Säit dem 1. Mee 2025 fiert de Citybus Nidderaanwen an eiser Gemeng - en neie Schrëtt Richtung biergerno an nohalteg Mobilitéit! De Citybus bitt den Awunner.Innen a Visiteuren eng gratis, praktesch a reegelméisseg Transportléisung.
D'Virdeeler vum Citybus op ee Bléck:
- Zwou Linnen (Citybus 1 & Citybus 2)
- Vill strategesch Arrêten, dorënner: Aéroport Luxembourg/Findel, P+R Heienhaff, Charly’s Statioun, Am Sand, Duerfplaz, Beim Bësch asw.
- Direkt Verbindung mam P+R Heienhaff, dee gläichzäiteg den noosten Tramsarrêt ass - ideal fir den Uschloss un d'Tramslinn
- Service all Dag vu 6 Auer bis 0 Auer
- Perfekt Verbindunge mam Tramsnetz a mat den nationale Buslinnen
Fir d'Ufaarte vun de verschiddenen Uertschaften an der Gemeng ze verbesseren an d’Mobilitéit fir d’Awunner nach méi praktesch ze gestalten, sinn den 13. September 2026 verschidden Upassungen un den Horairen an dem Parcours vum „Citybus Nidderaanwen“ a Kraaft getrueden.
Optiméiert Horairen
D’Horairë vum Citybus goufen iwwerschafft, fir:
- d’Waardezäiten op verschiddenen Arrêten ze reduzéieren;
- d’Ofstëmmung mat den Horairë vun der RGTR-Linn 321 ze verbesseren.
D’Départe vum Fluchhafen aus si vun elo un wéi follegt:
Citybus 1: Depart um 5:55 Auer, 6:55 Auer, 7:55 Auer an esou weider;
Citybus 2: Depart um 6:10 Auer, 7:10 Auer, 8:10 Auer an esou weider.
Nei Parcoursen an nei Arrêten
De Parcours vum Citybus gouf och adaptéiert, fir d’Uertschaft Iernster unzebannen an de Service méi no un d’Awunner vun Hueschtert a Rammeldang ze bréngen.
Dräi nei Arrête ginn a Betrib geholl:
Beiebierg, Engelshaff & Duerfplaz.
Zu Rammeldang an Hueschtert wäert de Citybus an Zukunft iwwer d’Haaptstrooss fueren, fir dës Uertschaften nach besser unzebannen.
- Dräi nei Arrête ginn zu Rammeldang a Betrib geholl: Op Mooschelt, Rue Basse a Rue du Scheid.
- En neien Arrêt gëtt och zu Hueschtert a Betrib geholl: Hueschtert Kierch.
Am Kader vun dëser Reorganisatioun ginn d’Arrête Op der Bunn a Beim Bësch zu Rammeldang net méi vum Citybus bedéngt.
Opgepasst: Wéinst dësen Ännerungen un den Horairen an de Parcoursen kënnen sech déi séierst Verbindunge Richtung Fluchhafen a P&R Heienhaff, jee no Wunnuert, änneren. Fir verschidde Strecken kann et avantagéis sinn, de Citybus 2 amplaz vum Citybus 1 ze benotzen. Mir invitéieren d’Benotzerinnen an d’Benotzer, sech virun hire Reesen iwwer déi nei Horairen z’informéieren an hir Gewunnechten, wann néideg, unzepassen.