Services de proximité & de médiation
De KI-Assistent vun der Gemeng

Stellt Är Fro op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch oder Englesch

service-de-mediation_header

Services de proximité & de médiation

Am Aklang mam Artikel 99 vum Gemengegesetz huet d'Gemeng Nidderaanwen e Service de Proximité geschaf. Dëse Service huet d’Missioun, Proximitéit zum Bierger ze hunn: Nolauschteren, Assistenz an Asaz droen dozou bei fir d’ Sécherheetsgefill an d'Proximitéit zu der Bevëlkerung ze stäerken. D’Gemengebeamten déi dëse Service assuréieren ënnerstëtzen och d’Police grand-ducale bei verschiddene Missiounen an droen zur Präventioun vu Mëssbrauch a klenger Delinquenz bäi. Gläichzäiteg kënne si bestëmmte Strofdoten am Beräich Offäll, Fëscherei, Hënn an Tubak duerch e Protokoll feststellen. Dës Aktiounen hunn als Ziel d’ëffentlech Uerdnung an d’Liewensqualitéit am Aklang mat de Gemengereglementer ze stäerken.

Friddlech Léisung vu Konflikter tëschent Noperen

Dir hutt e Problem mat Ärem Noper? Da biede mir Iech, Kontakt mat eisem Service de proximité opzehuelen.

Dëse Service steet Iech zur Verfügung a wäert sech mat Iech a Verbindung setzen. Wann néideg, kann eis Ekipp Iech – konform mat der Konventioun tëscht der Gemeng Nidderaanwen an engem agreéierte Mediateur – un de Service Médiation weiderleeden.


LIPPERT-Cindy

Cindy Lippert

Préposée vum Service

Michel Breuer

Agent Municipal / Garde-Champêtre