Gemengeliewen
100. Gespréich wärend der Telefonspermanence vum Buergermeeschter
Verëffentlecht den 06 February 2025
De 6. Februar hat eise Buergermeeschter, Fréd Ternes, säin 100. Gespréich a senger Telefonspermanence. Zanter der Aféierung vun der Permanence am September 2023, hunn hei all Donneschde Moien d'Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng d'Méiglechkeet, hiert Uleies, oder och hir Iddi fir eis Gemeng weiderzebréngen, mam Buergermeeschter ze beschwätzen
En Uleies oder eng Iddi? Reservéiert hei Är Plage vu 15 Minutte via eisen Online-Formulaire!