Hutt Dir schonn eng Kéier eppes vum Douzelage héieren? Den Douzelage ass eng Jumelage Kooperatioun, déi aktuell aus 27 Partnerstied besteet an d’Zil huet, d’Chancen an d’Frëndschaft a ganz Europa duerch en touristeschen, sportlechen, bildungspoliteschen, kulturellen a sozialwirtschaftlechen Austausch ze fërderen. D'Gemeng Nidderaanwen ass Grënnungsmember vum Douzelage. 1991 huet d'Gemeng, zesumme mat 11 anere Partner d’Jalone fir en neien an eenzegaartege Jumelage gesat.
Op dëser Säit fannt Dir all d'Informatiounen iwwert den Douzelage, sou wéi iwwert d'Aktivitéite vum 2023 gegrënnten Douzelage Team.
Besicht och d'Internetsäit www.douzelage.eu.
1993 kritt den Douzelage eng vun deene renomméiersten Unerkennungen am Beräich vun den europäesche Jumelagen: "Etoiles d'Or du Jumelage". Am Moment zielt den Douzelage follgend Memberstied:
Agros (Zypern), Altea (Spuenien), Asikkala (Finnland), Bad Kötzting (Däitschland), Bellagio (Italien), Bundoran (Irland), Chojna (Polen), Granville (Frankräich), Holstebro (Dänemark), Houffalize (Belsch), Judenburg (Éisträich), Köszeg (Ungarn), Marsaskala (Malta), Meerssen (Holland), Niederanven (Groussherzogtum Lëtzebuerg), Oxelösund (Schweden), Preveza (Griicheland), Rokiškis (Litauen), Rovinj/Rovigno (Kroatien), Sesimbra (Portugal), Sherborne (Groussbritanien), Sigulda, (Lettland) Siret (Rumänien), Škofja Loka (Slovenien), Sušice (Tschechesch Republik), Tryavna (Bulgarien), Türi (Estland), Zvolen (Slovakei).
D'Douzelage Team
Zil vum Team ass et, déi europäesch Städtepartnerschaft, den Douzelage, oprechtzeerhalen an eis Gemeng ze representéieren. D'Team plangt an organiséiert déi domat verbonnen Aktivitéiten oder kënnt mat neien Iddien heifir. Dozou gehéiert och d'Preparatioun vum General Meeting, bei deem sech all d'Partnerstied eemol am Joer treffen. De kulturellen, touristeschen, sportlechen, bildungspoliteschen a socio-ekonomeschen Austausch am Kader vum EU-Programm steet natierlech och op der Dagesuerdnung vum Team.
Hënnescht Rei (v.l.n.r.): Alain Winterstein, Georges Paquet, Pierre Welter, Jil Steyer (Sekretärin)
3. Rei: Uli Fielitz (Koordinator), Elke Georg, Lynn Klein
2. Rei: Hon Pan Luk, Dietmar Dumlich, Laura Gaul (Sekretärin), Roberta Dario
Viischt Rei: Caroline Hennessy, Axelle Winterstein, Diana Caldeira
Gitt och Dir Deel vun der Douzelage-Famill!
Dir wëllt nei Stied entdecken, Frëndschafte schléissen an eis Gemeng am Ausland representéieren? Da mellt Iech iwwert dëse Formulaire fir d'Douzelage Team un a gitt Deel vun der grousser Famill vum Douzelage Europa!
Aktivitéiten am Kader vum Douzelage
Vum 16. bis den 19. Oktober 2025 huet eng Delegatioun vun der Gemeng Nidderaanwen um 49. Douzelage General Meeting an der molerescher Küstestad Preveza a Griicheland deelgeholl.
D'Treffe stoung ënnert dem Motto „Integratioun vun der Stad an der Natur souwéi de Schutz vun natierleche Liewensraim am Zesummenhang mam Tourismus“.
Nieft konstruktive Gespréicher iwwer Nohaltegkeet an zukünfteg Projete stoungen och kulturell Aktivitéiten um Programm: eng Bootstour, de Besuch vun der antiker Stad Nikopolis, eng historesch Stadféierung souwéi e gemeinsaamt Owesiessen.
Mir soen eise griichesche Partner e ganz grousse Merci fir hir häerzlech Gaaschtfrëndschaft a freeën eis schonn op de General Meeting 2026 zu Marsaskala, Malta.
De Samschden, 10. Mee, huet zu Houffalize an der Belsch de BeNeLux Meeting tëschent den Douzelage Partnerstied Nidderaanwen, Meerssen an Houffalize stattfonnt. E flotten Dag, wärend deem vill nei Iddie festgehale goufen, ma awer och vill zesummen diskutéiert a gelaacht gouf. Nom offiziellen Deel, wärend deem wichteg Themaen, wéi vergaangen, ma awer och déi nächst Projeten, sou wéi den General Meeting am Oktober zu Preveza a Griichenland beschwat goufen, hu sech déi Delegéiert vun deene verschiddene Partnerstied am Park rëmfonnt, fir den Douzelage Bam zu Houffalize feierlech anzeweien. Den Dag gouf mat engem Mëttegiessen an enger klenger Visite guidée duerch d‘Stad ofgeschloss.
Mir soen eise Kolleege vun Houffalize e grousse Merci fir déi super Organisatioun.
Copyright Fotoen: Uli Fielitz
Den Donneschden, 13. Juni 2024, haten de Schäfferot an de Gemengerot, zesumme mam Douzelage Team Niederanven d'Éier, op d'Zeremonie vum Projet ,,Road to Ukraine'' virun der Gemeng anzelueden.
Den humanitäre Projet ,,Road to Ukraine'' gouf virun enge Joer vun der Présidence vum Douzelage an d'Liewe geruff. Déi initial Iddi war et, d'Partnerstied fir Donen ze froen, fir esou Sue fir de Kaf vun zwee Minibusser ze sammelen, fir der Stad Kamenets an der Ukrain dobäi ze hëllefen, d'Grondbedierfnësser vun hiren neien Awunner ze erfëllen - sief dat eeler Mënschen, Kanner oder sozial schwach Gruppen. Nodeem d'Gemeng am Januar 2024 net nëmmen en Don un de Projet gemaach hat, mee och eng lëtzebuergesch Busgesellschaft fonnt hat, déi bereet war, zwee Minibusser ze spenden, war et den Donneschden, 13. Juni, esou wäit: d'Minibusser hu sech op de Wee an d'Ukrain gemaach.
Wärend de Feierlechkeete konnt d'Gemeng Nidderaanwen Vertrieder vun de Partnerstied Meerssen (NL), Holstebro (DK) a Sherborne (UK) begréissen. D'Gemeng huet sech och iwwert d'Presenz vun de grousse Sponsoren emile weber an euroline gefreet. E Merci ass och un d'Agence creative corner fir hir Ënnerstëtzung gaangen, sou wéi un Hospilux an Doppler s.à r.l. fir hire generéisen Don un net-verschreiwungsflichtegen Artikelen. Schliisslech huet sech d'Gemeng och iwwert déi grouss Vertriedung vun der ukrainescher Communautéit an eiser Gemeng, sou wéi vun der LUkraine asbl gefreet.
D'Reess an d'Ukrain war an Etappen agedeelt:
- 13. Juni: vun Nidderaanwen op Bad Kötzting (DE)
- 14. Juni: vu Bad Kötzting op Satu Mare (RO)
- 15. Juni: vu Satu Mare op Siret (RO)
- 16. Juni: vu Siret op Kamenets (UA) an offiziell Iwwergab vun de Minibusser
- 17. Juni: vu Siret op Iasi (RO)
- 18. Juni: Retour
Siwe Representante vun der Gemeng Nidderaanwen ware lescht Woch am Kader vum Douzelage um General Meeting zu Sherborne. Ënnert dem Thema ,,Wuelbefannen duerch Musek an Natur'' goufe Konferenzen, Workshops a Konzerten organiséiert an eis Ekipp ass mat villen neien Iddie fir eis Gemeng zréckkomm.
Wärend der Generalversammlung mat den Delegéierte vun all de Partnerstied gouf dëst Joer dann och en neie Conseil d'administration gestëmmt. Merci un d'Annigje Kruytbosch, den Tibi Rotaru, d'Mette Sørensen an dem Miha Ješe fir déi wonnerbar Aarbecht déi lescht Joer. Dem neie Conseil mam Shane Smyth, dem Thorsten Wohleser, dem Maria Črnac Rocco an dem Evelin Koev wënsche mir eng glécklech Hand an hirer neier Fonktioun.
Dem Team vu Sherborne soe mir e grousse Merci fir hir häerzlech Begréissung an déi exzellent Organisatioun!
© Fotoen: Gemeng Nidderaanwen & Uli Fielitz Photography
De Samschden, 23. Mäerz, hate mir zesumme mat eisem Douzelage Team déi grouss Freed, eis Frënn vum Douzelage Meerssen an Douzelage Houffalize op de BeNeLux Meeting bei eis an der Gemeng anzelueden.
Wärend der Konferenz um Mueren gouf iwwer aktuell Douzelage-Projeten, sou wéi den General Meeting am Abrëll zu Sherborne, geschwat an sech iwwer nei Iddien ausgetosch, fir d'BeNeLux-Relatiounen mat konkrete Projeten nach méi ze stäerken. D'Mëttegiessen am CIPA Gréngewald hu mir mat enger Visitt vum Gebai, souwéi mat enger Féierung duerch d'Cogeneratiounanlag Am Sand kombinéiert. Schliisslech gouf als kréinenden Ofschloss vum BeNeLux Meeting eise fonkelneien Douzelage Totem virum Gemengegebai ageweit.
Mir soen eise Frënn vu Meerssen an Houffalize e grousse Merci fir dee flotte Besuch.
Ënnert dem Numm ,,Free Press under Pressure'' (FPuP) hu 70 jonk Erwuessener aus 19 EU-Memberstaaten no Weeër gesicht, fir faktuell richteg an iwwerpréiften Informatioune vu Fake News ze ënnerscheeden. De Projet gouf vum Douzelage Meerssen an Zesummenaarbecht mat der Fontys University of Applied Sciences, der Universitéit Maastricht, der United Nations University (UNU-MERIT), dem Douzelage Köszeg an dem Douzelage Siret organiséiert. D'Participanten hunn a siwe Workshops un der Entwécklung vun engem Toolkit, deen zur Bewäertung vun News an Informatiounen benotzt ka ginn, geschafft an hu sech géigensäiteg hir Resultater virgestallt. D'Resultater goufen zesumme mat den Toolkrits vun de Jugendlechen op der Internetsäit fpup.douzelagemeerssen.nl verëffentlecht.
Dräi jonk Fraen an eng Vertriederin vun der Gemengeverwaltung vun Nidderaanwen hunn un der Konferenz, déi de 5. bis 8. November 2023 stattfonnt huet, deelgeholl. Den Openthalt gouf mat ville flotten Aktivitéiten an Ausflich kombinéiert, ënner anerem mat engem Besuch vum Gouvernement vun der Provënz Limburg zu Maastricht.
No engem Opruff op eise sozialen Netzwierker and op eiser Internetsäit hate mir d'Méiglechkeet, vum 28. September bis 1. Oktober 2023, fënnef offiziell Delegéierter op den General Meeting zu Rovinj/Rovigno a Kroatien ze schécken. Den General Meeting, deen eigentlech eng Assemblée générale ass, bei deem d'Delegéierter vun all den Douzelage Memberstied d'Joer Revue passéiere loossenm zeechent sech och duerch seng sëlleg Workshops an Aktivitéiten zu engem konkreten Thema aus.
Fir den neie Schäfferot vun Nidderaanwen kennenzeléieren, huet eis d'Präsidentin vum Douzelage Europe, d'Madamm Annigje Kruytbosch de 16. August 2023 besicht an eis an Engems eisen Zertifikat fir 30 Joer Memberschaft am Douzelage als Grënnungsmember iwwerreescht.
Presentatioun vun eise Partnerstied
An all Ausgab vum Gemengeblat NEIES stellt d’Douzelage‑Ekipp Iech en Artikel iwwer eng vun eise Partnerstied vir. Hei drënner fannt Dir all Artikelen.
Am Kader vun eiser Rees duerch déi europäesch Partnerstied vun der Douzelage besiche mir dëst Kéier déi sonneg Stad Prévéza am Nordweste vu Griicheland. Mat ongeféier 21 000 Awunner läit Prévéza am südlechen Deel vun der griichescher Provënz Epirus a si ass gläichzäiteg d’Haaptstad vun der Regioun mam selwechten Numm. D’Stad läit maleresch op enger Hallefinsel tëscht dem Ionësche Mier an dem Ambrakesche Golf. Eng Mieresstrooss vu ronn 600 Meter Breet trennt si vun der méi südlech geleeëner Uertschaft Actio an och vum no geleeëne regionale Fluchhafen, dee regelméisseg vun Athen aus ugeflose gëtt.
Éier mir d’Stad méi am Detail entdecken, soll drop higewise ginn, datt Prévéza zu de Grënnungsmembere vun der Douzelage gehéiert a vum 16. bis den 19. Oktober 2025 d’Joresversammlung vun der Douzelage wäert ausriichten.
Déi schmuel a gewënneleg Gassen mat hire schéin dekoréierten Hausdiere lueden zu engem entspaanten Tour duerch d’Stadkär an. Vill Caféen, Ouzerien an Tavernen mat regionaler Kichen, déi och vu verschiddene Kulture beaflosst ass, empfänken Awunner a Visiteuren a bidden eng häerzlech Atmosphär. Verschidde gutt erhale Kierchen aus der byzantinescher Zäit kënne besicht ginn, dorënner d’Haaptkierch Agios Charalampos, déi mat hire wäertvollen Ikonen an der fei geschnëtzer a mat Gold verziéierter Ikonostas beandrockt. Och d’Kierch Agios Athanasios ass e Besuch wäert a fält duerch hir bemierkenswäert Holzplafong op.
Zu de wichtegste Sehenswierdegkeete gehéieren d’Festung Agios Andreas am Stadkär, d’Schlass Pantokrator, den Auerenturm, d’Festung Laskara an och verschidden Härenhaiser a Gebaier am venezianesche Stil.
Wéinst hirer besonnescher geographescher Lag ass Prévéza vu ville Stränn ëmgi, déi meescht dovun natierlech an onberéiert. D’Auswiel ass grouss genuch, fir datt sech d’Visiteuren angenehm verdeele kënnen. Zu de beléifste Stränn zielen Kiani Akti, Paralia Alonaki a Mytikas.
Fir Geschichtsfrënn ass et interessant ze wëssen, datt Prévéza schonn am Joer 1292 an der Chronik vu Morea ernimmt gëtt. Am Laf vun hirer beweegter Geschicht stoung d’Stad ënner der Herrschaft vun de Venezianer, de Fransousen, den Osmanen, de Bulgaren an esouguer de Goten. D’Befreiung vun der leschter friemer Herrschaft, där vun de Fransousen, ass am Joer 1912 geschitt, wéi d’Stad dem griichesche Staatsgebitt ugeschloss gouf.
Et ass dofir net iwwerraschend, datt d’Ëmgéigend vun der Stad e puer wichteg historesch Stätte beherbergt. Dozou gehéiert och déi antik Stad Nikopolis, déi nëmmen e puer Kilometer méi nërdlech läit. Hir Grënnung geet op d’Seeschlacht vun Actium am Joer 31 viru Christus zeréck, an där de réimesche Konsul Octavian géint Marcus Antonius a Kleopatra vun Ägypte gekämpft huet.
- Text : Dietmar DUMLICH
Mir setzen eis Tour duerch eis Douzelage Partnerstied fort mat engem Ausfluch op déi Gréng Insel. Datt an Irland net nëmmen d’Gras méi gréng ass, hu mir eréischt viru kuerzem um St. Patrick’s Day gesinn, un deem eng ganz Natioun am Zeeche vum Gréng steet. Fáilte go Bun Dobhráin – wëllkomm zu Bundoran!
Eis Partnerstad Bundoran läit an der Grofschaft Donegal am Nordweste vun Irland, un der wilder Atlantikküst. Dëse populäre Badeuert bitt eng beandrockend Küstelinn, déi Visiteuren aus der ganzer Welt unzitt. Mat knapp zweedausendsiwenhonnert Awunner ass Bundoran eng kleng, mee lieweg Gemeng. D’Awunner si bekannt fir hir Gastfrëndlechkeet an hir Herzlichkeet. Bemierkenswäert ass, datt Bundoran direkt beim sougenannten Irish Bottleneck läit. Op dëser Plaz ass d’Gebitt vun der Republik Irland nëmme sechs Kilometer breet, an et gëtt dacks vun deenen duerchquiert, déi aus dem Westen an d’County Donegal reese wëllen, ouni dobäi Groussbritannien ze betreten.
Trotz senger Gréisst bitt Bundoran eng grouss Auswiel u Aktivitéiten an Attraktioune fir Visiteuren all Alters. De Bundoran Beach, e breede Sandstrand, huet der Stad den Titel Surf Haaptstad vun Irland abruecht. Hei kann een ideal surfen, schwammen oder sech an der Sonn entspanen. D’Klippe laanscht d’Küst bidde beandrockend Ausblécker op den Atlantik a si perfekt fir Spadséiergäng a Wanderungen. Och den Tullan Strand, e bëssen ausserhalb vum Stadgebitt, ass eng beléifte Surfdestinatioun.
Fir Familljen ass de Bundoran Adventure Park eng populär Attraktioun mat Fahrgeschäfter, Spiller an Ënnerhalung fir Grouss a Kleng. Waterworld Bundoran, en Indoor Aqua Abenteuerpark direkt un der Küst, bitt Rutschen a vill aner Waasserattraktiounen. Fir Naturfrënn ass de Fairy Bridges and Wishing Chair Walk eng richteg Perle. Hei fënnt ee markant Fielsformationen an eng Landschaft, déi bis an d’Zäit vun den Druiden zeréckgeet. D’Fielsbrécken, déi vun de Leit Fairy Bridges genannt ginn, goufen der Folkloren no vu Feen bewunnt. Nieft de Fairy Bridges steet de Wishing Chair, wou een sech – esou seet d’Traditioun – am Still seng Wënsch soll denken, fir datt se an Erfëllung ginn. Ronn sechs Kilometer vu Bundoran ewech läit d’Kinlough Monastery, eng Klosterruin aus dem sechste Joerhonnert, déi en Abléck an d’Beweegungsgeschicht vun Irland gëtt.
Bundoran huet eng räich kulturell Geschicht, déi bis an d’achtzéngt Joerhonnert zeréckgeet, wéi d’Stad als Kuruert bekannt gouf. D’Heelkraaft vun der Mieresloft an dem Mierwaasser huet vill Leit ugezunn, déi Erliichterung fir hir Beschwéiere gesicht hunn. Dës Traditioun lieft bis haut weider, well Bundoran nach ëmmer e beléifte Plaz fir Erhuelung ass. D’Stad ass Heemecht vu ville kulturellen Eventer a Festivaller. D’Sea Sessions Surf and Music Festival am Summer zitt vill Visiteuren un, déi Live Musek, Surfwettkämpf a Strandfestivitéiten genéissen. Dat Rory Gallagher International Tribute Festival Enn Mee zu Ballyshannon, gewidmet dem berühmten irësche Blues Gitarrist, ass en anert Highlight. Bundoran ass och fir seng traditionell irësch Musek a säi folkloristeschen Danz bekannt. An de lokale Pubs an Eventlokaler gëtt reegelméisseg Live Musek gespillt, wou Visiteuren déi lieweg Kultur vun Irland aus no erliewe kënnen.
Bundoran ass eng Stad, déi mat hirer natierlecher Schéinheet an hire kulturelle Räichtümer beandrockt. Mat hirer häerzlecher Atmosphär, de ville Méiglechkeeten an hirem dynamesche kulturelle Liewen ass si e ganz besonnescht Zil fir eng Rees op Irland.
Laura Gaul
Jil Steyer