Gemengeliewen

Nei Buslinn citybus Nidderaanwen

Verëffentlecht den 24 April 2025
citybus-header

Vum 1. Mee u fiert de Citybus duerch eis Gemeng – eng weider Etapp a Richtung nohalteg a biergerno Mobilitéit. 

Aus organisatoresche Grënn gëtt Iernster an de Beiebierg net vum Citybus ugefuer.

Den Arrêt „Beim Bësch“ zu Rammeldang déngt awer als Ëmsteigméiglechkeet fir d’Awunner vun Iernster a vum Beiebierg – do fueren d’Buslinnen 212 an 223, an den Horaire vum Citybus gouf beschtméiglechst op dës Buslinnen ofgestëmmt.

Mir freeën eis op de Start vum Citybus.