Aquarell-Workshop
13.10.2026
Kulturhaus Niederanven
- 145, route de Trèves, L-6940 Niederanven
- Aktivitéit am Kader vun de Woche vum mentale Wuelbefannen -
Gënnt Iech eng kreativ Auszäit an entdeckt d’Welt vun de Faarwen!
Am Kader vun de Wochen vun der mentaler Gesondheet 2026 invitéiere mir Iech häerzlech op e Workshop an der Aquarellmolerei, dee fir jiddereen op ass, onofhängeg vu Virkenntnësser oder Erfarung.
De Workshop bitt en entspaanten a wäertschätzende Kader, fir déi eege Kreativitéit ze entfalen, nei Technike kennenzeléieren an sech mat aneren auszetauschen.
Kënschtleresch Aktivitéite kënnen dozou bäidroen, dat mentaalt Wuelbefannen ze stäerken, Stress ofzebauen an dobäi hëllefen, Gefiller a Gedanke kreativ auszedrécken. Am Mëttelpunkt stinn d’Freed um Gestalten, d’Entspanung an d’gemeinsaamt Erliewen.
Egal ob Ufänger oder Ufängerin oder scho mat der Aquarellmolerei vertraut, jiddereen ass häerzlech wëllkomm.
Mir freeën eis drop, zesumme mat Iech en inspiréierenden a kreative Moment am Zeeche vum Wuelbefannen ze verbréngen.
Kënschtlerin: Agnieszka Strzebinczyk
D'Aschreiwunge si limitéiert op maximal 15 Persounen. D'Awunner vun de Gemenge Betzder, Jonglënster an Nidderaanwen hu Virrang.
Delai fir sech anzeschreiwen: 05.10.2026
Aschreiwung: 34 11 34-35 | [email protected]