Gemengeliewen

Opléisung vun de Sennenger Heemelsdéiercher mat Scheckiwwerreeschung

Publié le 06 February 2024
05.02.24_Checkiwwerreeschung-Heemelsdéiercher-18

De Méinden, 5. Februar 2024, hu sech d'Sennenger Heemelsdéiercher bei eis op der Gemeng eng leschte Kéier zesummefonnt, fir hire Club no bal 50 Joer Bestoen opzeléisen an déi verbleiwend Suen un d'SOS Kannerduerf, den Office social Centrest an un ,,ZAK! Zesummen Aktiv'' ze spenden. Mir wënschen de Membere vun de fréieren Heemelsdéiercher nëmmen dat Bescht a soen hinne Merci fir déi jorelaang Veräinstätegkeet an eiser Gemeng!