,,Staark ënner Drock – Mental Gesondheet am Sport'' matt Table ronde zum Thema Leeschtungsdrock am Sport
17.10.2026
Centre polyvalent A Schommesch
- 18, rue d'Ernster L-6977 Oberanven
Am Kader vun de Woche vun der Mentaler Gesondheet fënnt den Themenowend ,,Staark ënner Drock – Mental Gesondheet am Sport'' statt. D'Veranstaltung beschäftegt sech mam Thema Leeschtungsdrock am Sport an de Konsequenze fir d'mental Gesondheet.
De Programm ëmfaasst d'Virstellung vun engem Kuerzfilm, an deem véier Athleten hir perséinlech Erfarungen a Perspektiven deelen. Uschléissend gëtt eng Table ronde mat Experten aus verschiddene Beräicher organiséiert, dorënner Sportler, Sportpsychologen a Jugendtraineren. Dobäi gi Froen a Reflexiounen aus dem Publikum opgegraff an diskutéiert.
Froe kënnen am Virfeld un d'Jugendhaus geschéckt ginn a ginn an d'Diskussioun integréiert. Wärend dem Owend besteet och d'Méiglechkeet, iwwer e QR-Code anonym Froen anzereechen.
No der Table ronde besteet d'Méiglechkeet, sech bei engem Patt an enger entspaanter Atmosphär weider auszetauschen.
D'Evenement gëtt a Kooperatioun mam Jugendhaus, Evolve360 an der Gemeng Nidderaanwen organiséiert.
Dësen Event riicht sech souwuel u Jonker wéi och Elteren, Traineren a soss jidderee deen sech mat dësem Sujet befaasst.
Delai fir sech anzeschreiwen: 09.10.2026
Aschreiwung: 34 11 34-48 | [email protected] ; 34 11 34-35 | [email protected]
Aschreiwung fir déi Jonk (11-26 Joer) : Inscription - elisabethjeunesse