Urbanismus

Vernissage Concours Waldhaff

Verëffentlecht den 07 February 2025
03_01_Vernissage Projet Waldhaff-1

De Café-Restaurant Waldhaff, verstoppt am Gréngewald, ass eng ikonesch Plaz. Bekannt fir seng einfach a lecker Kichen, huet en an der Vergaangenheet vill Visiteuren ugezunn, déi sech no Natur an häerzhafte Plate geseent hunn. Am Joer 2023 huet d'Gemeng Nidderaanwen dëst historescht Gebai, wat fréier als Zollhaus gedéngt huet, fir ze renovéiere krut. Säit 2018 gëtt et net méi genotzt, et huet en immenst Potential fir eng zukunftorientéiert Notzung am Aklang mat sengem Patrimoine. En Dialogue compétitif gouf initiéiert, fir dëse Raum nei ze gestalten, mam Zil, eng Lëtzebuergesch Brasserie ze schafen, déi harmonesch am Gréngen integréiert ass.

Dëse Projet huet awer och verschidden Defien:

  • Denkmalschutz / Patrimoine: De Café-restaurant Waldhaff ass als Patrimoine communal klasséiert a befënnt sech an enger Natura 2000 Zon, wat en ëmweltfrëndlechen Asaz fir déi historesch Architektur erfuerdert.
  • Raimlech Contrainten: D'Conceptioun vun enger moderner Kichen a vu Raimlechkeete mat genuch Kapazitéit fir d'Sécherstellug vun der wirtschaftlecher Drofäegkeet vum Projet erfuerdert kreativ architektonesch Léisungen.

Am Februar 2024 huet d'Gemeng Nidderaanwen en europäeschen Opruf fir d'Erareeche vu Candidature fir d'Auswiel vun Teams gestart, déi un der Projetsentwécklungsphas deelhuelen. Aus den aacht Candidaturen, déi erakomm sinn, huet de Comité de sélection 3 Ekippe fir déi 2. Phas vum Dialogue compétitif erausgesicht: 

  • Fabeck Architectes – Schroeder & Associés – Goblet Lavandier & Associés
FABECK ARCHITECTES_WALDI_ACNiederanven
  • Moreno Architecture & Associés – Simon-Christiansen & Associés – Building Solutions & Consulting – ATI Concept
MORENO ARCHITECTURE_MORENO_DCWaldhaff
  • Forma architectes – SGI Ingénierie – Luxcuisines Wecker
FORMA ARCHITECTE_1_1_Waldhaff

Dës 3 Teams hu Virschléi ausgeschaft fir d'Neigestaltung vum Café-Restaurant Waldhaff, déi am Kader vun engem Colloque de 24. September 2024 virgestallt goufen. De Nominéierungskommittee, dee sech aus Experten, Vertrieder vu Gemengen, dem HORECA-Secteur an dem Institut National pour le Patrimoine Architectural zesummesetzt, huet d'Team Fabeck Architectes – Schroeder & Associés – Goblet Lavandier & Associés unanimement als Gewënnerteam ernannt.

Zil vum Concours war et, dat bescht Team fir d'Ëmsetzung vum Projet erauszesichen. Elo geet geet et an déi nächst Phas: Den Entworf gëtt weider ausgeschafft an ugepasst, fir déi néideg Naturschutzgeneemegungen ze kréien.