Mam Zuch duerch Europa - an d'Gemeng bedeelegt sech un dengem Interrail-Pass
Du bass tëschent 18 a 26 Joer a plangs eng Rees mam Zuch duerch Europa? Mir leeën dir als Gemeng 300€ bei dengem Interrail-Pass bäi!
Sou funktionéiert et:
- Komm mat denger Carte d'identité oder dengem Pass an de Populatiounsbüro vun der Gemeng Nidderaanwen
- Huel däi Bong vun der Gemeng mat, fir däin Interrail-Pass ze kafen a profitéier vun enger Reduktioun vun 300€
- Et ka lassgoen! Deng Rees duerch Europa ka starten!
Kontakt:
Populatiounsbüro
E.: [email protected]