Dat geännert Gemengereglement, wat wärend der Sëtzung vum 14. Februar 2025 am Gemengerot gestëmmt gouf, huet d’Zil, vun 2025 un, Stéit mat engem geréngen Akommes eng Allocation de vie chère ze bewëllegen. Des Allocatioun gëtt um Enn vun all Joer automatesch ausbezuelt, baséierend op dem järleche Bericht vum nationale Solidaritéitsfong (FNS), deen all Persoune mat Sëtz an der Gemeng Nidderaanwen oplëscht, déi am Laf vum betraffene Joer Recht op d’Allocation de vie chère an d‘Energieprimm haten.
De Betrag vun der Allocatioun, déi d Gemeng bewëllegt, ass op 50% vun der Allocatioun, accordéiert vum FNS, fixéiert.
Dëst Reglement ass zënter dem 1. Januar 2025 a Kraaft an ersetzt all déi virdru geltend Reglementer, besonnesch déi betreffend d’Heizungszoulag, d’Liewenskäschtenallocatioun (vum Mount September) an déi zousätzlech Allocatioun am Zesummenhang mat der Erhéijung vun de Gemengentaxen.
Eng eenzeg Allocatioun fir Stéit mat geréngem Akommes

- Zilpopulatioun: Stéit mat geréngem Akommes
- Montant: 50% vun der FNS-Allocatioun
- Aministrativ Vereinfachung: automatesch Bezuelung um Enn vum Joer
- Uniformiséierung: mat de Gemenge Jonglënster a Betzder
- Definitiv Ofschafung: vun de fréiere Reglementer nämlech d'Heizungszoulag, déi kommunal Liewenskäschtenallocatioun an déi zousätzlech Allocatioun vun de Gemengentaxen
- An Zukunft: ongeféier 64% méi Beneficiairen