Fotoen
Planzaktioun fir déi Neigebueren
Verëffentlecht den 25.11.2025Am Ganze 17 Kanner aus der Gemeng, déi 2024 op d'Welt komm sinn, kruten de 15. November 2025 12 Äppel- a Bierespaléierbeem gesat. Geplanzt gouf um Komplex ,,Am Sand'' um Site vum CIPA ,,Gréngewald'' Niederanven. No der Planzaktioun konnte Grouss a Kleng sech bei engem Iesse stäerken an d'Kanner kruten als Erënnerung un dëse flotten Dag e Schneidbriedchen aus heemeschem Holz mat hirem Numm.
Dës Aktioun gouf zesumme mam NaturTeam vun der Gemeng, dem Gäertnerdéngscht, dem SIAS an der ANF organiséiert.