D'Ziler vum Pacte Logement
GemengNidderaanwen-FotoLuftbild-1

Wat ass de Pacte Logement?

Pacte-Logement-communes

De Pacte Logement ass eng Partnerschaft tëschent dem Stad an de Gemeng, mam Zil d'Gemengen an hire Beméiunge fir d'Entwécklung vu bezuelbarem Logement a Wunnqualitéit ze ënnerstëtzen.

D'Ziler vum Pacte Logement
Op nationalem Niveau verfollegt de Pacte Logement 2.0 dräi operativ Ziler: 

  • d'Erhéijung vun der Offer u bezuelbarem an nohaltegem Wunnraum op Gemengenniveau
  • d'Mobiliséierung vum besteeënde Grondstéck- a Wunnraumpotenzial op Gemengenniveau
  • d'Verbesserung vun der Wunnqualitéit

De Pacte Logement 2.0 erstreckt sech iwwert den Zäitraum vum 1. Januar 2021 bis den 31. Dezember 2032.
Méi Informatioune fannt Dir ënner www.pactelogement.lu.

Infographique-ObjectifsPAL-1

Meng Gemeng setzt sech fir de bezuelbare Wunnraum an

Den 11. Oktober 2021 ass d'Gemeng Nidderaanwen dem neie Pacte Logement bäigetrueden, andeem s si eng éischt Conventioun vum Staat, méi genau mam Logementsministère ënnerzeechent huet. Dës Conventioun, déi fir eng Dauer vun 12 Méint erstellt gouf, huet d'Modalitéite fir d'Ausschaffe vun engem Programme d'action local logement (PAL) virgesinn. Den ausgeschaffte PAL ass vum Gemengerot a senger Sëtzung vum 30. November 2022 approuvéiert ginn.

Nodeems de Logementsminister de PAL validéiert huet, gouf eng Ëmsetzungsconventioun vum Staat ënnerschriwwen. Dës Conventioun erméiglecht et der Gemeng déi am PAL festgeluechten Ziler, durch d'Realisatioun vu verschiddene vum Staat matfinanzéierte Projeten, ze erreechen.

 

Infographique-NouveauPAL-1

Projeten an eiser Gemeng am Kader vum PAL

  • Organisatioun vun enger Biergerbedeelegung mat zousätzlecher bezuelter Berodung fir d'Realisatioun vum Masterplang ,,Zentrum vun Nidderaanwen''
  • Aktualiséierung vun de Bautereglementer (PAG, PAP & RBVS)
  • Schafe vu bezuelbarem Wunnraum am Allgemengen a besonnesch am Kader vu Multigeneratiouns- a Jugendwunnprojeten, sou wéi d'Bereetstelle vu liichte Baukonstruktiounen (Tiny Houses)
  • Acquisitioun vu Grondstécker fir d'Realisatioun vu Gemeinschaftsariichtungen
  • Schafe vun enger neier Duerfplaz zu Iernster
  • Reouverture vum Restaurant Waldhaff no der Duerchféierung vun engem Dialogue compétitif
  • aktiv Kommunikatioun iwwert de Pacte Logement 2.0 a virun allem abordabele Wunnraum