Gemengeliewen
2026-10-17 00:00:00+02:00

Hondstreff - Gruppespadséiergang mat engem Coach

17.10.2026

Balade-canine
Allgemeng Informatiounen
Datum & Auerzäit: Samschdeg den 17 Oktober 2026 vun 10:00 Auer - 14:00 Auer

- Aktivitéit am Kader vun de Woche vum mentale Wuelbefannen -

Verbréngt zesumme mat Ärem véierbeenege Begleeder e puer entspaant a beräicherend Stonnen an der Natur!

Bei engem gemittleche Gruppespadséiergang hutt Dir d'Geleeënheet, aner Hondsbesëtzer kennenzeléieren, Iech an enger flotter Atmosphär auszetauschen an eng schéi Zäit mat Ärem Hond ze verbréngen.

De Spadséiergang gëtt vun enger Psychologin begleet, déi interessant Ablécker an déi positiv Wierkung vun Déieren op eist mentaalt Wuelbefanne gëtt. Si steet Iech och fir Froen zum Thema Mental Gesondheet zur Verfügung.

Uschléissend erwaart Iech e professionelle Fotoshooting mat Mrs Nature Photography, bei deem flott Erënnerunge mat Ärem Hond festgehale ginn.

Duerno loosse mir dëse schéinen Dag bei engem gesellegen Grillfest am Chalet „Groussebësch“ zu Nidderaanwen auskléngen.

D'Aschreiwunge si limitéiert op maximal 30 Persounen. D'Awunner vun de Gemenge Betzder, Jonglënster an Nidderaanwen hu Virrang.

Plaz: Groussebësch Nidderaanwen (tëscht Nidderaanwen a Roodt-Syre)


Delai fir sech anzeschreiwen: 9.10.2026
Aschreiwung
: 28 13 73-224 | [email protected]