Gemengebudget
Présentation Budget 2026 v7

Budget 2026

De Budget ass esou wuel e politesche wéi och rechtlechen Akt; e gëtt vum Gemengerot beschloss a vum Inneministère accordéiert. En ass opgedeelt an en uerdentlecht an en ausseruerdentlecht Kapitel, sou wuel fir d'Recettë wéi och fir d'Depensen. Den uerdentlechen Deel ëmfaasst déi lafend Recetten an Depensen, wärend deem den ausseruerdentlechen Deel d'Transaktioune vum Kapital ofdeckt. 

De Budget gëtt vum Schäfferot am Kader vun enger nohalteger Entwécklungspolitik opgestallt an ass Deel vun der Ëmsetzung vun der Schäfferotserklärung 2023-2029. 

D'politesch Prioritéite fir de Schäfferot sinn:

  •  d'Servicer fir d'Bierger ausbauen
  •  en harmonescht Zesummeliewe fërderen
  •  Klimaneutralitéit erreechen

Dee vum Schäfferot wärend der Gemengerotssëtzung vum 3. Dezember 2025 presentéierte Budget fir d'Joer 20265, ass vum Gemengerot wärend der Sëtzung vum 12. Dezember 2025 gestëmmt ginn. 

De komplette Budget fir d'Joer 2026 fannt Dir hei drënner:

Ausseruerdentlech Ausgaben, déi op deenen 3 groussen Ziler vum Schäfferot baséieren

Renforcer les services pour les citoyens_citoyennes
Promouvoir la cohabitation harmonieuse
Réaliser la neutralité climatique