Gemengeliewen

Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen

Publié le 02 April 2024
Signature-Gemengepakt-Zesummeliewen

De leschten Donneschden hu mir a Präsenz vum Minister Max Hahn, als eng vun deenen 13 éischte Gemengen, de Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen ënnerschriwwen. Sou engagéiere mir eis verstäerkt fir déi sozial Kohäsioun an dat interkulturellt a generatiounsiwwergräifend Zesummeliewen vun all de Persounen, déi an der Gemeng liewen oder schaffen.