Ëmwelt

Lëtzebuergesch Gemenge forméiere sech nei géint Atomenergie

Verëffentlecht den 19 November 2025
Header-Atomenergie

Ëmmer méi Letzebuergesch Gemenge sprieche sech zesumme géint d'Atomenergie aus. 

Am Kader vun der ,,Allianz vun de Gemenge géint d'Atomenergie'', déi am Summer op Initiativ vum Buergermeeschter vu Réiser, dem Tom Jungen, relancéiert gouf, ass an der Gemengerotssëtzung vum 14. November 2025 d'Resolutioun géint d'Nuklearenergie a fir den Ausbau vun den erneierbaren Energien gestëmmt ginn.