Offere fir Senioren
Foto-seniors-header

Iessen op Rieder

Foto-SERVIOR_RSR_voiture

Dir hutt gären ofwiesslungsräich, frësch preparéiert an equilibréiert Menuen, ouni selwer ze kachen? All Persoun iwwer 65 Joer, respektiv eeler oder krank Persounen, déi hir Moolzecht net selwer kënnen zoubereeden, kënne vum Service ,,Iessen op Rieder'' profitéieren.

Fir weider Informatiounen, besicht eis Säit iwwert de Service Iessen op Rieder

Seniorenturnen

Foto-CoursGym-1

D'Gemeng Nidderaanwen bitt Turnstonne fir Leit iwwer 65 am Sportkomplex "Am Sand" zu Nidderaanwen un an dat Dënschdes vun 10:15 bis 11:15 Auer.

Den 1. Cours 2024/2025 fänkt en Dënschdeg, den 24. September 2024 un.

Wann Dir interesséiert sidd, da mellt Iech w.e.g. beim Gemengesekretariat un bis den
15. September 2024.

Fir weider Informatioune kontaktéiert wgl. den Herr Christophe Junker per Telefon um 34 11 34-48 oder per E-mail via christophe.junker@niederanven.lu.

CIPA Gréngewald

Foto-CIPA-Gréngewald

Net wäit vum Naturschutzgebitt ,,Aarnescht'' a sengem protegéiertem Orchideeëgebitt befënnt sech den CIPA Gréngewald zu Nidderaanwen, dat fir Mënschen iwwer 65 Joer oppen ass. Dat interdisziplinäärt Fleegekonzept baséiert op enger globaler Betreiung a Fleeg vun eelere Mënschen: onofhängeg dovun, ob d'Seniore ganz onofhängeg oder dependant sinn, begréisst den CIPA Gréngewald se an engem agreabelen a conviviale Kader.

 

 

Kontakt:
8, rue Routscheed
L-6939 Niederanven
T.: 34 72 70-1
E.: info.grengewald.lu@sodexo.com

Fir weider Informatiounen, besicht d'Internetsäit vum CIPA Gréngewald: www.grengewald.sodexoseniors.lu.

HELP Syrdall Heem

Haut besteet d'Fleegeteam aus ongeféier 80 Mataarbechter, déi sech ëm Leit doheem an am Foyer de jour Niederanven këmmeren.

HELP Syrdall Heem bidd folgend Servicer un: 

  • Deeglech ambulant Betreiung bei Iech doheem (Infirmier)
  • Fleeg fir all Generatiounen doheem, 7/7
  • Gratis Berodung an Informatiounen
  • Foyer de jour fir Senioren zu Nidderaanwen
  • Club Aktiv Plus "Club Syrdall"
  • Help 24, Noutruffsystem iwwer Alarmknäppchen
  • Bluttanalysen doheem mat "Picken Doheem"
  • Nout- a Fräizäitënnerkonft (Vakanzebetter)
  • Iwwerwaacht Fräizäit- a Vakanzenaktivitéiten mat qualifizéiertem Fleegepersonal
  • Akafs- an Haushaltshëllef
  • 24-Stonne Noutfallversuergung

Kontakt:
6, Routscheed
L-6939 Nidderaanwen
T.: 267026
E.: info@help.lu

Fir weider Informatiounen, besicht d'Websäit www.help.lu

Club Aktiv Plus "Club Syrdall"

Zënter 2005 huet de Club Senior/Club Aktiv Plus, och bekannt als "Club Syrdall", sech als Haaptmissioun gemaach, véier Mol am Joer Fräizäitaktivitéite fir d’Generatioun 60+ unzebidden: Kultur, Sport, Informatioun, Liewenslaang Léieren, Treffen, Ausflig a villes méi.

Jiddereen deen interesséiert ass ass wëllkomm. Eng Memberskaart ass net erfuerderlech!

Kontakt: 
1, Square Peter Dussmann
L-5324 Contern
(Chaux de Contern)
T.: 26 35 25 45
E.: club-syrdall.croix-rouge@help.lu

Fir méi Informatiounen, besicht w.e.g. d'Websäit www.help.lu.

Wunn- a Fleegeheem ,,Beim Goldknapp'' zu Ierpeldeng un der Sauer (ALA)

D’Gemeng Nidderaanwen verfüügt iwwert een Prioritéitsrecht am Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ zu Ierpeldéng un der Sauer, dee spezialiséiert ass op d’Fleeg an d’Betreiung vu Mënsche mat Demenz.

D’Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“, dat vun der Associatioun Lëtzebuerg Alzheimer (ALA) geréiert gëtt, bitt eng Infrastruktur a Fleegedéngschter un, déi speziell un d’Demenzsymptomatik vun de Bewunner ugepasst sinn.

Zum Beispill:

  • e komplett barrièrefräit an orientéierungsfërderend Ëmfeld
  • eng ganzheetlech, flexibel Fleeg a Betreiung baséiert op bewäerte Konzepter vun der Demenztherapie
  • individuell ugepasste Fleegekonzepter fir all eenzelne Bewunner
  • geziilt individuell Eenzelfërderung an Therapie ënnert der Leedung vun eise jeeweilege Spezialisten (Ergotherapeuten, Educateuren, Psychologen an Physiotherapeuten)
  • therapeutesch Gruppen a spezifesch Gruppenaktivitéiten
  • eng Participatioun um Liewe vun der Gemeng a Regioun
  • eng enk Zesummenaarbecht mat de Familljenmemberen
  • eng gemeinsam Gestaltung vun engem aktiven Alldag an den eenzelne Wunnunitéiten
  • 13 Wunnunitéiten, déi all aus engem Wunnberäich besti mat Living, Kichen, Iessraum, Terrass an Eenzelzëmmeren (mat engem Buedzëmmer gëeegent fir behënnert Leit) als méi perséinleche Réckzuchsraum fir d’Bewunner
  • eng Fleegeoas fir 9 Persounen

Wéi kënnt Dir Iech umellen?
Wann Dir vum Prioritéitsrecht vun eiser Gemeng wëllt Gebrauch maachen, kënnt Dir Iech un de Sozial- a Koordinatiounsdéngscht vum Wunn- a Fleegeheem, deen Iech dann en Umeldungsformular zoukomme léisst. Mat dësem Formulaire kënnt Dir dann op d’Gemeng kommen an Dir loosst e vum zoustännege Service stempelen an ënnerschreiwen. Vergiesst nët och e Certificat de résidence op der Gemeng unzefroen, dee bestätegt, dass Dir oder déi betraffe Persoun an der Gemeng wunnt.

Ausserdem ass och e kierzlech ausgestallte medizinesche Certificat un de Sozial- a Koordinatiounsdéngscht ze schécken.

Fir méi Informatiounen oder spezifesch Froen zur Umeldung kënnt Dir de Sozial- a Koordinatiounsdéngscht vum Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ ënnert der Telefonsnummer: 26 007 – 1 kontaktéieren. Zousätzlech Informatiounen an eng virtuell Visite fannt Dir um Site vun der ALA.

Kontakt:
Maison de Séjour et de Soins « Beim Goldknapp »
8, Gruefwee
L-9147 Erpeldange-sur-Sûre
T. : 26 007 – 1
E. : info@alzheimer.lu