Gemengeliewen

Internationalen Dag géint d’Gewalt u Fraen

Verëffentlecht den 25 November 2025
14.11.25_LetzSayNoToViolence

Haut, um Internationalen Dag géint d’Gewalt u Fraen, erënnert d’Gemeng Nidderaanwen un all d'Fraen a Meedercher, déi Affer vu Gewalt goufen an sinn. Mir appelléieren un d’Gesellschaft, fir sech fir eng méi sécher a méi gerecht Welt anzesetzen.

All Fra op dëser Welt huet d’Recht op Fräiheet, Respekt a Sécherheet. Dofir soe mir als Gemeng kloer NEEN zu all Form vu Gewalt géint Fraen.