am Kader vun enger Ausstellung am Gemengerotssall vum Gemengenhaus wärend den Ëffnungszäite vun der Gemeng besicht ginn.
24. & 25.06.2026 - Zesummekomme vun engem qualifizéierte Jury
Déi fënnef Projeten, déi am Kader vum Concours agereecht goufen, si wärend 2 Deeg an engem Comité aus sechs onofhängege Fachriichterinnen a Fachriichter, a fënnef Sachriichterinnen a Sachriichter vun der Gemeng Nidderaanwen, bewäert ginn. D’Kombinatioun vun der onofhängeger fachlecher Expertise an der Gemengeperspektiv huet et erméiglecht, déi agereechte Konzepter ëmfaassend an objektiv ze evaluéieren.
10.12.2024 - Fokusworkshop fir Entreprisen an Institutiounen ,,Am Sand''
Den 10. Dezember 2024 huet de Schäfferot d'Vertrieder vun den Entreprisen an Institutiounen, déi hire Sëtz am Zentrum ,,Am Sand'' hunn, op en themateschen Atelier agelueden, fir mat hinnen iwwer Themen ewéi d'Gestaltung an d'Offere vum ëffentleche Raum, d'Klima an d'Ëmwelt, d'Notzungsvillfalt oder och d'Mobilitéit an d'Accessibilitéit vum Zentrum ,,Am Sand'' ze diskutéieren.
26.11. & 05.12.2024 - Biergerworkshops
Wärend de Biergerworkshops haten d'Participanten d'Méiglechkeet, hir Iddien a Wënsch fir d'Gestaltung vum Zentrum ,,Am Sand'' a klengen Aarbechtsgruppen ënnert der Leedung vun engem Moderator anzebréngen.
16.11. & 23.11.2024 - Moderéiert Spazéiergäng
Wärend de moderéierte Spadséiergäng haten d'Participanten d'Méiglechkeet, eis hir Iddien, Froen oder Verbesserungsvirschléi fir den Zentrum ,,Am Sand'' matzedeelen.
14.11.2024 - Informatiounsowend iwwert d'Biergerbedeelegung
Den Donneschden, 14. November, war de Kick-off vun eisem Partizipatiounsprojet Masterplang ,,Am Sand'', wärend deem de Biergerinnen a Bierger erkläert gouf, wéi si sech um Projet bedeelege kënnen, a wéi eng Partizipatiounsformater et ginn.
D'Presentatioun vum Owend fannt Dir hei drënner!