Douzelage
Eis Ekipp fir den General Meeting zu Preveza
Verëffentlecht den 16 October 2025
Nodeems mir Ufank dës Joers en Opruff an der Gemeng gemaach hunn, fir am Kader vum Douzelage vum 16. bis 19. Oktober op den 49. General Meeting a Griicheland matzegoen, mécht sech eist Team vu 7 Leit dann elo haut, 16. Oktober, op de Wee!
Mir wënschen eisen Delegéierte fir d'Gemeng Nidderaanwen e flotten Openthalt zu Preveza an e produktiven General Meeting!
v.l.n.r.: Dietmar Dumlich (General Meeting), Sophia Binsfeld (Youth Meeting), Jil Steyer (Educational Meeting), Josselijn de Vries (General Meeting), Laurent Dura (General Meeting), Michelle Bingen (General Meeting), absent: Lynn Klein (Educational Meeting).