Gemengeliewen

Wëllkomm op eisem neien Internetsite

Publié le 15 April 2024
foto-telefonspermanence-bourgmestre

Léif Awunner/-innen, léif Veräiner a Betriber, 

Als Gemeng freeën mir eis Iech op eisem fonkelneien Internetsite ze begréissen.

Nieft engem attraktive Layout an enger benotzerfrëndlecher Konzeptioun ass elo d'Basis gesat fir nach ganz aner Entwécklunge kënnen ze maachen. An den nächste Méint wäert esou och z.B. d'Méiglechkeet vun enger Newsletter agefouert ginn an d'Informatiounen wäerte fir jiddereen nach méi accessibel gemaach ginn.

Wat een op den éischte Bléck net direkt gesäit ass, datt hannert dësem Resultat ee Joer Aarbecht stécht an dofir wëll ech all eise Gemengeservicer villmools Merci soe fir déi exzellent Aarbecht a ganz besonnesch eiser Personal- a Kommunikatiounsekipp, genee wéi der Agence e-connect.

Ech wënschen Iech vill Freed beim entdecken a sollt Iech e klenge Feeler opfalen, da mellt e roueg iwwer communication@niederanven.lu.

Merci

Fréd Ternes