Haus zu Haus Verkeef
Verëffentlecht den 09 January 2025Wosst Dir, dass Dir laut dem Reglement vun Abrëll 2014 iwwert d'Hauséieren (''Kolportage'') zu Lëtzebuerg, den Demarchage un der Hausdier verbidde kënnt, andeems Dir z. Bsp. een Autocollant „Non au colportage“ op Är Bréifkëscht oder Entréesdier pecht? Wann Dir keen esou ee Sticker hutt, kënnt Dir dem Professionellen nawell soen, dass e goe soll an/oder net méi erëm komme soll. An dësem Fall muss de Professionellen Äre Wonsch respektéieren, wann Dir net wëllt demarchéiert ginn.
Trotzdeem huet d'Direktioun fir Konsumenteschutz eng Rei vun net gemelten oder net versécherten Aktivitéite festgestallt, déi séier schwéier Konsequenze fir de Konsument mat sech brénge kënnen, wéi Fusch um Bau oder grouss Präisschwankungen tëschent dem ofgemaachene Präis an der Rechnung no den Aarbechten.
Dowéinst proposéiert eis d'Direktioun vum Konsumenteschutz en Dossier mat nëtzleche Rotschléi, wéi mir eis géint esou Situatioune schütze kënnen.
D'Autocollante vum Typ ,,Non au colportage'' kritt Dir iwwregens an der Receptioun vun der Gemeng, an awer och iwwert den Online-Formulaire vun der Direktioun vum Konsumenteschutz.