Bénévoles
agence-du-benevolat_logo

"Benevole sinn heescht seng Zäit gi fir eng Saach z'ënnerstëtzen an aneren ze hëllefen. Et  heescht awer och sech selwer eng Freed ze machen, Leit mat ähnleche Wäerter oder Gemeinsamkeeten ze treffen, gutt Momenter ze deelen an eng Aktivitéit ze maachen, déi engem Spaass méchst an déi engem um Häerz läit."

Bénévoles 2

Als Gemeng wëlle mir Promotioun vum Benevolat bäidroen. De Benevolat erlaabt eis d'Veräiner ze ënnerstëtzen an och Veräinsnetz an eiser Gemeng ze stäerken, andeems mir Treffen tëscht de Veräiner a de Fräiwëllegen encouragéieren.
Dofir wäerte mir an den nächste Méint eis Zesummenaarbecht mat der Agence du Benevolat weider entwéckelen, fir:

  • de Benevolat bei den Awunner vun der Gemeng Nidderaanwen fërderen
  • d'Visibilitéit vun den Associatiounen ënnert de Fräiwëlleger ze erhéijen
  • d'Associatioune mat Formatiounen iwwert Gestioun vum Benevolat ze ënnerstëtzen (op Ufro bei der Agence du Bénévolat)

Wéi kann ech als Benevole dovunner profitéieren?

D'Welt vun den Associatiounen ass voller Projete fir ze ënnerstëtzen an Aktivitéite fir auszeféieren. D'Agence du Bénévolat ënnerstëtzt Iech dobäi dat passend Engagement ze fannen op Basis vun Ären Interessen, Ären Talenter an der Zäit déi Dir Iech wëllt fir Äre Benevolat huelen.
Doriwwer eraus bidden si och Hëllef duerch:

  • Orientatioun an Ärem Benevolat (digital Sich-Plattform fir déi passend Missiounen ze fannen)
  • Informatiounen iwwert de Benevolat, vun der Sich bis zur Promotioun vun Ärem Engagement
  • Duerstellung vun den Initiativen an Associatiounen no bei Iech
  • Formatiounen an de "Soft-Skills" vum Benevolat (op Ufro)

Wéi kenne mir als Associatioun dovunner profitéieren?

Zënter 2002 huet d'Agence du Bénévolat Ziel, de fräiwëllegen Engagement zu Lëtzebuerg ze fërderen an z'entwéckelen, andeems ee fräiwëllegt Engagement encouragéiert, erliichtert a fërdert an duerch:

  • D'Hierstellen vun Kontakten mat méigleche Fräiwëllegen (digital Plattform fir Är Missiounen a Projeten ze publizéieren)
  • Inspiratioun duerch Initiativen a Projete vun aneren engagéierten Acteuren
  • D'Informéieren iwwer de Benevolat an d'Neiegkeeten aus dem Veräinsliewen
  • Formatiounen zur Grënnung vun enger Associatioun wéi och zur Gestioun vun enger Asbl an dem Benevolat

Weider Informatioune ronderëm Thema Benevolat kritt Dir op der Internetsäit vun der Agence du Bénévolat.

Ech wëll mech benevole engagéieren
Ech well meng Associatioun registréieren