Gemengeliewen

Affichons l'égalité

Publié le 08 March 2024
Weltfraendag24

Am Kader vum internationale Weltfraendag maache mir och dëst Joer bei der Aktioun ''Affichons l'Egalité'' vum CNFL mat. Symbolesch fir d'Fra an eiser Gesellschaft, goufen esou vun eiser Sozialkommissioun 7 Nimm vu Fraen aus eiser Gemeng erausgesicht, fir an all Duerf eng Plaz tëschent dem 8. an dem 31. Mäerz 2024 ëmzebenennen.

Fannt hei drënner méi Infos zu deene 7 Fraen:

Paquet-Tondt

Marie-Antoinette PAQUET-TONDT

Wien huet si an der Gemeng net kannt: dës kleng Madamm, aktive Member am Gemengerot, mat engem groussen Häerz, dynamesch, eenzegaarteg an authentesch an hirem Stil. Säit kuerzem gouf si vun de Gemengenautoritéite fir hir 20 Joer Engagement am Gemengerot zur ,,Conseillère honoraire'' ernannt. 

Si war vill Jore sozial ganz aktiv. Als ,,éiwege Scout'' war si ëmmer bereet, do ze hëllefen, wou Hëllef gebraucht gouf. D'Marie-Antoinette war vun Altruismus gepräägt an huet sech fir déi Benodeelegt an der Gesellschaft agesat; Integratioun a sozial Theme waren hire Motto. An dësem Kader huet si onermiddlech geschafft, sief et als Presidentin vun der Integratiounskommission, der Sozialkommissioun, als Member vum Hospice Civil oder vum Office social. Als Member vum lokale Kommitee ,,Douzelage'' war si ëmmer nees bereet, d'Interessie vun der Gemeng an de Partnerstied ze vertrieden, an huet sech net gescheit, als Gemengendelegéiert oft laang an intensiv Reese matzemaachen. D'Lëscht vun hiren Errongenschaften ass laang. D'Marie-Antoinette huet sech net nëmme fir d'Menschen agesat, ma hat och e ganz grousst Häerz fir Déieren a mat leidenschaftlecher Iwwerzeegung konnt si villen Hënn a Katzen e schéint Doheem schenken.

D'Marie-Antoinette Paquet-Tondt ass den 17. November 2020 verstuewen an hannerléist e grousse Vide an der Gemeng Nidderaanwen. Et wäert laang daueren, bis d'Gemeng nees esou eng engagéiert an aktiv Persoun am Déngscht vun der Gesellschaft erëmfanne wäert.

Quell: 
Commune de Niederanven, Bulletin communal 01/21

Carmes-Heffeniesch

Marie CARMES-HEFFENISCH

Als Mënschenaktivitstin war d'Marie Heffenisch wärend dem Zweete Weltkrich stark an der lëtzebuerger Widerstandsbeweegung engagéiert. Nom Dout vun hirem Mann, dem Sébastian Carmes am Joer 1932, ass si op Diddeleng geplënnert an huet d'Gerance vum Hotel Hengesch iwwerholl. 1941 gëtt an de Räim vum Hotel d'Section locale vum Lëtzebuerger Fräiheetsbond gegrënnt. Den Hotel déngt och als Verstopp fir illegal Zeitungen a Fluchblieder, sou wéi als Schauteng fir siwe Refractairen. D'Marie këmmert sech och ëm gefälschte Pabeieren. 

Den Hotel, deen als Verstopp déngt, gëtt 1944 vum Besatzer entdeckt an d'Marie Heffnisch gëtt verhaft an a Lëtzebuerg an Däitschland an de Prisong geschéckt an uschléissend an d'Konzentratiounslager Ravensbrück deportéiert. Eemoleg Gefaangener, déi mat hir do waren, berichten, dass si zu Ravensbrück net rëmzeerkenne war: si huet jonke Meedercher hiert Iesse ginn mam Argument, dass si schonn al wier an et un deene Jonke wier, den Horror ze iwwerliewen.

D'Marie Heffenisch huet dëse Martyrium iwwerlieft a kënnt 1945 no der Befreiung aus dem KZ op Lëtzebuerg zréck. Si kritt den ,,Ordre de la Résistance''. D'Stied Colmer-Bierg an Diddeleng hunn eng Strooss no hir benannt. 

Sie stierft 1985 zu Nidderkuer.

Quell:
Wikimedia, Creative Commons Attribution-Share Alike 3.0
CNFL, Dépliant : Les rues au Féminin 2022-2024

Hartmann

Marie-Thérèse HARTMANN

D'Thérèse Hartmann, déi den 18. Abrëll 1858 zu Lëtzebuerg op d'Welt komm ass, ass warscheinlech déi éischt Lëtzebuerger Kënschtlerin, déi am Ausland Konscht studéiert huet. Schonn hire Papp, den Antoine Hartmann, vu Beruff Ingenieur, huet a senger Fräizäit Aquarellbiller gemollt a seng Duechter bei hirer kënschtlerescher Ausbildung ënnerstëtzt. Déi talentéiert Thérèse huet hire Studium zu Düsseldorf a spéider zu München gemaach. ,,Im Jahre 1877 hatte die junge Dame derartige Fortschritte gemacht, dass ein wirkliches systematisches Studium gedacht werden musste. Sie zog nach Düsseldorf, wo sie unter der Leitung des bekannten Malers Gustav Süs ein Jahr lang tüchtig arbeitete. (...) in München studierte Thérèse Hartmann mit großem Erfolg hier unter der Leitung vun Professor A Liezen-Mayer". Hir Berufung, d'Portraitmolerei, huet si awer zu Paräis am Fraenatelier vum Carolus Duran a Jean-Jacques Henner fonnt.

E puer vun hire Charakterzich sinn op hir Erzéiung zréckzeféieren. Déi jonk Fra ass couragéis, selbstbewosst an onofhängeg. Si geet hiren eegene Wee an enger Zäit, an där d'Bildung vun de Fraen an ëffentleche Schoule quasi net gefërdert gëtt, wann iwwerhaapt, dann an de Schoulen, déi vun den Nonne geleet ginn. 

Esou aussergewéinlech hir Studië waren, sou aussergewéinlech war och hiren Erfolleg. Dem Thérèse Hartmann ass et gelongen, scho wären hirer Studienzäit hir Wierker kënnen auszestellen. Expoen a Galerien hunn d'Kënschtlerin ënnerstëtzt. D'Lëtzebuerger Land widmet hir en Artikel: ''(.... )°gereifte Künstlerin, die selbstständig mit kunstgeübtem , sicherem Auge den Gegenstand ihrer Darstellung erfasst, in ihrem Geiste künstlerisch gestaltet und mit Meisterhand auf die Leinwand bannt, voll packender Lebenswärme, volldurchgeistiger, der Natur abgelauschte Wahrheit, voll glähenden Colorits".

No hirem Retour vu Paräis bestuet déi jonk Fra de Lëtzebuerger Affekot Mathias Glaesener, dee spéider Procureur Général d'Etat gëtt. D'Koppel kritt 1886 hir éischt Duechter, d'Thérèse-Emilie. D'Thérèse Glaesener-Hartmann setzt hir kënschtleresch Carrière virun. Hir Portraiten an Nature-morten, déi si an engem konventionelle Stil gemoolt huet, ware ganz beléift, awer net eenheetlech appreciéiert. Zu hire bekanntste Biller gehéieren: de Portrait vum Paul Eyschen, den deemolege Premier, a Portraite vun anere Membere vun der Bourgeoisie, wéi beispillsweis de Portrait vum Paule a Jule Ulveling.

Quell:
Centre d’information et de documentation de femmes Thers Bodé (Cid-femmes : KeK : Künsterinnen entdecken, Luxembourg 2008.
Germaine Goetzinger, Antoinette Lorang et Renée Wagener : « …… so lässt die Malweise nicht die Frauenhand erraten“ dans „Wenn nur wir Frauen auch das Wort ergreifen 1880 1950 Luxembourg, Publication Nationale, Ministère de la Culture 1997 pages 267-287.
Ons Stad Nr 77, 2004.
Les rues au féminin 2022-2024

Mayrisch

Aline MAYRISCH - DE SAINT-HUBERT

D'Grënneri vun der biergerlecher Fraebeweegung. 

D'Aline de Saint-Hubert, Duechter vun engem Holz-Grossiste, huet 1894 den Ingenieur-métallurgiste, Emile Mayrisch, deen Direkter vun der ARBED gouf, bestuet. Si huet sech immens fir Konscht a Literatur interesséiert, mee awer och fir sozial Hëllef a Fraerechter. Zesumme mat anere biergerleche Fraen huet si 1906 d'Organisation pour les intérêts de la femme gegrënnt, den éischten Entworf vun enger Fraenorganisatioun zu Lëtzebuerg. Déi enk Verbindung vun der Organisatioun mat liberale Kreesser an déi gutt sozial Stellung vu ville vun hire Memberen, hunn hir politesch Tendenz bestëmmt.1

D'Aarbecht vun der Fraenorganisatioun ass op ganz konkret Beräicher, ewéi Aarbechtsvermëttlung oder Rechtsschutz fir d'Fraen, ausgeriicht. Si leescht och Opklärungsaarbecht, andeems si beispillsweis eng Ëmfro an der Gesellschaft iwwert d'Wunnverhältnesser vun Aarbechterfamilljen duerchféiert. De Veräin organiséiert Virträg - oft mat bekannten auslännesche Feministinnen - iwwer Themen ewéi Kanner- a Mammeschutz, sou wéi iwwert d'Fraewalrecht. 

Déi wichtegst Fërderung vum Veräin ass awer d'Realisatioun vun engem Lycée fir Meedercher. Déi kritesch Situatioun fir d'Lëtzebuerger Fraen am Educatiounsberäich soll sech änneren; si mussen d'Recht op eng gläichwäerteg Bildung kréien. D'Organisation pour les intérêt de la femme fuerdert en ëffentleche Lycée fir Lëtzebuerger Meedercher, déi mat engem Diplôme d'études secondaires hiren Ofschloss maache kënnen. Esou kréie si Zougang zu Unien a kënnen en nennenswäerte Beruff ausüben.2

Nom éischte Weltkrich setzt sech d'Aline Mayrisch-de Saint-Hubert zesumme mat hirem Mann fir eng däitsch-franséisch Entente duerch e kulturellen Austausch an. Si grënnt eng Partie Kommiteeën, déi am Beräich vun der Sozialhëllef aktiv sinn, grënnt d'Lëtzebuerger Rout Kräiz a setzt sech fir eng modern Maternité an. 

An den 1930er Joren huet sech d'Aline Mayrisch-de Saint-Hubert ëmmer méi der Welt vun der Literatur an dem reliéise Mystizismus gewidmet. 1939 ass si a Südfrankräich wunne gaangen, wou si och 1947 gestuerwen ass.3

De Lycée Aline Mayrisch an der Stad ass no hir benannt. 

Quell:
Fraendag.lu
1
 Germaine Goetzinger, Der ‘Verein für die Interessen der Frau’ oder Bürgerliche Frauenbewegung in Luxemburg, in Germaine Goetzinger, Antoinette Lorang, Renée Wagener (Hrsg.) “Wenn nun wir Frauen auch das Wort ergreifen…”, Luxembourg 1997, S. 63-79.
2 Germaine Goetzinger, Nie wöllt ech an dem Lycée sinn, Dur gi’ fei’ Médercher net hin, in Ons Stad Nr. 77 2004, S. 19.
3 Sonja Kmec, Renée Wagener (et al.), Frauenleben–Frauenlegenden. Ein Streifzug durch 1000 Jahre Stadtgeschichte: Persönlichkeiten, Geschichte(n) und Hintergründe, Luxembourg 2007, S. 32.

Jacquemart-Jaans

Josephine JACQUEMART-JAANS

D'Joséphine Jaans ass de 6. September 1980 als eelste vu 7 Kanner zu Rëmeleng op d'Welt komm. Verantwortung iwwerhuelen a kämpfe sinn Ausdréck, déi d'Meedche scho mat 10 Joer kennegeléiert huet, wéi säi Papp onerwaart gestuerwen ass. 

Aktiv an engagéiert setzt d'Joséphine sech onmëssverständlech fir de Sport an a mécht dësen och zu hirem Beruff. No zwee Turnstagen zu Neufchâtel an der Schwäiz fänkt si als jonk Léierin 1916 am Lycée des Jeunes Filles zu Esch un. Leider brécht sech d'Sportlerin bei engem Zuchaccident d'Been, wat si dozou zwéngt, hir Plaz ze kënnegen.

D'Joséphine engagéiert sech awer weiderhi fir d'sportlech Aktivitéite fir Fraen. D'Aféierung vun neie Methoden am Sportscours war zu dëser Zäit eng schwéier an heikel Ugeleeënheet. Mee d'Joséphine Jaans gëtt trotz grousser Widderstänn net op. Hir Hartnäckegkeet an Energie weist si och an hire perséinleche sportlechen Aktivitéiten. Tëschent 1915 an 1918 huet si un zuelräiche Kompetitiounen deelgeholl an ass esou guer Meeschterin am Plongeon ginn. 1920 bestuet si de Gust Jacquemart, den eemolege President vum Comité olympique. D'Koppel kritt zwee Kanner, Lexy a Susy.

Hiert Engagement ass nach méi grouss ginn an zesumme mam Andrée Mayrisch an dem Paula Weber huet si 1925 d'Fédération Luxembourgeoise des Sports Féminins, dat éischt offiziellt Organ fir de Fraesport, op d'Been gestallt. Fir d'Legitimitéit an d'Raison d'être vum Verband ze beweisen, sichen d'Grënnerinnen no enger Disziplin, déi nei Memberen unzéie kéint. D'Wiel fällt op de Basket. Den Erfolleg huet net laang op sech waarde gelooss a schon 1926 goufen et zu Lëtzebuerg 14 Fraenekippen. Dat selwecht Joer huet déi éischt Meeschterschaft am Lycée des Jeunes Filles um Lampertsbierg stattfonnt. Obwuel d'Joséphine Jacquemaart-Jaans ufangs gutt gespillt huet - si war Spillerin, Trainerin a Schidsrichterin - war hir Entreprise wéinst de finanzielle Mëttelen, déi si net haten, an der Fro vun der Kleedung vun 1929, dem Scheitere verurteelt. Déi traditionalistesch Tendenzen vun der deemoleger Zäit weie schwéier a boykottéieren dës ,,Fra ouni Schamgefill''. 

D'Joséphine Jacquemart-Jaans behält hir Entschlossenheet bäi an organiséiert 1937 déi drëtt Fête fédérale de Gymnastique Féminine, bei dem si stolz un der Spëtzt vum Ëmzuch marschéiert. Och d'Joren nom Zweete Weltkrich ënnersträichen de Mutt vum Joséphine Jacquemart-Jaans, déi sech mat hirem Jong der Widderstandsbeweegung uschléisst. Allen zwee schaffe si bei der L.P.L. (Lëtzebuerger-Patrioten-Liga). Enn 1941 gëtt si zesumme mat villen anere Resistenzler verhaft a verbréngt zwee Joer am Prisong. 

Nom Krich engagéiert sech d'Joséphine Jacquemart-Jaans an der Loterie Nationale. Si gëtt och bei de Guiden aktiv a kandidéiert 1951 an 1957 fir déi liberal Partei DP. Bis zu hirem 95. Liewensjoer schwëmmt si nach zweemol d'Woch. D'Joséphine Jacquemart-Jaans stierft de 6. April 1988. D'Sportspionéierin huet net nëmmen de Fraesport etabléiert, mee och fir d'Akzeptanz vun de Fraen an der Sportswelt an an der Lëtzebuerger Gesellschaft gekämpft. 

Quell:
CNFL : Dépliant « Rues au Féminin » Edition 2015.
Portraits de femmes célèbres luxembourgeoises par Katja Rausch, Karà éditions, 2007.
Germaine Goetzinger, Antoinette Lorang et Renée Wagener : « …… Les débuts du sport féminin » dans « Wenn nun wir Frauen auch das Wort ergreifen“ 1880-1950, Luxembourg, Publication Nationale, Ministère de la Culture, 1997 pages 262-266.
Ons Stad 77/2004 : « Dat Geschleefs musse e fir allemol en Enn kréien“ page 13.

Peckels

Barbe PECKELS

D'Barbe Peckels war eng vun deenen éischte weibleche Proprietärinnen a Geschäftsleederinnen zu Lëtzebuerg. Am Joer 1852 keeft hire Mann en Haus, dat grad gebaut gëtt, an der Uertschaft La Gaichel a fänkt zesumme mat him de Betrib vun enger Ferme Auberge un. Deemools koume Wanderer heihin, fir déi einfach regional Kichen an d'Spezialitéite vum Barbe Peckels ze genéissen, déi e richtegt Talent am Kachen hat. Als Leederin vum Familljebetrib bis zu hirem Dout am Joer 1906 ass hiren Esprit omnipresent. D'Auberge huet sech awer wuel am Laf vun de Jore verännert, haut zielt den Domaine de La Gaichel zwee Hoteller an dräi Restauranten. 

Säit der Grënnung ass den Domaine de La Gaichel vun der Mamm un d'Duechter weiderverierft ginn. De Familljebetrib gëtt am Moment an der sechster Generatioun vun enger Fra geleet!

Quell:​
Femmes Pionnières du Luxembourg asbl

Siebenaller

Noémie SIEBENALLER

D'Noémie Siebenaller a säin Aarbechtskolleeg, Camille Arend, sinn de 24. Juli 2014 um Réckwee vun enger benevoller Missioun am Burkina Faso Affer vun engem schrecklechen Accident ginn. 

D'Noémie an de Camille waren allen zwee Membere bei der ONG ,,ASDM - Le soleil dans la main''. Dës Organisatioun ass 2002 am Norde vu Lëtzebuerg gegrënnt ginn, mam Zil, e Bäitrag bei der Entwécklungshëllef an de ländleche Gebidder am Furkina Faso ze leeschten. Déi zwee Lëtzebuerger ware grad vun hirer Missioun erëmkomm. 

D'Noémie Siebenaller an de Camille Arend sinn zu der Lëtzebuergerin an dem Lëtzebuerger vum Joer 2014 genannt a posthum fir hiert Engagement ausgezeechent ginn. 

Quell:
www.lessentiel.lu
www.virgule.lu
www.rtl.lu